Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E schwéiere Generalverdacht

Chronik

E schwéiere Generalverdacht

"Falsch Informatioun a Fake News um 100komma7": dat sinn d'Schlagwierder, mat deenen d'Beweegung Wee2050 / Nee 2015 op Facebook opmierksam gemaach huet. Hannergrond ass ee Bäitrag iwwer d'Migratioun, deen dëse Radio Enn vum leschte Joer bruecht hat. Wee2050 / Nee 2015 weist op Feeler hin, an doduerch gëtt dat, wat Journaliste publizéieren, hannerfrot. Dat ass eng gutt Saach. Problematesch ass awer de Virworf vu Fake News.

auto_stories

4 min

D'Christiane Kleer fënnt et problematesch, wa Journaliste pauschal veruerteelt ginn. Foto: Archiv.

Een Aveu vir ewech: och Journalisten ënnerlafe Feeler. An de radio 100,7 ass, grad wéi all anert Medium, net onfeelbar. Sou ass et also komm, datt mir Enn Dezember ee Réckbléck zum Thema Migratioun publizéiert hunn, an deem eng Formulatioun méi präzis hätt misste sinn, an eng Zuel net konsequent genuch hannerfrot gouf. Dowéinst hu mir gëschter eng Richtegstellung publizéiert, déi op Facebook nozeliesen ass.

Journaliste mussen Informatiounen hannerfroen

Et ass wichteg, datt eis Nolauschterer eis op esou Feeler opmierksam maachen. Mir si souwisou frou an oppe fir all Feedback zu der Manéier, wéi mir eis Sujeten auswielen a wéi mir u se eruginn. Mir gehéieren net eis, mee der Allgemengheet. An et ass eisen Optrag, dës Allgemengheet korrekt ze informéieren, sou wéi et dat iwwregens d'Aufgab vun all Journalist ass, ob en elo an engem privaten oder ëffentleche Medium schafft.

A jo: korrekt informéieren heescht eben och, sech froen, ob wierklech all Dag honnerte Mënschen am Mëttelmier stierwen oder ob eis an engem Interview eventuell eng pauschal Zuel genannt gëtt, déi net stëmmt. Korrekt informéieren heescht och: Nofroen, ob d'Firma Fage tatsächlech 60 Millioune Steieren an de leschten zwee Joer bezuelt huet, an net genee déi Ausso vum Wirtschaftsminister Schneider matzen am Wahlkampf 1:1 iwwerhuelen - sou geschitt am Hierscht dëst Joer.

Jiddwerengem kann ee Feeler ënnerlafen

An et heescht: dat, wat mir vun der Realitéit wëssen, esou no wéi méiglech erëmzeginn an esou ze beschreiwen, datt se fir déi, déi eis liesen, lauschteren a kucken, kloer verständlech ass. Dat geléngt, net nëmmen dem 100,7, net ëmmer.

Mee nach ee Beispill an eegener Saach: dës Woch war an eisen Noriichten ze héieren, datt de Moment eng 900 Journalisten hei zu Lëtzebuerg aktiv wieren. Dat stëmmt net, et sinn der ronn 500. Allerdéngs krute mir dozou keng Réckmeldung, mol net vum Presserot. Firwat? Ee Grond kéint sinn, datt keen een Interêt dorun huet, aus där falscher Zuel Kapital ze schloen. Dat ass beim Wee2050 an dem Thema Migratioun anescht.

Fake News: Gewollt falsch Informatioune verbreeden

Eppes muss een hire Vertrieder Fred Keup an Tom Weidig an deem Kontext zu gutt halen: wéi ee Facebook-User schreift "Lügenpresse?" äntweren si: "Ligen ass, wann een express eng Onwourecht seet". An "dat ass net konstruktiv". Domat sollt de Virworf, mir géifen absichtlech falsch informéieren, eigentlech aus dem Raum sinn. Ass en awer net.

D'Auteure vu Wee2050-Post ënnerstellen an hirem Text dem radio 100,7 nämlech wuertwiertlech Fake News. Dowéinst e kuerze Rappell: vu Fake News geet rieds wann Noriichte gefälscht ginn, fir esou eben express Ligen ze verbreeden.

Ee Feeler a Fake News: Et gëtt en Ënnerscheed

E klassescht Beispill: Silvester d'lescht Joer kënnt et zu Dortmund zu Ausernanersetzunge bei enger Kierch. Eng 1.000 jonk Männer, haaptsächlech Auslänner, versammelen sech a schéisse Freedefeier, ënner anerem op d'Polizisten. Een Netz, dat un engem Baugerüst un der Kierch hänkt, geréit a Brand. Medie informéiere sech bei den Autoritéiten a berichten.

Dobäi taucht och eng Meldung op, déi grouss Welle sollt schloen: nämlech eng Fake News, déi behaapt, ee Mob hätt op d'Kierch geschoss a se a Brand gesat. Et wier duergaange bei der Police an de Pompjeeën unzeruffe fir gewuer ze ginn, datt dat net stëmmt. Tëschent esou enger Fake News an also enger geziilten Desinformatioun, an engem ongléckleche Feeler, deen engem Journalist kann ënnerlafen, gëtt et een Ënnerscheed.

D'Press gëtt ënner Generalverdacht gestallt

Iwwer deen Ënnerscheed ewech ze goen, sou wéi Wee2050 / Nee 2015 et mécht, bedeit déi ganz Press ënner de schwéiere Generalverdacht ze stellen, aus wéi enge Motiver och ëmmer, Noriichten ze manipuléieren. Sou fiddert de Wee2050 / Nee 2015 dann awer den Discours, datt Journaliste per se der "Lügenpresse" ugehéieren. Dat passt zwar iergendwéi gutt an dës Zäiten, ass awer ass eng Virveruerteelung vun der grousser Majoritéit vu Leit, déi hir Aarbecht all Dag sou gewëssenhaft wéi méiglech maachen.

All Kommentar zu eiser Berichterstattung, all Hiweis op ee Feeler fuerdert eis Journalisten eraus. Si sollten eis motivéieren, ëmmer méi präzis ze schaffen an domat eisen Optrag, déi ëffentlech Meenungsbildung ze fërderen, nach besser auszeféieren. Pauschal an onfondéiert Beschëllegungen hunn do näischt ze sichen.