Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Mays'elrim

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Spigel vun Ongläichheeten"

Prostitutioun

"E Spigel vun Ongläichheeten"

Hannert der Prostitutioun géife komplex an individuell Realitéite stoen an de Wee eraus hätt dacks legal Hürden, seet d'Soziologin. Déi meescht Prostituéiert wieren an enger sozial prekärer Situatioun. De Begrëff vun der Vulnerabilitéit vu Prostituéierten, wéi en am Gesetz festgehalen ass, gesäit si éischter kritesch.

auto_stories

2 min

Dat neit Prostitutiounsgesetz, dat déi lescht Woch an der Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit gestëmmt gouf, géif keng Revolutioun lasstrëppelen, mengt d'Soziologin. D'Sybilla Mayer huet eng Doktoraarbecht iwwert de Stroossestréch zu Lëtzebuerg realiséiert.

D'Gesetz verschäerft de legale Kader a penaliséiert de Client, dee bei Prostituéiert geet, déi an enger offensichtlech vulnerabeler Situatioun, mannerjäreg oder Affer vu Mënschenhandel sinn. De Begrëff vun der Vulnerabilitéit gesäit d'Sybilla Mayer allerdéngs éischter kritesch. Hannert der Prostitutioun géife komplex an individuell Realitéite stoen. Dofir wier et schwiereg fir pauschal z'identifizéieren, wou sougenannt fräiwëlleg Prostitutioun ophält a Vulnerabilitéit ufänkt.

Hürden um Wee fir aus der Prostitutioun

D'Sybilla Mayer begréisst déi sougenannt Exit-Strategie, déi Leit ënnerstëtze soll, fir aus der Prostitutioun erauszeklammen.

"Do muss ee sech awer virun Aen halen, datt et immens schwéier ass fir jiddereen eng Aarbecht ze fannen a virun allem da fir Leit, déi, soe mir mol ee 'Lach' an hirem Curriculum hunn, déi näischt opzeweisen hunn. A wann dir dann nach an enger illegaler Situatioun sidd, dann ass de Wee direkt zou. Also ech mengen do sti ganz vill verschidden Hürden op deem Wee vun der Exit-Strategie. Virun allem fir déi Leit, déi keng legal Existenz hei zu Lëtzebuerg schonn hunn. An do ass vläicht de grousse Problem, wou ee sech misst iwwerleeën, wéi een do kann usetzen."

Zënter 2015 hätte fënnef Persounen duerch d'Exit-Strategie de Wee aus der Prostitutioun fonnt.

Ongläichheeten a Muechtverhältnisser

D'Prostitutioun werft eng ganz Partie transversal Froen iwwert d'Gesellschaft op. Et wier e Spigel vu verschiddenen Ongläichheeten an der Gesellschaft:

  • Ekonomesch,
  • Gender,
  • Administrativ a
  • Legal Ongläichheeten.

Do kéimen och Muechtverhältnisser zustanen "tëscht deenen, déi vun hei sinn, an deenen, déi vun enzwousch anescht kommen. Mann a Fra." Dat géif immens matspillen, esou d'Soziologin.

"Iwwert eise Schied sprangen"

De komplexe Sujet vun der Prostitutioun, mä och d'Sexualitéit an d'Ongläichheeten am Allgemengen, misste méi oppen an der Gesellschaft an an der Schoul diskutéiert ginn, esou d'Sybilla Mayer. Och fir enger Tabuiséierung entgéint ze wierken. Wann een iwwert säi Schied géif sprangen an oppe géif schwätzen, da kéint een och méi oppen u verschidden Themen erugoen. Och, wann déi Themen immens komplizéiert wieren, an et och keng "Jo" oder "Neen" Äntwert géif ginn, esou d'Sibylla Mayer.