Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Sylvain Luc - Giant Steps/Goodbye Marylou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Vollek huet gewielt

US-Presidentschaftswahl

E Vollek huet gewielt

De Succès vum Donald Trump huet méi wéi eng Facette. D'Responsabilitéit läit besonnesch bei der politescher Klass, déi dem Multimillionär den Terrain iwwerlooss huet – ma och an Europa ass esou en Zeenario méiglech. Ee Kommentar vum Marc Glesener.

auto_stories

3 min

Marc Glesener

Et war e besonnesch haarde Walkampf. Den Duell Clinton-Trump ass dacks iwwer d’Grenze vun deem gaangen, wat ee bis elo an der politescher Ausernanersetzung gewinnt war. Elo gëtt et ee Gewënner a ganz vill Froen a Reaktiounen.

Bleiwe mir bei de Reaktiounen an Europa. Et fält op, wéi hefteg do d'Reaktioune sinn - och déi, vun offizieller Säit. Déi eng hu vu Katastroph geschwat, déi aner hu sech schockéiert gewisen. Kaum een huet mat deem Saz ugefaangen, deen een als verantwortleche Politiker eigentlech misst soen: "Et huet en Vollek gewielt an eng demokratesch souverän Decisioun geholl." Dëst ass onbedéngt z'akzeptéieren – och wann een sech en anert Resultat gewënscht hätt.

Eng Reality Show

Mee och an der Reaktioun geet et weider mam Polariséieren a mam Splécken. Gutt - Schlecht, schwaarz - wäiss. Et gëtt a Kategorië geduecht an argumentéiert. Esou war et déi ganz Zäit am Walkampf. A gutt matgemëscht a provozéiert hunn och d’Medien. Och si missten am Fong hir Roll am Walkampf an hir Verantwortung um Resultat kritesch hannerfroen. Si missten sech och d’Fro stellen, ob et richteg war, net Themen a Virschléi an de Mëttelpunkt ze stellen, mee alles dat, wat an d’Rubrik vun de Skandaler fält. De Wahlkampf war eng enorm Reality-Show. De Gewënner ass deemno deen, dee sech an dëser Spart am beschten auskennt.

Net nëmmen an den USA ...

Et sollt een d’Defaite vun der Hillary Clinton allerdéngs net nëmme mat Formfroen erklären. An den USA ginn et ëmmer méi Leit, déi enttäuscht vun der Politik an de Politiker am allgemenge sinn. Si gesinn, datt hir Problemer net zolidd a konsequent ugepaakt ginn. Si mierken, datt sech hir Situatioun net verbessert. Dat frustréiert a motivéiert fir politesch ze handelen.

Dat, wat elo an den USA geschitt ass, kann och op anere Plaze Realitéit ginn – virun allem dann, wann et net zu enger richteger, ongeschéinter Analys vun de Problemer kënnt. Wann d’Problemer net mam Numm genannt ginn. A wann d’Léisungen duerno net konsequent duerchgesat ginn. Kapital aus esou Situatioune vun Net-Handelen, zéien d’Populiste mat den einfache Léisungen, de flotte Spréchelcher an de radikale Positiounen.

... och hei

Den Trump elo ze verdäiwele bréngt näischt. Et ass ewéi esou dacks, vill méi komplizéiert. Mir Europäer sollten op alle Fall ophalen, ze maachen ewéi wann esou eppes bei eis net kéint geschéien. Och hei ginn et der an der Politik vill, déi keng kloer Linn hunn. Déi sech net traue fir Decisiounen ze huelen, an an ale konservativen Denkmustere stieche bliwwe sinn. Domat bewege si sech ëmmer méi wäit ewech vun de Problemer an de Suerge vun de Leit.

Dës Distanzéierung mécht aneren de Wee fräi. An den USA, engem egozentresche Multimillionär, deen et fäerdeg bruecht huet, sech als de Verdeedeger vun de klenge Leit opzespillen. Dat muss een emol bréngen.