Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E "Waffestëllstand" an Nordsyrien dank Trump

Chronik

E "Waffestëllstand" an Nordsyrien dank Trump

E Waffestëllstand an Nordsyrie gouf zu Ankara annoncéiert. Den amerikanesche Vize-President Mike Pence war vum Donald Trump an d'Tierkei geschéckt gi fir d'Kämpf tëschent der Tierkei an de syresche Kurden ze stoppen. Den amerikanesche President sot d'Annonce wier eng grouss Victoire fir d'Zivilisatioun.

auto_stories

2 min

E Waffestëllstand gëtt normalerweis vun zwee Géigner ënnerschriwwen. An dësem Fall wieren dat d'Tierkei an déi syresch Kurde gewiescht. An d'Tierkei selwer seet, et ass guer kee Waffestëllstand, et ass just eng Paus.

Dat huet den amerikanesche Vizepresident net dovun ofgehalen no stonnelaangen Negociatiounen zu Ankara stolz d'Annonce ze maachen. Den Donald Trump hat de Mike Pence, den Ausseminister Mike Pompeo, a säin nationale Sécherheetsberoder an déi tierkesch Haaptstad geschéckt fir Ausernanersetzungen ze stoppen, déi mam Réckzuch vun amerikaneschen Truppen ugefaangen haten.

En Accord fir déi ganz Zivilisatioun?

Zeréck an den USA huet den Donald Trump sech gefreet an huet vun engem gudden Accord fir d'Tierkei geschwat. Dat stëmmt. Mee datt et och e gudden Accord fir d'USA, fir d'Kurden, a fir déi ganz Zivilisatioun ass, dat kann a Fro gestallt ginn.

D'USA verléieren d'Kontroll am Nordoste vu Syrien, wou d'Truppe vum syresche President Bashar al-Assad an déi vum russesche President Vladimir Putin elo déi eidel Plaz iwwerholl hunn. E gudden Accord fir d'Kurden? Si schéngt kee gefrot ze hunn, mee den US-President seet, datt Millioune Liewe gerett goufen, een Dag nodeems hie sech vum ganze Krich a Syrien distanzéiert hat.

Kritik vu béide Säiten

E rare Phenomen zu Washington geschitt dëser Deeg: Demokraten a Republikaner kritiséieren de President, och wa vill vu senge Supporter am Kongress trotzdem net fir eng Condamnatioun vum Trump sengem Réckzuch gewielt haten.

D'Tierkei kritt alles, wat si wollten: eng theoretesch neutral Zon, déi vun der tierkescher Arméi kontrolléiert gëtt an amerikanesch Sanktiounen, déi verschwannen, wann de sougenannte Waffestëllstand sollt unhalen.

Eent ass sécher: d'Kurden an d'USA si keng Alliéiert méi. No jorelaangem Kämpfe matenee géint d'IS-Terrorgrupp maachen d'USA der Tierkei, Syrien a Russland de Wee fräi.