Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech fannen dat net gutt"

Koalitiounsgespréicher bei der LSAP

"Ech fannen dat net gutt"

Duerch déi verschidde Leaken a Bréiwer, déi un d'Ëffentlechkeet kommen, géif d'LSAP wéi eng "Chaosequipe" do stoen, bedauert den Etienne Schneider. Dat wiere gréisstendeels Memberen, déi sech net a Parteigremie wiele gelooss hätten.

auto_stories

3 min

Etienne Schneider

Ouni de Wuesstum kéint een näischt fir d'Leit maachen, seet den alen an neie Wirtschaftsminister Etienne Schneider. D'Regierung rechent domat, datt dee Wuesstum am Schnëtt pro Joer 400 zousätzlech Milliounen Euro u Steierrecetten abréngt. Déi Sue géifen héich Investitiounen, wéi zum Beispill an d'Mobilitéit an an de Logement, méiglech maachen. Si géifen och Depensen erlaben, déi déi sozial Situatioun vun de Leit verbesseren.

Gratis ëffentlechen Transport duerch Kilometerpauschal géigefinanzéieren

Den ëffentlechen Transport géif duerch d'Senke vun der Kilometerpauschal finanzéiert ginn, seet den Etienne Schneider. Momentan géif den ëffentlechen Transport dem Staat ronn 30 Milliounen Euro u Recettë bréngen. Well am Koalitiounsaccord festgehale gouf, datt den ëffentlechen Transport gratis géif ginn, mussen dës Recettë kompenséiert ginn. "Mir hu jo gesot, mir géife parallel och den Abattement, deen een op der Steiererklärung ka maache fir de Wee op d'Aarbecht, mir géifen dee reforméieren. Dat heescht, datt mir dat iwwer dee Wee géigefinanzéieren op där enger Säit."

Leit, déi net gutt un den ëffentlechen Transport ugebonne wieren oder esou schaffen, datt si den ëffentlechen Transport net kéinte benotzen, kéinten awer nach ëmmer vun der Kilometerpauschal profitéieren, esou den Etienne Schneider.

Diskussioun: Jo, awer intern

Wat den Zoustand vu senger Partei, der LSAP, ubelaangt, hofft den Etienne Schneider, datt déi Leit, déi bis elo virun allem oppe Bréiwer a Mailen geschriwwen hunn, sech an Zukunft an de Parteigremien engagéieren, wann déi am Januar nei besat ginn. D'Diskussiounskultur op de sozialistesche Kongresser wier "gutt a wichteg" fir eng basisdemokratesch Partei. D'LSAP géif sech awer futti maachen, well se sech no bausse wéi eng "Chaosequipe" duerstelle géif. "Dat sinn all déi Leaken, déi ëmmer erëm an d'Press kommen, déi Maile vun onzefriddene Memberen, déi Bréiwer, déi Memberen da schreiwen, ëffentlech, un d'Partei, an déi dann un d'Press ginn", esou d'Kritik vum Etienne Schneider.

Dës Fuitte wiere gréisstendeels vu Memberen, déi sech net an e Gremium vun der Partei géife wiele loossen, an déi net an den Aarbechtsgruppe vun de Partei géife matschaffen, oder dat wiere Leit, déi ee jorelaang net méi gesinn hätt.

Diskussiounen ëm de Poste vun der Tess Burton

Iwwer d'Personalfro vun der Tess Burton, déi an de leschten Deeg vill a Gespréich war, sot den Etienne Schneider, datt hien der Tess Burton zwee verschidde Ressorten ugebueden hätt. Am Ufank wier dat de Ministère vun der Sécurité sociale an der Santé gewiescht. D'Tess Burton hätt sech Bedenkzäit bis den nächsten Dag gelooss. Si hätt da gesot, datt dat net déi Dossiere sinn, déi si sech géif virstellen.

Etienne Schneider: "Du hu mir eng Rei Saachen ëmgebaut an dann hunn ech hir d'Kooperatioun an den neie Konsumenteschutzministère ugebueden. An dat war net direkt dat, wat hir zougesot huet a si huet sech dunn nach eng Kéier Bedenkzäit gefrot bis den nächsten Dag. An dunn ass eben dat virkomm, wat virkomm ass, datt een aus der Equipe dunn awer e bëssen ausgeflippt ass an hir d'Meenung gesot huet ..."

Maurice Molitor: "An dat war den Dan Kersch?"

Etienne Schneider: "... datt dat esou awer net geet."