Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pressyes - Purpose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech géif dat selwecht nach eng Kéier maachen"

Chamberspresident

"Ech géif dat selwecht nach eng Kéier maachen"

"Wann ech nach eemol virdru wär, da géif ech et nach eemol just d'selwecht maachen", seet de Chamberspresident Fernand Etgen iwwer deen turbulenten Ufank vun der Sëtzung vu virun aacht Deeg. Déi ganz Oppositioun hat jo do de Plenum verlooss, aus Protest géint dem Fernand Etgen säi Refus fir separat iwwer de Wonsch vun der CSV ofstëmmen ze loossen, déi en zousätzleche Punkt op den Ordre du jour setze wollt. Der CSV huet de Chamberspresident virgehäit, nach ëmmer net mat der Oppositiounsroll eens ze ginn.

auto_stories

2 min

D'Chamber hätt, um Niveau vun der Verwaltung, hir Hausaufgabe gemaach fir wéi geplangt am Hierscht kënnen eng Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne iwwer d'Verfassung ulafen ze loossen. Elo misst an der zoustänneger Kommissioun gekuckt ginn, ob déi Campagne trotz de rezente Revirementer awer duerchgezu gëtt, a wa jo: a wéi enger Form?

De Fernand Etgen huet duerchblécke gelooss, datt hien net mat enger séierer Decisioun an der Institutiounekommissioun rechent, well déi Kommissioun "ebe gewinnt ass, déi do Dossieren an aller Rou a Serenitéit unzepaken. An ech si vun Natur aus en optimistesche Mënsch, an ech gleewe jiddefalls drun, datt [...] mir awer nach op e gutt Enn kommen", esou de Fernand Etgen.

Verfassungsreform: Ass e Kompromëss méiglech?

Zanter engem Strapp scho gëtt an der Chamber un enger Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne ronderëm déi nei Verfassung geplangt. Der CSV schwieft elo awer eng Consultatiounscampagne vir. D'Leit sollen net just gebrieft ginn, mee sech och nach eemol selwer abrénge kënnen.

Ass et méiglech, e Kompromëss tëschent deene verschiddene Virstellungen ze fannen? De Chamberspresident Fernand Etgen ass skeptesch, et géif dovunner ofhänken, mat wat een déi Diskussioune wéilt belaaschten.

"Mee geet een awer hin, esou wéi dat zu engem gewësse Moment an der Presidentekonferenz ugeklongen ass, datt nieft all deenen Dispositioune vum Wahlgesetz, d'Problematik vun den Duebelmandater, den eenheetleche Wahlbezierk awer och nach déi ganz Justiz op de Leescht geholl soll ginn, eben opgrond vun den neien Entwécklunge mat der ganzer Problematik iwwer den Dateschutz: ech mengen, da wäert et jiddefalls schwéier ginn, dee Konsens nach ze fannen."