Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hätt fir den Artikel 7 gestëmmt"

EU-Ungarn Relatiounen

"Ech hätt fir den Artikel 7 gestëmmt"

Den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker huet en Appell lancéiert fir méi Unitéit an der EU, Spaltunge missten iwwerwonnen an d'Kompromëssbereetschaft méi grouss ginn. Wéi soll dat funktionéieren?

auto_stories

2 min

Foto: European Union , 2018 / Etienne Ansotte

A senger Ried hat de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker een zimlecht positiivt Bild vun der EU gezeechent a sech dobäi op déi wirtschaftlech Situatioun bezunn. "D'EU ass aus der Kris eraus", sou säi Constat. Hie geséich awer och "politesch Problemer a grousser Zuel an Europa", seet hien am 100,7-Interview.

Indirekt Kritik un den EU-Memberlänner

D'Kommissioun wëll kee Sënnebock sinn, war och eng vun den Aussoen an der Ried, déi de Jean-Claude Juncker zu Stroossbuerg am Parlament gehalen hat. Indirekt huet hien d'Memberlänner responsabel gemaach fir Saachen, déi net esou lafe wéi se sollen. Drop ugeschwat, firwat hien hei net méi däitlech gëtt, seet de fréiere lëtzebuergesche Premier, hien hätt eréischt déi lescht Woch gesot, datt hien ee grousse Problem mam Viktor Orbán hätt, och déi italienesch Regierung hätt hie méi ewéi eng Kéier kritiséiert.

"Ech hunn ee grousse Problem am Orbán"

"Wann ech Member am Europaparlament wier, dann hätt ech dofir gestëmmt, datt den Artikel 7 am Fall vun Ungarn zu Uwendung kënnt", seet de Jean-Claude Juncker. D'Europaparlament hat sech op deem nämmlechten Dag dofir ausgeschwat huet, datt eng Prozedur géint Ungarn lancéiert gëtt, well d'Land d'Wäerter vun der EU net respektéiert.

Ob d'Fro, firwat d'Kommissioun dës Prozedur net selwer lancéiert huet, huet de fréiere lëtzebuergesche Premier de Fall Polen an d'Spill bruecht: "Mir sinn déi éischt Kommissioun, déi den Artikel 7 net nëmmen an de Mond hëlt, mee en am Fall vu Polen zur Uwendung bréngt".

Wat d'Migratioun ugeet, weist de Kommissiounschef drop hin, datt d'Kommissioun vill Propose gemaach huet. "Ech gesinn net, wou mir doriwwer eraus nach kéinten aktiv ginn."

Unanimitéit ophiewen, fir virunzekommen

Fir virunzekomme muss d'EU a verschiddene Beräicher Decisioune kënnen huelen, och wa verschidde Memberlänner net d'Accord sinn, fënnt d'Kommissioun a proposéiert d'Unanimitéit zum Beispill an aussepoliteschen Dossieren opzehiewen.

Dat kéint och a Steierdossiere geschéien, sou de Jean-Claude Juncker, deen och do fir Lëtzebuerg kee Problem gesäit. Et géif jo ëmmer eng Debatt stattfannen, an där ee seng Interesse verdeedege kann.