Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech kann novollzéie firwat an Europa vill Tierke "Jo" gestëmmt hunn"

Tierkei

"Ech kann novollzéie firwat an Europa vill Tierke "Jo" gestëmmt hunn"

E groussen Deel vun den Tierken, déi a Westeuropa liewen, hunn dofier gestemmt datt de President Erdoğan méi Muecht kritt. De Matthias Kirsch mengt dat wär esou, well den tierkesche President genee den Houfert op d’Natioun verkierpert, mat deem vill Tierken an Europa sech géint d’Stigmatiséierung wieren.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

Wéi den Recep Tayyip Erdoğan 2003 Ministerpresident vun der Tierkei ginn ass, huet Ankara bannent 11 Méint d’Doudesstrof ofgeschaaft. Déi kurdesch Sprooch gouf no jorelaanger Ënnerdréckung erëm zougelooss. Minoritéiten goufe geschützt, d’Meenungsfräiheet verbessert.

De Westen gouf vun engem Richtungswiessel an der Tierkei iwwerrascht, deen e jorelaang selwer gefuerdert hat. D’EU war zouversiichtlech, datt de Recep Tayyip Erdoğan de Mann wier, deen d’Tierkei effektiv kéint an d’Europäesch Unioun féieren.

Och bei Tierken, déi et scho Generatioune virdrun Richtung Europa oder Amerika gezunn hat, war den Erdoğan beléift. „Hiert“ Land war gefrot, onofhängeg – et konnt ee houfreg drop sinn, aus der Tierkei ze kommen.

Den Erdogan war liberal, oppen – awer ëmmer virum tierkesche Fändel. D’Natioun hat ëmmer hir Platz.

E staarke Mann zu Ankara

Den Houfert huet dem Erdogan elo vläicht d’Verfassungsreform gewonnen: Zwee Drëttel vun den Tierken, déi an Däitschland matgewielt hunn, hu “Jo” gestëmmt. Dat sinn iwwer 400 000 Stëmmen: Jo-Stëmmen fir e staarke Mann zu Ankara – fir e staarke Mann, wäit fort.

Awer och e Vote géint déi Prinzipien, déi een an Däitschland selwer géif genéissen? Jo zu engem Regime, dee Journalisten an d’Oppositioun aspäert? Jo, zu engem autoritären Ee-Mann-Staat, deen d’Tierkei elo kéint ginn? Nee, zu der Meenungsfräiheet an de Minoritéiten?

Wei kann dat sinn?

Nach haut, méi wei 55 Joer nodeems déi éischt Tierken an Däitschland agewandert sinn, ginn d’Tierken stigmatiséiert. Bei villen auslännesche Gruppen gëtt d’Nationalitéit net direkt cibléiert. Bei den Tierken awer gëtt et gemaach – dat wees ech aus eegener Erfahrung.

Eng Äntwert op d'Stigmatiséierung

Wann ech während menger Studienzäit Owes mam Vëlo an eng Police-Kontroll komm sinn, da sinn ech – als wierklechen Auslänner an Däitschland – net beleidegt ginn. Tierkesch Frënn, déi an Däitschland op d’Welt komm sinn, e bayreschem Accent an däitschem Pass hunn, awer waren direkt “der Türke”. “Der Türke hat kein Licht am Fahrrad”, an sou weider.

Dat brennt sech an. Dat präägt een. An dorobber reagéieren d’ Leit ganz verschidden. Et gëtt déi, déi sech upassen. An et gëtt déi, déi ëmmer méi houfreg ginn op hir Wuerzelen, op d’Heemecht vun hiren Elteren, oder Grousselteren.

Sou wéi den Erdoğan viru 14 Joer fir eng liberal an oppen Tierkei stoung – sou steet en haut fir e stolze Nationalstaat: D’Kurden sollen am beschten näischt méi ze soen hunn, et zielt just nach eng Meenung – “Turkey First”.

De Recep Tayyip Erdoğan verkierpert genee den Houfert op d’Natioun, dee vill Tierken an Europa brauchen, fir sech géint d’Stigmatiséierung ze wieren. Do ginn déi aner Klengegkeeten, wéi Demokratie a Meenungsfräiheet, liicht ënner.

Datt ee géint Prinzipie stëmmt, déi am Alldag selbstverständlech sinn, ass am Fong net ze verstoen. Firwat esou vill Tierken et awer gemaach hunn? Ech kann et iergendwéi novollzéien.

Commentaire vum Matthias Kirschplay_arrow