Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech probéieren einfach gutt Schi ze fueren"

Matthieu Osch zu Pyeongchang

"Ech probéieren einfach gutt Schi ze fueren"

"D'Opreegung klëmmt" - seet de Matthieu Osch. E puer Stonnen nach, da geet hien un den Depart vum Riseslalom. Et ass säin éischten Optrëtt bei esou engem groussen Event an hie wëllt eng gutt Performance bidden.

auto_stories

1 min

De Matthieu Osch huet sech an de leschten Deeg den Training vun der Weltklass am Riseslalom ugekuckt. "Déi hunn e ganz héijen Niveau"- seet den 18 Joer ale Lëtzebuerger. Hien ass sech bewosst, datt hien do net wäert kënne mathalen. Et géif drëm goen, d'Opreegung ënnert Kontroll ze halen a relax ze bleiwen. Mam Training vun de leschten Deeg ass hien awer ganz zefridden. Dem Matthieu Osch säin Zil ass eng uerdentlech Course ze fueren, sech ze konzentréieren, an dat ze weisen, wat hie kann.

Start 2022 zu Peking?

D'Ambiance bei den Olympesche Spiller gefält dem Matthieu Osch, hie wëllt op jiddefall weider Schi fueren an eventuell 2022 bei den Olympesche Spiller zu Peking untrieden.

Déi éischt Manche vum Riseslalom ass hënt um véierel op zwou eiser Zäit, déi zweet Manche gëtt um véierel fir sechs gefuer. En Donneschdeg start de Lëtzebuerger da beim Slalom.

Lauschterenplay_arrow