Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech si vum Jean-Claude Juncker enttäuscht"

Europapolitik

"Ech si vum Jean-Claude Juncker enttäuscht"

Lëtzebuerg huet nach vill ze dinn am Beräich vun der Steiergerechtegkeet - trotz enger grénger Participatioun an der Regierung. Dat seet de Co-Fraktiounspresident vun de Gréngen am Europaparlament, de Belsch Philippe Lamberts. Hien ass iwwerzeegt, datt déi Lëtzebuerger Steierpolitik manner op Konkurrenz géif setzen, wann déi gréng méi staark an der Regierung vertruede wieren.

auto_stories

1 min

Op dat méiglecht Resultat vun de Grénge bei den Europawahlen ugeschwat, mengt de Philippe Lamberts , dat géif ënner anerem dovun ofhänken, ob Groussbritannie bis dohinn nach an der EU ass oder net. Ronn 10 Prozent vun der grénger Fraktioun am Europaparlament si britesch Politiker. Reng elektoral gesinn hätten déi gréng dofir een Interessi drun, datt Groussbrittannien bei den Europawahlen dobäi wier, sou de Philippe Lamberts.

Den nächste Kommissiounspresident

Wäerten déi gréng da fir de Kandidat vun der EVP - de Manfred Weber - am Fall wou, als Kommissiounspresident stëmmen... dozou sot en Philippe Lamberts: "Il est une certitude assurée que le PPE à lui tout seul n'aura pas de majorité. C'est évident."

De Philippe Lamberts hat 2014 fir de Jean-Claude Juncker, mee géint seng Kommissioun gestëmmt. "Jean-Claude Juncker m'a beaucoup déçu, ça je ne vous ne cacherai pas. Je n'ai pas d'a priori contre tout candidat du PPE, maintenant la question c'est: quel candidat, bien sûr, et pour faire quoi?"


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.