Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech sinn a bleiwen ee Sozialdemokrat"

Récktrëtt Daniel Codello

"Ech sinn a bleiwen ee Sozialdemokrat"

Den Escher Schäffen Daniel Codello verléisst seng Partei: Et géifen insurmontabel Differenze ginn. Am nei gewielte Gemengerot wëllt den Daniel Codello elo als "Onofhängege" sëtzen. Déi Escher LSAP fuerdert, datt den Daniel Codello d'Mandat un d'Partei soll zréck ginn.

auto_stories

2 min

Nodeems d'Escher LSAP hir Majoritéit an de Wahlen den 8. Oktober verluer huet an an d'Oppositioun geet, géif hien net envisagéieren, eng Roll an enger neier Koalitioun ze spillen, seet den Daniel Codello. Hien hätt och kee Kontakt mat enger anerer Partei opgeholl.

D'LSAP huet bei de Gemengewahlen dräi Sëtz zu Esch verluer. Wann den Daniel Codello der Partei dee Sëtz net géif zur Verfügung stellen, géif d'LSAP e weidere Sëtz verléieren, seet de Parteipresident Claude Haagen. Hie kéint sech dem Daniel Codello säin Austrëtt net anescht erklären, wéi datt dee scho virun de Wahle geplangt gi wier.

Escher LSAP ze lénk?

"Ech sinn a bleiwen ee Sozialdemokrat", seet den Daniel Codello. Zu Esch hätt d'LSAP e Wee ageschloen, dee méi lénk-syndikalistesch ugehaucht wier. "Datt am Häerz vun engem Sozialdemokrat d'Sozialpolitik eng wichteg Roll spillt, dat läit op der Hand." Hien hätt all sozial Responsabilitéit zu Esch mat iwwerholl. Et dierft awer net sinn, datt déi rout-rout Oppositioun sech méi un Déi Lénk sollt orientéieren, wéi un enger sozialdemokratescher Ausriichtung.

An engem Communiqué kritiséiert d'LSAP Sektioun Esch, den Daniel Codello géif sech der Responsabilitéit entzéien. Intern Gespréicher iwwer Tensioune bannent der Partei wieren op eng Aart a Weis organiséiert, "déi net der Gerechtegkeet entspriechen", sou den Daniel Codello. Et géifen net déi noutwenneg Conclusiounen dobäi erauskommen, sou datt et net méiglech wier, fir laangfristeg an der Fraktioun matzeschaffen.

De Claude Haagen kritiséiert, hie géif seng eege Politik desavouéieren. Déi Kritik weist den Daniel Codello of, a verweist op seng Efforten an der Integratiounspolitik an an der Réforme administrative.


Daniel Codelloplay_arrow

Claude Haagenplay_arrow