Radioen

On air

Resonanzen  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech sinn net de Jean-Luc Mélenchon"

Parlamentswahlen a Frankräich

"Ech sinn net de Jean-Luc Mélenchon"

Den 18. Juni trieden d'Sophie Rauszer (France insoumise) an de Piyere-Alexandre Anglade (République en marche) bei de franséische Parlamentswahlen géinteneen un. Si wëllen d'Fransousen a Benelux representéieren. Fir d'Kandidatin vun der Lénkspartei ka Frankräich nach vill vu senge Nopere léieren.

auto_stories

3 min

Wëll d'Fransousen am Benelux eng aner Vue op hir Heemecht hunn, wieren dës Legislativen eng Chance a bestëmmte Sujeten e Retard opzehuelen. "Mir hunn eng stolz, awer méi kritesch Vue op Frankräich, wëll mer eben a Benelux liewen", sou d'Sophie Rauszer am Interview mam radio 100,7.

Sou hätte Lëtzebuerg, Holland an d'Belsch zum Beispill bei der kënschtlecher Befruchtung oder der aktiver Stierfhëllef grousse Virsprong op Frankräich. "D'Recht, an Dignitéit ze stierwen, ass an deenen dräi Gebidder garantéiert a bei der kënschtlecher Befruchtung hu mer Jore Réckstand", sou d'Politikerin. Normalerweis wier Frankräich bei sou Froe mat vir bäi, mee heiansdo misst een sech och op anere Platze renseignéieren.

"Net iwwerrascht am 1. Tour"

De Jean-Luc Mélenchon, Presidentschaftskandidat vun FI, hat a Benelux manner Stëmme krut wéi a Frankräich, zu Lëtzebuerg knapps 9,6 Prozent. Och d'Sophie Rauszer konnt am Grand-Duché mat knapps 5 Prozent net gutt ofschneiden, krut deementspriechend an der Belsch méi Stëmmen. Et huet si net iwwerrascht, iwwerhaapt an den zweeten Tour komm ze sinn. "Mir woussten, datt eng Chance besteet. Mir si net ugetruede fir ze verléieren. Mir hu fréi ugefaange Campagne ze maachen a mir sinn direkt op den Terrain gaangen."

Dat staarkt Resultat vun REM a Benelux (52% vun de Stëmmen), a besonnesch zu Lëtzebuerg (60%), féiert d'Sophie Rauszer op den "effet présidentiel" zeréck. "Et gi Wieler, déi net d'Kandidatur vum Piyere-Alexandre Anglade kucken, mee mat hirem Vote d'Majoritéit vum Emmanuel Macron an der Assemblée générale wëlle stäerken."

Eege Campagne

Aus deem Grond misst den FI besonnesch zu Lëtzebuerg weider säi Programm virstellen. "Ee vu mengen éischten Deplacementer an der Campagne war zu Déifferdeng." Och vir de Prozess géint de Whistleblower Antoine Deltour war d'Sophie Rauszer op der Platz. "Mee och meng Kandidatur muss nach méi bekannt ginn, wëll ech hu meng eege Campagne. Ech heesche net Jean-Luc Mélenchon."

Si wëll sech fir besser Rechter a Servicer fir d'Fransousen hei asetzen. "Zënter der Zäit vum Nicolas Sarkozy gëtt et eng bestëmmten Austeritéitspolitik, déi d'Leit och hei betraff huet." Sou géif et zum Beispill vill manner Servicer bei den Ambassaden a Konsulater ginn. Donieft soll de System vun de franséische Schoule weider ausgebaut ginn. "Déi Schoule mussen och opgemaach gi fir Famille mat manner Akommes." D'Sophie Rauszer, déi och vun den Ekologisten ënnerstëtzt gëtt, hätt sech dann och en ëffentlechen Debat mat hirem Konkurrent gewënscht. "De Kandidat vun REM huet awer op meng Demande nach net reagéiert."

Kritik um Géigner

Un hirem Géigekandidat kritiséiert d'Sophie Rauszer, datt hien keen eegene Programm opgestallt hätt. "De Piyere-Alexandre Anglade mécht kéng Propose fir d'Fransousen a Benelux. Ech brauch net ze héieren, wat dem Emmanuel Macron säi Programm ass - dat weess ech, dat hunn ech bei de Presidentschaftswahle matkrut." Et kéint ee net op enger Säit d'Fransousen hei representéiere wëllen, während déi eege Partei op der anerer Säit a Frankräich mam Aarbechtsrecht géif spillen."

Kritik äussert d'Politikerin vun der Lénkspartei awer och um President. "Hannert der politescher Kommunikatioun vum Emmanuel Macron stécht e Sozialprojet, dee geféierlech ass - besonnesch fir déi grouss Mass vun de Leit an de Salariéen." Och de "gouvernement par ordonnances", also datt d'Regierung selwer ka Gesetzer erloossen, wier geféierlech. "Datt am Hierscht den État d'urgence an dat normaalt Recht soll iwwergoen, ass e gutt Beispill fir déi politesch a sozial Gefor, déi op Frankräich duerkënnt."

Den Interview mam Sophie Rauszerplay_arrow