Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech trauen dëser Regierung net"

Logementspolitik

"Ech trauen dëser Regierung net"

"Dës Regierung wäert am Logement scheiteren", ausser si géif hir Politik changéieren, seet den David Wagner.

auto_stories

2 min

Souguer wa massiv méi ëffentlech géif gebaut ginn, da géif een d'Effekter dovun eréischt an zéng Joer spieren, mengt den David Wagner. Et misst awer elo direkt gehandelt ginn, fir datt d'Leit sech erëm Wunnenge kënne leeschten.

"Ech trauen dëser Regierung net. Ech mengen dës Regierung wäert scheiteren am Logement. Et deet mir leed. Mir sinn all betraff, éierlech gesot an et ass e reelle Problem. Ausser si änneren hir Politik, ausser den Här Kox geet duerno mat sengem Pacte logement erëm zeréck a säi Ministère an e mécht eppes Neies an hien iwwerzeegt d'DP iergendeppes wëllen ze maachen. Well déi blockéieren alles, alles, alles."

D'Regierung géif net verstoen, datt déi zentral Fro déi vum Kampf géint d'Buedemspekulatioun wier. Den Henri Kox wéilt jiddweree mat an d'Boot huelen, mee an der Politik kéint een net jiddweree mat an d'Boot huelen. "Iergendwann eng Kéier muss een e Choix maachen.", esou den David Wagner. Net jiddwereen hätt nämlech déi selwecht Interessen:

"D'Promoteure Becca, Gioghetti asw., déi hunn net déi selwecht Interesse wéi den Duerchschnëttsaarbechter, dee mat 2.500 Euro de Mount muss auskommen. Dat gëtt et net. Do muss een e Choix maachen, do muss een awer och kënne kämpfen, an den Här Kox muss wëssen, datt hien dee Choix fir géint déi grouss Promoteure muss huelen. A mir sinn och bereet, hien dobäi ze ënnerstëtzen."

Royal Hamilius: "Eng Katastroph, ee Skandal"

Den David Wagner zweiwelt drun, datt den DP-CSV-Schäfferot an der Stad Lëtzebuerg iwwerhaapt Wunnengsbaupolitik mécht: dat huet den Deputéierte a Member vum Stater Gemengerot däitlech gemaach. Hien huet ënner anerem kritiséiert, datt d'Gemeng eidele Wunnraum net wéilt besteieren. De Bauprojet um Royal Hamilius gesäit den David Wagner kritesch:

"Royal Hamilius dat ass ebe Logementspolitik à la Stad, à la DP, à la CSV, à la Gréng, muss een awer och soen. Et ass eng Katastroph, et ass e Skandal. [...] Well et ass d'Privatiséierung vum ëffentleche Raum. D'Leit musse wëssen, datt an der Stad eng zweet Katastroph wéi de Royal Hamilius geplangt ass, dat ass op der Stäreplaz. Do ass anscheinend och esou e Monstrum geplangt. Och do wäerte Luxuswunnenge geschafe ginn. [...] Si fuere weider mat deem Schäiss. An d'Leit mussen op d'Strooss goen."