Radioen

On air

De Moien  |  Andréck vun engem virwëtzege Reesenden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech verstinn d'Ongedold"

Gesondheetspolitik

"Ech verstinn d'Ongedold"

Et gëtt Reformbedarf am Gesondheetswiesen, soen den AMMD-President Alain Schmit an de Vize-President vun der Spidoolsfederatioun Romain Nati. Doriwwer, wat misst änneren, ginn hir Meenungen awer auserneen. D'Santésministerin Paulette Lenert versprécht Léisungen, dorënner ee legale Kader fir den Extrahospitalier.

auto_stories

5 min

D'LSAP-Gesondheetsministerin Paulette Lenert seet sech zouversiichtlech, datt fir d'Spideeler déi gréisste Belaaschtungsprouwe wéinst Covid elo iwwerstane wieren. Et wier dowéinst hir Hoffnung, datt elo méi Zäit bleift, fir gesondheetspolitesch Reformprojete virun ze dreiwen.

De Generaldirekter vum Stater CHL, Romain Nati, huet betount, datt d'Impfcampagne aus Siicht vun de Spideeler ee groussen Ënnerscheed géif maachen. Déi geimpfte Gruppen wieren zimlech séier net méi an den Hospitalisatiounen opgedaucht. Et misst een natierlech ëmmer virsiichteg bleiwen: "Mir wëssen net mat der indescher Variant an eventuell Varianten, déi nach kéinte kommen, wéi sech d'Situatioun kéint veränneren. Mee mir si preparéiert op alles, wat kéint kommen."

Gesondheetsdësch bis Enn 2021 ofgeschloss

Am Kader vum Gesondheetsdësch gouf déi lescht Méint iwwer d'Stäerkten a Schwächte vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem diskutéiert. A sechs Aarbechtsgruppen hu sech d'Vertrieder aus dem Secteur ënnert anerem mat den Theme Personalmanktem, Finanzement, an dem Zesummespill tëscht Spideeler an der medezinescher Offer baussent de Spideeler beschäftegt.

D'AMMD hat déi Grondsazdebatt iwwer d'Zukunft vum Gesondheetswiese gefuerdert. De Gesondheetsdësch war du just virum Ufank vun der Pandemie lancéiert ginn, a krut du wéinst der sanitärer Kris Retard. D'Gesondheetsministerin geet dovunner aus, datt si bis Enn des Joers een nationale Gesondheetsplang ka virleeën. Dee Plang soll op de Conclusioune vum Gesondheetsdësch foussen.

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an den CHL-Generaldirekter Romain Nati.

Wéi eng Versuergung gëtt gebraucht?

Konsens ass: Fir secher ze stellen, datt d'medezinesch Offer och effektiv de Besoine vun de Leit entsprécht, brauch ee besser Chiffren. Zu Lëtzebuerg misst eng richteg "Versuergungsfuerschung" fir d'Santé Publique iwwerhaapt eréischt entwéckelt ginn, seet de Romain Nati. Hie géif grouss Hoffnungen an den Observatoire national de la Santé setzen, deen am Mäerz per Gesetz geschafe gouf: "Do sollen déi Analyse gemaach ginn, fir ze kucken, wéi ass de Gesondheetszoustand vun der Bevölkerung, wou sinn d'Defien".

D'Gesondheetsministerin verweist hirersäits drop, datt ee fir d'Ermëttlung vun de Besoinen net just sollt analyséieren, wéi eng Leeschtungen de System aktuell prestéiert. Wa méi an d'Präventioun géif investéiert ginn, da kéinten zum Beispill vill chronesch Krankheete evitéiert ginn: "Dat wier fir eis alleguerte besser a fir d'Gesondheetswiesen eng Entlaaschtung".

Méi Medeziner selwer ausbilden

De Manktem vu medezineschem Personal halen déi dräi Invitéë fir een zentralen Defi. Den AMMD-President Alain Schmit warnt, datt et zu Versuergungsenkpäss kéint kommen. 2,3 bis 2,4 Dokteren op 1.000 Awunner wier vill ze wéineg. A fir de Beruff méi attraktiv ze maachen, missten et méi Méiglechkeete gi fir Spezialisten och baussent de Spideeler ze schaffen, esou eng Käf-Fuerderung vun der Dokter-Associatioun. D'Spideeler wieren ze schwéierfälleg a bürokratesch, esou den Alain Schmit. Zum Beispill géifen d'Infirmièren d'Halschent vun hirer Aarbechtszäit mat administrativen Aufgabe verbréngen.

Deem widdersprécht den CHL-Generaldirekter: Héchstens ee Véirel vun der Aarbechtszäit géif fir d'Dokumentatioun genotzt ginn, déi awer och eng wichteg Funktioun fir de Qualitéitsmanagement hätt. Duerch eng verstäerkt Digitaliséierung kéint een déi administrativ Laascht an de Spideeler awer effektiv nach reduzéieren, esou de Romain Nati.

Fir d'Gesondheetsministerin ass den Ausbau vun der Ausbidlungsoffer hei am Land ee wichtegen Deel vun der Léisung, fir dem Personalmanktem entgéint ze wierken.

Den AMMD-President Alain Schmit

Finanzement: Ongerechtegkeeten am System

D'Tariffer fir déi verschidde medezinesch Disziplinne wieren och ee wichtegt Steierungsinstrument vum Gesondheetswiesen, mengt de Romain Nati. Et géif duergoe sech d'Gehälterskala vun den Dokteren unzekucken, fir ze verstoe wou de Schong dréckt, nämlech ënnen op der Skala: "Wa mir e Problem haten d'Continuté des soins an der Pediatrie déi lescht Joren z'assuréieren, da kuckt emol u wou de Pediater an der Skala ass. A wa mir lo an der Lescht héieren hunn, datt et Problemer gëtt fir d'Continuité des soins an der Psychiatrie ze garantéieren. Da kuckt emol an der Skala wou de Psychiater steet, dat ass keen Zoufall."

Effektiv wieren eng Rei Diszipline schlecht gestalt, wat ee Problem fir d'Attraktivitéit vum Beruff wier, seet dozou den AMMD-President. Dee grousse Käschtepunkt am System wieren awer net d'Dokteren, mee d'Spideeler: "Mir kënnen net weider d'Insuffisancë vun der Spidoolsmedezin probéiere just mat Suen zouzeschëdden". Just déi "schwéier" medezinesch Versuergung sollt nach an de Spideeler assuréiert ginn. Déi ambulant Medezin kéint vun den Doktere baussent de Spideeler iwwerholl ginn: "Mir brauchen hei een Ëmdenken".

Gardë forfaitär remuneréieren?

D'Psychiatren haten d'lescht Woch Alarm geschloen, wéinst Schwieregkeete fir déi nei duebel Urgencë-Garden am CHL an an den Hopitaux Robert Schuman um Kierchbierg z'assuréieren. Ee Problem ass, datt déi Garden net forfaitär remuneréiert ginn. Eng aner Contraint ass, datt et net genuch Psychiatre ginn. Hei géif un enger kuerzfristeger Léisung geschafft gi fir den Drock ze reduzéieren, seet d'Gesondheetsministerin.

Mee fir d'Remuneratioun vun de Gardë misst eng méi global Léisung fonnt ginn, well och aner Diszipline betraff sinn. Et misst ee sech froen, ob fir dës Déngschtleeschtung een anere "Finanzéierungsschlëssel" besser adaptéiert wier, ewéi den Tarif pro Akt.

Raus aus de Spidoolsmaueren

Den FHL-Vizepresident Romain Nati bedauert, datt et bis ewell wéineg finanziell Incitatioune fir d'Spideeler gëtt, fir de 'Virage ambulatoire' konsequent virun ze dreiwen. D'Gespréicher mat der Gesondheetskees wieren net ëmmer esou gelaf, ewéi d'Spideeler sech dat gewënscht hätten.

De Finanzéierungsmodell misst "absolut" reforméiert ginn, seet d'Paulette Lenert. Notamment wier een neit Regelwierk fir de "Virage ambulatoire" néideg. Dozou missten dann awer och Qualitéitscritèren an aner Exigenze gehéieren, déi d'medezinesch Versuergung baussent de Spideeler encadréiert. Een entspriechende Gesetzprojet wier an der Maach. D'Ongedold ënnert den Dokteren, fir hei Kloerheet ze kréien, kéint si verstoen, esou d'Gesondheetsministerin.


Déi ganz Emissioun kënnt Dir am Video hei drënner kucken, d'Invitéen an d'Moderatrice hu keng Mask un, mee alleguer ee Schnelltest gemaach: