Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee Corps, eng Missioun"

Reform Rettungsdéngschter

"Ee Corps, eng Missioun"

D'Reform vun de Rettungsdéngschter war eng vun de wichtege Reforme vun dëser Legislaturperiod. D'Regierung an den LSAP-Inneminister Dan Kersch konnten hei e politesche Succès verzeechen, nodeems aner Regierunge sech jorelaang schwéier gedunn hate mat enger Reform, déi d'Rettungsdéngschter selwer gefuerdert hunn. Den 20. Mäerz dëst Joer gouf d'Reform unanime an der Chamber gestëmmt. Den 1. Juli ass se a Kraaft getrueden.

auto_stories

5 min

D'Kärstéck vun der Reform vun de Rettungsdéngschter ass den neien Etablissement publique CGDIS. Déi verschidde Pompjeescorpsen aus de Gemengen, d'Unitéite vun der Protection civile, de medezineschen Noutdéngscht SAMU, d'Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg an d'Pompjeeë vum Fluchhafe goufe regroupéiert. Si bilden elo zesummen de Corps grand ducal d'incendie et de secours.

Geographesch gouf d'Land fir d'Rettungsdéngschter a véier Zonen agedeelt. Déi fréier Gemengegrenze goufen ofgeschaaft, sou de President vum CGDIS-Verwaltungsrot, Alain Becker. Virdru wier et "heiansdo ganz verréckt" gewiescht: Heiansdo wier d'Strooss niewendrun net méi um Territoire vun der Gemeng gewiescht, an den 112 hätt d'Pompjeeskasär, déi 100 Meter wäit ewech, dowéinst net ruffe kënnen.

Eng méi adequat Hëllef

Elo ass et esou, datt de System, deen dem 112 den Asaz berechent, och wäert déi Hëllef dohinner schécken, déi am noosten ass, an déi am beschten hëllefe kann. An dat banne 15 Minutten. Virun der Reform hätt net ëmmer déi selwecht Vitess a Qualitéit vum Rettungsdéngschtservice fir jiddweree kënne garantéiert ginn.

Wann een an der Stad Lëtzebuerg gewunnt huet, dann hätt ee méi séier Hëllef gehat, wéi wann dat am ländleche Gebitt war. "Do huet et och schonn emol méi laang gedauert, bis eventuell eng Ambulanz dann op der Plaz war", seet den Alain Becker vum CGDIS-Verwaltungsrot.

Eng nei Kommandostruktur

Eng nei Kommandostruktur ass eng aner Haaptännerung vun der Reform. An der Vergaangenheet wier net ëmmer kloer gewiescht, wien de Kommando bei engem Asaz hat. Den Alain Becker seet, datt een op villen Asätz dacks "méi Häuptlinge wéi Indianer" gehat hätt.

Déi nei Struktur wier fir jiddwereen elo méi kloer, an dat wier e rise Virdeel. Dat hätt ee bei rezenten Asätz kënne gesinn, beispillsweis bei de Bëschbränn am Éislek oder beim Feier zu Esch. "Do war et relativ kloer, wien do d'Soen hat. An dat ass och optimal koordinéiert ginn", seet den Alain Becker.

"Direkt dat Richtegt an dat Séierst schécken"

An der Noutruffzentral vum 112 kommen d'Noutruff-Appeller eran. Fënnef Operateuren an ee Chef de salle si 24 Stonnen op 24 beim 112 am Asaz. Scho virun der Reform war deen neie sougenannten "Einsatzleitsystem" installéiert ginn. Dëst wier e Programm, deen dem Operateur Froe proposéiert, déi hien dem Uruffer stelle kann. "Doropshi proposéiert de Programm dem Operateur, wat ze schécken ass", seet de Christopher Schuh, Departementschef an der Direktioun fir déi operationell Koordinatioun vum CGDIS. Sou hätt ee kënnen a méi Fäll direkt dat Richtegt an dat Séierst schécken.

Nei geschaaft gouf mat der Reform beim 112 och de CGO - de Centre de gestion des operations, wou ee bei gréisser Asätz déi aus der Zentral vum 112 kéint koordinéieren. Den Ament wier et éischter roueg beim 112, seet de Christopher Schuh. D'Zuel vu Noutruff Appeller géif awer konstant klammen. Am Dag hätt een an der Moyenne eng 780 Noutriff, wouraus sech eng ronn 180 Asätz fir d'Rettungsdéngschter géifen erginn.

Rettungsdéngschter si méi gefuerdert

Populatiounswuesstem, méi Aarbechtsplazen, méi Verkéier, méi Accidenter, méi extreemt Wieder, Iwwerschwemmungen, Bëschbränn: Och zu Lëtzebuerg ginn d'Rettungsdéngschter ëmmer méi gefuerdert. A si brauchen dofir genuch a gutt qualifizéiert Leit. D'Réckgrat bleiwen awer déi Fräiwëlleg, gouf ëmmer nees am Kader vun der Reform betount. Dëst hätt net geännert a géif och net änneren, seet de Christopher Schuh. "D'Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg si gréisstendeels fräiwëlleg. An dat ass wierklech d'Fundament. Ouni déi Fräiwëlleg, déi 4.000, geet et net."

Den Ament ginn et net genuch Fräiwëlleger, seet den Alain Becker. An et wier och esou, datt d'Disponibilitéit am Dag net ëmmer garantéiert wier. Dës Lächer bei de Permanence misste gefëllt ginn, an et wier de Choix getraff ginn, fir méi Beruffspompjeeën anzestellen. Den Alain Becker ënnersträicht awer, datt all Fräiwëllege weiderhin an de Strukture kéint matschaffen an, wann e wéilt, och Verantwortung kéint droen.

Ouni Fräiwëlleger geet et net

Ouni den Asaz vu Fräiwëllege géif et bei de Rettungsdéngschter net méi goen, seet den Alain Becker. Dofir géif de fräiwëllegen Engagement och weider aktiv encouragéiert a promouvéiert ginn, well "all Fräiwëllegen, dee mir verléieren, an duerch e Professionelle musse kompenséieren, kascht eis einfach méi".

Dofir gouf et mat der Reform och nei Moossname fir déi Fräiwëlleg. Nei geregelt ginn ënner anerem d'Indemnitéite fir d'Asätz, de Congé spécial an d'Formatiounen. Fir méi auslännesch Bierger an d'Rettungsdéngschter ze integréiere gi Lëtzebuergeschcoursen ugebueden. Anerersäits ginn d'Rettungsdéngschter professionaliséiert, an et lafe Rekrutementscampagnen.

Déi gréisste Pompjeeskasär an Europa

Am Dezember zejoert hu 50 nei Beruffspompjeeën hir initial Formatioun vun zwee Joer ugefaangen. Bis Enn des Joers ginn der nach 50 gesicht. Hei wier e Choix gemaacht gi fir ze soen, datt déi Leit Fonctionnaire d'état géife ginn, seet den Alain Becker. "Et brauch een eng ganz Rei vu Viraussetzunge fir kënne Pompjee ze ginn." Et misst een eng gewësse Fitness mat sech bréngen.

Fir d'Ausbildung vun de fräiwëllegen a beruffleche Pompjeeën ze verbesseren, gouf den Institut national de formation des secours (INFS) an de CGDIS integréiert. An de Formatiounsinstitut kënnt an deen neie Centre national d'incendie et de secours (CNIS), deen um Rond Point Gluck am Gaangen ass gebaut ze ginn. De Christopher Schuh seet, datt et geplangt ass fir 2020 d'Mise en production ze maachen. D'Pompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg wäerten an den CNIS plënneren, genee wéi déi ganz Administratioun vum CGDIS an déi national Schoul. Domat wäert dat déi gréisst Pompjeeskasär an Europa ginn, seet den Departementschef an der Direktioun fir déi operationell Koordinatioun vum CGDIS

De Gesamtbudget vum CGDIS fir dëst Joer läit bei 99 Milliounen Euro. D'Finanzéierung gëtt tëscht de Gemengen, dem Staat an der Stad Lëtzebuerg opgedeelt. Eng spezial Tax op d'Autosassurancen an een Deel vun der TVA-Erhéijung, déi d'Gemengen net kruten, fléissen och an de Budget vum CGDIS.