Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee markante Kontrast"

Vereedegung vum neien US-President

"Ee markante Kontrast"

De Joe Biden hätt gëscht "eng grouss Ried" am Kader vun enger "emouvanter Zeremonie" gehal, seet de Professer Robert Harmsen. De Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg huet dee "markante Kontrast" mat der Ried vum Donald Trump vu viru véier Joer ervirgestrach.

auto_stories

2 min

De Professer Harmsen ass Politikwëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg. Foto: Archiv

En éischte Schrëtt, fir dat gespléckte Land nees zesummen ze féieren, wier gemaach: den Joe Biden wier ouni Zweiwel dee Richtege fir "Amercia united" hinzekréien. De gréissten Atout wier dobäi d'Perséinlechkeet vum neien US-President. A senger ganzer Karriär wier den Joe Biden op Konsens aus gewiescht an e wier net esou polariséierend wéi den Donald Trump.

De Professer Robert Harmsen mengt, datt déi rezent Evenementer am US-Kapitol e wichtegt Element waren: een Deel vum politeschen Establishment wier sech bewosst ginn, datt een ze wäit gaangen ass.

Eng Ried mat Empathie

De Politikwëssenschaftler huet d'Kontraster vun der Ried vum Joe Biden zu där vum Donald Trump viru véier Joer ervirgehuewen. Den neien US-President huet en Appell un d'Unitéit vum Land gemaach, en hätt mat ganz vill Empathie geschwat, vun der Noutwendegkeet, een deen aneren ze verstoen an ze respektéieren. Dat géif zwar banal wierken, mee an de leschte véier Joer wier den Discours vum Donald Trump virun allem doduerch opgefall, datt hien "extrem däischter" Terme benotzt hätt.

A senger éischter Ried als neien US-President huet den Joe Biden virun allem u seng Landsleit appelléiert, d'Differenzen, déi se trennen, ze iwwerbrécken. Hien huet donieft iwwer d'Resilienz vun der amerikanescher Demokratie geschwat souwéi d'Rassismusproblemer an den USA an d'Pandemie.

Donieft huet den Joe Biden ënnerstrach, datt d'Allianzen, déi d'Vereenegt Staaten hunn, erëm wichteg wieren. Éischt Schrëtt huet hien och gemaach: um éischten Dag vu senger Presidence huet hien en Dekret ënnerschriwwen, datt d'USA dem Paräisser Klimaaccord erëm bäitrieden, grad esou wéi der Weltgesondheetsorganisatioun.

Ass d'Republikanesch Partei gespléckt?

Déi Republikanesch Partei hätt zum Deel ausgesinn, wéi wa se ganz zerrappt wier. Si wier dat awer net, seet de Professer Robert Harmsen.

"En fait, ce n'est pas tellement un parti affaibli. Si vous regardez ses positions à la fois à la Chambre et au Sénat (où c'est quand-même 50-50), le parti reste dans une position relativement forte politiquement avec de bonnes chances - vu les sièges en jeu - de regagner le Sénat dans deux ans. Donc je ne dirais pas "affaibli"."

D'Partei wier awer gespléckt duerch d'Evenementer vun de leschten zwou Wochen, wou Supporter vum Donald Trump den US-Kapitol gestiermt hunn. Hei kéint een eng Spléckung bei de Republikaner feststellen: op där enger Säit méi moderat Republikaner, wéi zum Beispill de Mitch McConnel oder zum Deel och nach de fréiere Vizepresident Mike Pence, an op där anerer Säit de méi populisteschen Deel, wéi zum Beispill de Senateur Josh Hawley ovu Missouri oder den Ted Cruz aus dem Texas.