Radioen

On air

Simon Says  |  Kiki Gyan - 24 Hours In A Disco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer Ofgas-Skandal

Automobilindustrie

Ee Joer Ofgas-Skandal

Bis Enn dës Joers wëll VW hei am Land d'Autoen, deenen hir Ofgaswäerter manipuléiert goufen, ëmrüsten. Eng Entschiedegung ass net virgesinn. Gläichzäiteg préift de Staat, ob eng Plainte gemaach gëtt.

auto_stories

4 min

VW-Skandal: Um Enn bleift d'Fro, wéi et iwwerhaapt dozou konnt kommen

Virun engem Joer gouf bekannt, datt de Volkswagen-Konzern am grousse Stil d’Ofgaswäerter virun allem vun Autoe mat Diesel-Motore manipuléiert huet: Eng illegal Software soll weltwäit an iwwer 11 Millioune Ween am Asaz gewiescht sinn. Hei am Land wiere ronn 34.000 Gefierer vun de Marke VW, Audi, Škoda a SEAT betraff, sou de Garage Losch, dee gréisste VW-Concessionaire zu Lëtzebuerg.

Déi concernéiert Autoe sollen ëmgerüst ginn. Iwwert den aktuelle Stand vun den Aarbechten huet Losch op eis Nofro hi schrëftlech geäntwert:

"Die Umsetzung der Massnahmen hat auch in Luxemburg Anfang des Jahres begonnen und wird sich voraussichtlich über das gesamte Jahr 2016 erstrecken. Bitte haben Sie Verständnis dafür, dass wir interne Daten generell nicht kommunizieren. Die Umsetzung der technischen Maßnahmen ist in vollem Gange und sollten wir diesbezüglich eine Aussage der Zahl der umgerüsteten Fahrzeuge treffen wollen, wird die gesamte Luxemburger Presse per Pressemitteilung darüber informiert."

Am Géigesaz zur Situatioun an Däitschland, ass et hei am Land awer net obligatoresch säin Auto ëmrüsten ze loossen. Dat well et sech formell gesinn net ëm ee Réckruff handelt, sou eng weider Prezisioun vu Losch. Wann ee sech trotzdem dozou géif entscheeden, d’Ëmrüstung ze maachen, sinn dës Aarbechte gratis. Dës Weideren huet Losch matgedeelt, datt et bis elo keng Plaintë vu Privatpersoune géint VW oder géint de Concessionaire selwer géinge ginn.

Ass et derwäert eng Plainte ze maachen?

Dem Pascal Koehnen vum Konsumenteschutz no ass et schwéier de betraffene Chaufferen zu konkrete juristesche Schrëtt ze roden. All Konsument misst sech d’Fro stellen, ob sech den Opwand an d’Käschte vun enger Plainte bei engem wahrscheinlech klenge Schued wierklech rentéieren. Hie bedauert virun allem, datt et zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet vun engem kollektive Recours net gëtt, wou betraffe Cliente sech kéinten zesummeschléissen: "Wa mer d'Méiglechkeet vun enger Sammelklo gehat hätten, da wier dat perfekt gewiescht. Leider ass et awer esou, datt et dee Moyen hei am Land net gëtt". D'Regierung hätt zwar versprach dat anzeféieren, dat Versprieche wier awer net agehale ginn.

Och an Däitschland gëtt et keng Méiglechkeet, eng Sammelklo ze maachen. Anescht wéi zu Lëtzebuerg, hunn an eisem Nopeschland trotzdem eng Partie Privatpersoune Plaintë géint VW gemaach. Do ass de Bilan awer éischter gemëscht. "Mir ginn dovun aus, datt d'Verbraucher d'Recht hunn Uspréch ze stellen, mee wann ee viru Geriicht geet, dann huet een ni d'Sécherheet och Recht ze kréien", seet d’Marion Jungbluth vun der däitscher Verbraucherzentrale. An enger ganzer Rei Fäll hätten déi Concernéiert bis elo Onrecht kritt.

CO2: Upassunge goufe gemaach

Mee net just Privatleit si vum Ofgaskandal betraff: Och de Staat kéint ee Schued erlidden hunn, wann d’Héicht vun de Steieren un d'Ofgaswäerter gekoppelt ass. "Een deen d'Leit esou hannert d'Liicht féiert, dee misst am Fong bestroft ginn", seet de Pascal Koehnen vun der ULC. Hie géif et "optimal" fannen, wann de Staat eng Plainte géint VW géif maachen, wéinst dem ze héijen Ausstouss vu Stéckoxider. Och wann den Endverbraucher net vill dovun hätt.

Am November 2015 hat den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch op de sozialen Netzwierker deklaréiert, datt de Lëtzebuerger Staat eng Schuedenersatzklo géint VW maache misst, wa si bei den CO2-Emissioune gefuddelt sollten hunn. Allerdéngs konnte keng Iwwerschreidunge par Rapport zum Homologatiounswäert festgestallt ginn. "Et goufen Tester gemaach, an do ass erauskomm, datt just bei sechs Modeller den CO2 marginal méi héich war, wéi dat wat ugi war. Deementspriechend goufen déi Wäerter an der normaler Prozedur vun der Homologatioun ugepasst", seet de Pol Philippe vum Ministère fir nohalteg Entwécklung.

NOx: Staat préift Plainte

Et ass awer nach net decidéiert, ob de Staat amplaz eng Plainte wéinst ze héijen Ausstouss vu Stéckoxider mécht. Datt och déi sougenannt NOx-Wäerter manipuléiert goufen ass zwar bewisen, mee ob et eng juristesch Grondlag gëtt VW dowéinst ze belaangen, wäert eréischt an den nächste Wochen definitiv gekläert ginn. "Mir sinn am Gaang mat der nationaler Homologatiounsstell ze kucken, wat méiglech wier, falls de Lëtzebuerger Staat dat géif an Erwägung zéien". Bis Mëtt September soll dës Analys fäerdeg sinn

Um Enn bleift d’Fro, wéi et iwwerhaapt zu deene systematesche Manipulatioune konnt kommen, a wéi d’Clienten iwwer Jore konnte getäuscht ginn. D'Marion Jungbluth vun der däitscher Verbraucherzentrale spuert net mat Kritik un den däitschen Autoritéiten an den Autosproduzenten. D'Konditiounen ënnert deenen d’Ofgastester am Labo duerchgefouert ginn, hätten näischt mat de reelle Konditiounen op de Stroossen ze dinn.

Ee generellen CO2-Desaster

Doriwwer eraus géif den däitschen Transportministère entspriechend Resultater vun Tester extrem spéit publizéieren. Ufanks dës Joers huet de Ministère eng Etude an Optrag ginn, an där Ween vu Volkswagen, mee och anere Marken, op CO2-Wäerter hi gepréift goufen.

Leider waarde mir nach ëmmer drop, datt d'Resultater och verëffentlecht ginn", seet d'Marion Jungblut, déi dowéinst an Zukunft mat weideren Affairë rechent. Si seet, nom VW-Ofgasskandal géing sech ee generelle CO2-Desaster undeiten.