Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tracy Chapman - Born To Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer UMEDO: 18 Fraen ënnersicht

Ee Joer UMEDO

Ee Joer UMEDO: 18 Fraen ënnersicht

D'Police gëtt an der Moyenne zweemol den Dag geruff, fir a Fäll vun haislecher Gewalt ze intervenéieren. Dee Wäert ass zanter Jore relativ stabel. Déi präzis Zuel vun Asätz louch zejoert bei 739 Stéck (géint 715 d'Joer virdrun). Mee dee Chiffer gëtt wahrscheinlech kee präziist oder komplett Bild vun der Situatioun, well ee vun enger héijer Donkelziffer ausgoe muss.

auto_stories

3 min

Vu ville Fäll also, déi net gemellt ginn. Vill Affer zécken nämlech, fir dat, wat hinnen ugedoe gouf, ze denoncéieren. A wa si et dann awer wëlle maachen, sinn d'Spure vun der Gewalt dacks scho verschwonnen, d'Wonne verheelt, a si hu keng Beweiser méi. Et sief dann, si ware virdru bei der UMEDO. E Service, deen elo zanter engem Joer funktionéiert.

UMEDO steet fir Unité médico-légale de documentation des violences. De Service ass am Staatslabo, dem LNS, ënnerbruecht. Affer vun haislecher Gewalt kënne sech un en adresséieren, fir Verletzungen dokumentéieren ze loossen, fir de Fall wou si net direkt eng Plainte maache wëllen. Wa si dat da méi spéit sollten decidéieren, zum Beispill well d'Gewalt sech widderhëlt, da kënne si op déi Dokumentatioun zeréckgräifen, déi dann och als Beweismëttel gëllt. D'Martine Schaul ass ee vun den dräi Médecins-légistes, also Geriichtsmedeziner, déi déi Dokumentatioune maachen.

Am Laf vun deem Joer hu mir elo 18 Fäll tatsächlech ënnersicht. Et war bei deene Fäll nëmmen eng gynekologesch Ënnersichung dobäi. An et ware bis elo nëmme Fraen, déi mir ënnersicht hunn.

UMEDO nach net esou bekannt, wéi se sollt sinn

Nëmmen eng gynekologesch Ënnersichung bedeit, datt just an engem Fall eng Vergewaltegung virlouch. Déi aner Affer hu physesch Gewalt erlieft, goufen also geschloen oder gewiergt.

Op der Basis vun Erfarungswäerter vun ähnlechen Ariichtungen am Ausland, an Däitschland virun allem, missten - verglach mat eiser Bevëlkerung - u sech 50 bis 100 Persounen de Service pro Joer an Usproch huelen. Wann d'Zuel am éischte Joer hei wesentlech méi niddereg war, heescht dat net, datt Violence domestique zu Lëtzebuerg e manner grousse Problem ass, et bedeit éischter, datt d'UMEDO nach net esou bekannt ass, wéi se sollt sinn.

Dokteren net genuch informéiert

En Deel vun de Leit géif vun Hëllefsservicer un d'UMEDO verwise ginn, anerer wieren duerch eege Recherchen op de Service opmierksam ginn. "Wat mir am Moment manner hunn, si Weiderleedunge vu behandelnden Dokteren", seet d'Martine Schaul vun der UMEDO. Dat wier awer net, well d'Dokteren net wéilten, mee éischter well si net informéiert sinn. Dogéint misst weider eppes ënnerholl ginn.

621 85 80 80 - dat ass d'Nummer, op där ee ronderëm d'Auer uruffe kann. Deen éischte Kontakt iwwer Telefon ass wichteg. Do kéinten d'Leit vun der UMEDO sech da bei den Affer vergewësseren, datt si volljäreg sinn, datt si iwwer 18 Joer al sinn, an datt si Gewalt erlidden hunn, awer nach keng Plainte gemaach hunn, wëlle maachen, oder sech wëllen Zäit loossen, fir weider Entscheedungen ze treffen. Et wier wichteg, datt d'Leit sichtbar Spuren hätten, also Verletzungen, déi vum Personal vun der UMEDO kéinte fotograféiert an domat dokumentéiert ginn. Et wier natierlech och wichteg, datt d'Leit aus hirem eegene Wëllen de Wee an d'UMEDO maachen.

Déi Ënnersichunge kënnen an engem Spidol gemaach ginn, oder am LNS zu Diddeleng. Bis ewell hätt eng Majoritéit vun den Affer sech fir déi zweet Optioun - also de Staatslabo - entscheet. Dat huet déi Responsabel vun der UMEDO iwwerrascht, erkläert sech wahrscheinlech awer doduerch, datt de Risiko, fir ee Kënnegen ze begéinen, do vill méi kleng ass, wéi an iergendenger Klinik.