Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Migliosi - Living Right Feat. Baby Panna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee méi staarken ëffentlech-rechtleche Radio

Service Public

Ee méi staarken ëffentlech-rechtleche Radio

De radio 100,7 kritt en eegent Gesetz. D'Chamber huet eng entspriechend Motioun ugeholl. De Premier- a Medieminister Xavier Bettel wëllt am Hierscht eng konkret Propos op den Dësch leeën.

auto_stories

4 min

D'Chamber huet eestëmmeg d'Motioun vum Guy Arendt (DP), President vun der Mediekommissioun, ugeholl. Dora fuerdert d'Chamber d'Regierung op, en neit Gesetz fir de radio 100,7 ze maachen, dat ënner anerem fir d'Missioune vum Service public kloer ze definéieren an nei Reegele fir d'Nominatioun vun de Verwaltungsrotsmemberen opzestellen.

Ee méi staarke Service public

De Guy Arendt ënnersträicht, datt den ëffentlech-rechtleche Radio duerch e Gesetz gestäerkt géif ginn. Déi finanziell Konventioun soll iwwer méi eng laang Zäit goe wéi d'Legislaturperiod vun enger Regierung. "De Finanzement soll iwwer de Staatsbudget lafen a gëtt dohier vun der Chamber gestëmmt", ënnersträicht de Guy Arendt.

D'Propos fir e Publikumsrot fir de radio 100,7 ze grënnen huet grouss Zoustëmmung an der Chamber fonnt. D'Motioun fuerdert och eng Erneierung vun der Konventioun fir de Finanzement vum radio 100,7 a fir d'Tëlee vun RTL, där hiren Defizit bis 2023 couvréiert gëtt.

Finanzéierung weiderhin aus dem Staatsbudget

De Konsens an der Chamber war grouss, datt ee bei enger Finanzéierung direkt aus dem Staatsbudget bleift. D'Djuna Bernard (déi gréng) ënnersträicht, datt déi gréng eng Grondsazdiskussioun iwwer ëffentlech-rechtlech Medien zu Lëtzebuerg géif ënnerstëtzen, och bei der Tëlee.

Eng Tëlee- oder Medientax, wéi et se am Ausland gëtt, wier fir déi gréng awer keng Optioun, "well esou ee Modell am Internetzäitalter praktesch kee Sënn méi mécht".

RTL: Méi Transparenz gefuerdert

Wat den ëffentlechen Optrag vun der Tëlee fir RTL ugeet, sou fuerdert d'Motioun vun der Chamber, datt méi Transparenz geschaaft gëtt, wat mat de Steiergelder finanzéiert gëtt. Fir de Guy Arendt sinn do eng Partie Upassungen néideg, d'Tëlee vun RTL wier schonn ee Service public, déi digital Plattforme wiere vum nächste Joer un an der Konventioun mam Staat integréiert. "Do brauche mer nach méi Kloerheet a besser definéiert Krittären."

De Guy Arendt ënnersträicht, datt bei der Entwécklung a bei der Moderatioun vun de Commentairen um Site vun RTL méi Hygiène néideg wier.

Sproochevillfalt

En anere Sujet an der Debatt war déi vun der Sproochenoffer. D'Francine Closener (LSAP) ënnersträicht, d'Haaptaufgab vun den ëffentlech-rechtleche Medie wier et de Garant ze si vun enger onofhängeger a qualitativ héichwäerteger Grondversuergung mat Informatioun, Bildung, Kultur an Divertissement. Dovunner missten all d'Bierger zu Lëtzebuerg profitéiere kënnen.

D'Francine Closener schléisst doraus, datt en ëffentlech-rechtleche Medium méi misst si wéi e Radiosender, deen nëmmen op Lëtzebuergesch sent. Och fir d'Diane Adehm (CSV) ass kloer, datt e Service public esou breet wéi méiglech opgestallt muss sinn. Dofir misst ee sech d'Fro stellen, wéi een un déi Leit erukënnt, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen.

Digitaliséierung ausbauen

En anere wichtege Volet war d'Digitaliséierung. De Guy Arendt huet d'Efforte vum radio 100,7 gelueft, wat d'Entwécklung vun Online-Offer ugeet, a sot, e géif de Besoin verstoen, fir weider an déi Richtung ze investéieren. Dofir misst et eng "finanziell Progressioun no uewen" gi fir den digitalen Ufuerderunge vum radio 100,7 gerecht ze ginn.

Och fir d'Francine Closener ass kloer, datt de radio 100,7 méi misst gi wéi "nëmmen e Radio". Den digitale Volet misst ausgebaut ginn, "do féiert an eisen Ae kee Wee dolaanscht".

Méi Sue fir de Service public

Den David Wagner (déi Lénk) ënnersträicht, datt e Qualitéitsservice net gratis ass, dofir misst de Budget "konsequent" sinn.

"Mir mussen eis dat eppes kaschte loossen. Mir maachen dat fir aner Saachen, déi net esou wichteg sinn. Op dëser Fro dierfe mer net spueren."

Den David Wagner proposéiert dohier zwee Budgeten: ee fir déi lafend Käschten, an ee fir déi numeresch Innovatioun an Infrastruktur.

Eng zweet Frequenz fir de radio 100,7?

De Sven Clement (Piratepartei) huet sengersäits dofir plädéiert dem radio 100,7 eng zweet Frequenz ze ginn, fir seng Reechwäit auszebauen, andeems d'Offer gespléckt géif. Hie kéint sech deemno virstelle fir eng Frequenz fir kulturell Sujete wéi beispillsweis Literatur, Theater, Kino oder klassesch Musek ze benotzen.

Eng zweet Frequenz sollt da fir d'Aktualitéit a fir den Divertissement reservéiert sinn.

Mediekonzentratioun an Meenungspluralitéit

Dat wier dem Sven Clement no och gutt géint déi héich Mediekonzentratioun zu Lëtzebuerg an fir d'Medievillfalt. De Roy Reding (ADR) sot den 100,7 géif mat senger Ligne éditoriale net zur Meenungspluralitéit bäidroen. Mee duerch Agenda-setting, Framing den Nolauschterer eng Meenung bilde géif an Astellunge géif formen amplaz ze informéieren. Dat wéilt d'ADR net.

De Xavier Bettel huet der Chamber gesot, hie wéilt am Hierscht op Basis vun enger konkreter Propose iwwert de neie gesetzleche Kader fir de radio 100,7 weiderdiskutéieren.