Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Hologramm zu Nancy

Franséisch Presidentiellen 2017

Een Hologramm zu Nancy

Eng Wahlkampfried vum Jean-Luc Mélenchon den 18. Abrëll zu Dijon gouf a fënnef anere Stied via Hologramm iwwerdroen. Seng Sympathisanten zu Nancy sinn optimistesch, datt de lénke Kandidat et an den zweeten Tour packt.

auto_stories

5 min

De lénke Kandidat Jean-Luc Mélenchon als Hologramm den 18. Abrëll zu Nancy.

Et war eng vun Euphorie markéiert Wahlkampfsoirée zu Nancy. Ëmmerhin huet de Kandidat vun der "France Insoumise" rezent gutt an de Sondagen ofgeschnidden. Grad wéi d'Marine Le Pen (FN), de François Fillon (Les Républicains) an de Emmanuel Macron (En Marche) gëtt de Jean-Luc Mélenchon mëttlerweil als méigleche Kandidat genannt, deen et nom éischte Wahltour vum 23. Abrëll an d'Stéchwahl de 7. Mee kéint packen.

Hie selwer huet dat a senger Ried esou kommentéiert: "Leit, dir hutt Grënn frou ze sinn. Et gëtt gesot, datt mir der Qualifikatioun méi no kommen." Dësen Optimismus ass nei: Virun dräi oder véier Wochen hätt hien dat nach anescht gesinn, mee elo géif hie mengen datt säi Kandidat gutt Chancen huet an den zweeten Tour ze kommen, sou de Serge, ee pensionéierte Staatsbeamten. Iwwerdeems géife vill Wieler vum Sozialist Benoît Hamon mëttlerweil de Jean-Luc Mélenchon ënnerstëtzen, seet den Unisprofesser Yves. An zesumme geholl hätt déi "reformistesch, ecologesch Lénk" genuch Stëmme fir an den zweeten Tour ze kommen.

Wat si maachen, wann de Jean-Luc Mélenchon et net an den zweeten Tour packt, wësse vill vu senge Sympathisanten nach net. Mee eppes ass fir si kloer, si wëlle verhënneren, datt d'Marine Le Pen Presidentin gëtt.

Mëttelschicht am Viséier

Gutt vertruede war zu Nancy déi franséisch Mëttelschicht, dorënner vill Enseignanten, Universitéitsprofesseren a Studenten. Allgemeng war et ee ganz jonke Publikum. Domadder ass och d'Zilgrupp definéiert, un déi sech d'Wahlkampf-Spotte geriicht hunn, déi um Ufank vum Owend gewise goufen.

Proposéiert gëtt een Investissement vun 100 Milliarden Euro an eng ecologesch Transitioun. Dozou gehéieren den Austrëtt aus der Atomenergie an eng Landwirtschaft, déi op Pestiziden an Genmanipulatioun verzicht. Grouss geschriwwe ginn och d'Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra, grad wéi déi sozial Rechter am digitalen Zäitalter.

D'Campagne vum Jean-Luc Mélenchon zitt vill jonk Wieler un.

Hologramm als Publikumsmagnéit

D'Iddi vun der Transmissioun via Hologramm huet Publikum ugezunn. Mat Hëllef vun der dräidimensionale Videotransmissioun hunn den Organisateuren no iwwer 35.000 Leit d'Ried kënne suivéieren. Dorënner déi pensionéiert Verkeeferin Josiane: "Ech war virwëtzeg wéinst dem Hologramm, well u sech sinn ech wierklech guer net lénk."

Eigentlech wollt si de konservative François Fillon wielen, mee de Kandidat vun de "Républicains" hätt gelunn, an dat géif fir si guer net goen. Elo wëll d'Josiane hir Stëmm dem Jean-Luc Mélenchon ginn. Dem säi Message hätt hiert Häerz an hir Vernonft ugeschwat. "Et ass ee ganz einfache Message: Loosst eis glécklech sinn a loosst eis och un déi aner denken."

Wat d'Campagne vum lénke Jean-Luc Mélenchon fir seng laangjäreg Sympathisanten ausmécht léisst sech fir den Yves esou resuméieren: "Eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum, déi ecologesch Transitioun, an déi sechst Republik, déi duerch eng Constituante geschafe soll ginn."

Vill Leit sinn an de Zénith zu Nancy komm, fir ze gesinn, wéi een "holographesche Meeting" ofleeft.

Fakten a Feeler

Dem Jean-Luc Mélenchon seng Meetingen hunn eppes vun engem Unis-Cour. Zum Beispill huet hien den Ënnerscheed tëscht verschiddene Rentesystem an dann nogefrot, ob de Publikum et wierklech verstanen hätt: "Ech mengen, Dir hutt et net verstanen."

Ëmmer nees betount de Kandidat et wier wichteg Hannergrënn, Fakten an Detailer ze verstoen. Wat net verhënnert datt him selwer faktuell Feeler ënnerlafen. Zum Beispill wann et ëm d'Prozedur vun de Steierrulingen zu Lëtzebuerg oder den Titel vum Lëtzebuerger Regierungschef geet: "Wann Dir op Lëtzebuerg gitt, dann heescht et Dir musst sou vill Betriibssteiere bezuelen. Mee dat ass éier verhandelt gëtt. Duerno gëtt am Büro vum Premierminister verhandelt, deen do Kanzler heescht, an da geet d'Steierlaascht méi niddreg."

EU-Austrëtt ass eng Optioun

De Jean-Luc Mélenchon versprécht senge Wieler ee méi soziaalt Europa: Dofir missten d'EU-Traitéen nei verhandelt ginn. Wann dat net klappt, ass hie bereet een EU-Austrëtt a Kaf ze huelen. D'Isabelle hält dat fir déi richteg Approche. D'EU wéi se elo funktionéiert, kéint een net méi erhalen. Dowéinst misst een elo nei Kräfteverhältnisser schafen, duerch eng Zesummenaarbecht mat anere lénke Parteien aus Spuenien, Griicheland an anere Länner. De griichesche Premier Alexis Tsipras wier am Sträit iwwer déi griichesch Scholdekris eleng gewiescht, dat dierft dem Jean-Luc Mélenchon elo net geschéien.

Als europaskeptesch wëllen dem Jean-Luc Mélenchon seng Sympathisante sech op alle Fall net bezeechne loossen, wéi dëse fréiere Schouldirekter betount: "D'Fransouse si grondsätzlech europafrëndlech. An d'Leit aus der Lorraine sinn pro-europäesch, well si am Krich vill gelidden hunn."

Um Enn vum Meeting hunn de Jean-Luc Mélenchon a seng Sympathisanten d'Marseillaise gesongen.

Net op Europa ugewisen?

Ähnlech wéi Groussbritannien et am Kader vum Brexit mécht, betount de Jean-Luc Mélenchon datt Frankräich wéinst sengen Iwwerséi-Territoirë méi ass wéi just een europäescht Land: "Meng politesch Positioun ass et, fir déi Situatioun z'assuméieren. Mir sinn eng grouss universalistesch Natioun, déi net drop ugewisen ass, engem Grupp unzeghéieren, deen een 'de Westen' nennt."

Ass dat ee Réckfall an kolonialistesch Reflexer? Neen, mengt d'Aurélie, eng Sozialaarberterin. Am Géigendeel, Frankräich hätt villes gutt ze maache géigeniwwer de fréiere Kolonien an och géigeniwwer den "Dom-Toms".

Eng politesch Utopie

Datt hire Kandidat an de Medien als radikalen Utopist beschriwwen an dacks net ganz eescht geholl gëtt, stéiert dem Jean-Luc Mélenchon seng Sympathisanten net. Am Géigendeel, erkläert d'Isabelle, déi op de Succès vum lénke Kandidat an de leschte Sondagen hiweist: "Dat deet eis laachen, well wat mir an de Sondagë klammen, wann d'Medie sech méi Suerge maachen an eis diaboliséieren. Maacht roueg weider esou!"

Vläicht ass de Programm vum Jean-Luc Mélenchon net zu 100 Prozent realistesch a kann net direkt ëmgesat ginn, seet de Guillaume. Fir den Droits-Student ass dat awer net de Punkt: "Et ass wichteg fir eng Partei, fir innovativ Iddien ze hunn. A wann et net klappt, ass et op d'mannst ee schéine Versuch."

Mat der konkreter Ëmsetzung vun hirem eegene Programm huet d'Wahlkampfequipe op alle Fall nach e puer Schwieregkeeten. Fir de Meeting am Zenith, un der Peripherie vu Nancy, ware keng Bussen organiséiert, sou datt déi meescht mam Auto hu misse kommen. Eng ecologesch Transitioun gesäit anescht aus.