Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy "Bo" Horne - Is It In

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Titel, dee provozéiert

Neien EU-Migratiouns-Kommissär

Een Titel, dee provozéiert

Datt den zukünftegen EU-Kommissär fir d'Migratioun och zoustänneg ass fir "d'Protektioun vun eiser europäescher Aart a Weis ze liewen" suergt fir Sträit. Bis elo huet déi zukünfteg Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, net Wëlles, den Titel ze änneren. Dat fuerderen awer Europaparlamentarier. Si mussen nach iwwer d'Kommissioun ofstëmmen.

auto_stories

3 min

Den neien EU-Kommissär fir d'Migratioun ass dofir do, fir eisen "European way of life" ze protegéieren. Sou gesäit et déi nei Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, d'Ursula von der Leyen. Deen Titel ass équivoque, soe Kritiker.

"Den Titel ass glaskloer, mir verdeedegen en, en ass gutt", hält awer de Manfred Weber fest. De Chef vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei am Europaparlament illustréiert seng Interpretatioun esou: "Ass hei een am Sall, deen op déi chinesesch, déi afrikanesch oder déi amerikanesch Aart a Weis liewe wëll?" De Manfred Weber zitt déi europäesch vir, an déi ass fir hie mat Solidaritéit a mat der Protektioun vu Mënscherechter verbonnen.

Eng Interpretatiounsfro?

Net jiddwereen an der EVP-Fraktioun deelt dës Interpretatioun. An där Fraktioun sëtzt och de Christophe Hansen, Europadeputéierte vun der CSV. Hien huet ee Problem domat, datt hei de Lien gemaach gëtt tëscht der Protektioun vum Europäesche Mode de vie an der Migratioun: "Dat kléngt no engem méi strikte Schutz vun de Baussegrenzen, no méi enger strenger Migratiounspolitik", sou de Christophe Hansen. Deen Titel wier onglécklech gewielt.

Kann d'Ursula von der Leyen d'Europadeputéiert vun hirer Equipe iwwerzeegen? Foto: EU / Etienne Ansotte

"Ech muss soen ech war perplex, an ech hu mech gefrot, wat dat soll", seet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. An och de Charel Goerens vun der DP zielt sech zu de Géigner vun deem Numm. "En ass kontraproduktiv an et ass am Interêt vun der Madamm von der Leyen, en ze änneren."

Dat huet déi zukünfteg Presidentin vun der Kommissioun, Ursula von der Leyen, awer bis elo net Wëlles. Mat dem europäesche Mode de vie wiere Grondvaleuren ewéi Fräiheet, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet gemengt, schreift si an enger Stellungnam an der däitscher Dageszeitung "die Welt".

Gëtt dann elo den EU-Kommissär fir d'Migratioun vum Parlament refuséiert, wann et beim Titel bleift? D'Tilly Metz fënnt, et sollt een emol d'Hearingen ofwaarden. Och Vertrieder vun deenen anere Fraktioune wollten sech am Virfeld net festleeën.

E puer Wackelkandidaten

Et kënnt zu engem Muechtkampf, seet de Charel Goerens viraus: "D'Parlament wäert Muskele weisen. Dat doten ass ee Sujet, wou d'Parlament wäert aktiv ginn, et ginn och nach e puer anerer."

D'Nominatioun vum Laszlo Trocsanyi ass ganz ëmstridden. Foto: picture alliance/NurPhoto/Billal Bensalem

Et gëtt nämlech e puer reegelrecht Wackelkandidaten, déi et schwéier kéinte kréien an den Hearingen am Parlament, déi den 30. September ufänken. Dozou gehéiere fir hien déi rumänesch Kommissärin Rovana Plum, géint déi doheem wéinst Korruptioun enquêtéiert gouf. Am ëmstriddensten dierft de Laszlo Trocsanyi sinn. Hie war an Ungarn Justizminister an ass do mat responsabel fir eng Partie Reformen, déi notamment am Europaparlament ganz kritesch gesi ginn.

Ofmaachungen am Virfeld hunn Traditioun

Wéi staark awer d'Parlament mat de Muskele spille wäert, ass nach op. Och wéi vill d'Parteifaarf beim Vott dono weit. Déi eng oder aner Ofmaachung tëscht de Fraktiounen, fir dofir ze suergen, dat den eegene Kandidat duerch geet, ass net onprobabel, seet de Christophe Hansen.

Och de Charel Goerens rechent domat, datt et zu Preaccorden tëscht de Partei kënnt. De Chef vun de Liberalen, den Dacian Ciolos, sot des Woch, hie wéilt sech dofir asetzen, datt et keng "Netugrëffspakten" tëscht de Parteie gëtt, mee kloer Critèren, no deenen ofgestëmmt gëtt.

Dat sollt eigentlech selbstverständlech sinn. Wann dat awer esou ass, dann ass den Ausgang vun den Hearingen ëmsou méi ongewëss.