Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een TV-Duell ouni wierklechen Duell

Däitschland

Een TV-Duell ouni wierklechen Duell

Den SPD-Kanzlerkandidat Martin Schulz an déi aktuell Bundeskanzlerin Angela Merkel hu sech e Sonndeg e moderéierten Tëlees-Duell geliwwert. Bei de meeschte Punkte ware béid Politiker op enger Linn. Et ass seelen zur direkter Konfrontatioun komm.

auto_stories

4 min

Déi kontrovers Debatt, déi d'Salz an der Demokratie wier, wier an Däitschland ënnergaangen. Dat sot de Martin Schulz ganz am Ufank vun der Televisiouns-Debatt. Déi éischt an eenzeg direkt Konfrontatioun tëscht der aktueller Bundeskanzlerin Angela Merkel an hirem Erausfuerderer. D'Duell tëscht deenen zwee gouf mat Spannung als éischten Héichpunkt vum Wahlkampf erwaart. Mä knapp dräi Woche virun de Bundestagswahlen bleift déi zitéiert kontrovers Debatt aus.

Thema Flüchtlingen

Am Virfeld vum TV-Duell tëscht deenen zwee Spëtzekandidate huet sech an deene leschte Wochen nämlech kee wierklecht Wahlkampfthema erausgeschielt. D'Thema Flüchtlingen a Migratioun huet den Debat allerdéngs während enger Stonn dominéiert. Den SPD-Spëtzekandidat huet der Angela Merkel virgeheit, bei der Flüchtlingskris virun zwee Joer déi europäesch Partner net genuch mat abezunn ze hunn. D'Nopeschlänner wiere viru Fait accomplie gesat ginn. Dat géif dozou féieren, datt Leit, wéi den ungaresche Ministerpresident Orban oder de Parteichef Kaczyński a Polen, sech der Verantwortung géifen entzéien an Däitschland am Stach loossen.

Een Ugrëff, deen d'Angela Merkel net esou stoe léisst. "Dat gesinn ech wierklech anescht, a mengen den Här Schulz weess eigentlech och, datt dat net richteg ass."

Déi aktuell Bundeskanzlerin verweist op d'Ausmooss vun der deemoleger Situatioun an Ungarn während der Flüchtlingskris. Am Liewe vun engem Regierungschef géif et Momenter ginn, wou ee misst entscheeden. "An ech hat Null Hoffnung, datt de Viktor Orban seng Astellung verännere géif."

Verhandlunge mat der Tierkei

Sech entscheeden a Positioun bezéien. Dat huet de Martin Schulz vun der Angela Merkel gefuerdert, wat d'Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei betrëfft. Wann den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan muttwëlleg däitsch Bierger géif festhalen, esou de Martin Schulz, da sollt een d'Gespréicher ofbriechen. "Ech géif déi Propositioun maachen. Dir kënnt jo och elo Positioun bezéien, ob Dir dat och maacht oder net." D'Gespréicher wiere momentan net existent, reagéiert d'Angela Merkel, an et wier ee sech eens, datt se net erfollegräich kéinte weidergefouert ginn.

Ofbriechen oder net weiderféieren. Den Ënnerscheed läit hei an der Nuance. D'Angela Merkel huet, wat den Ëmgang mat der Tierkei betrëfft, fir méi wirtschaftlech Sanktioune plädéiert. Et géif een donieft den Ament iwwerpréiwen, ob méi Reeswarnunge sollen ausgeschwat ginn.

Sozial Gerechtegkeet

No enger Stonn gëtt d'Thema sozial Gerechtegkeet ugeschwat. Een Thema, dat sech den SPD-Kanzlerkandidat Martin Schulz op de Fändel geschriwwen huet. Béid Kandidate wëllen hei de Bierger entlaaschten. Familljepolitik a Bildung sinn allerdéngs net ugeschwat ginn.

Zum Thema Mindestpensiounsalter vu 70 Joer sot d'Angela Merkel "ee ganz kloren Neen". "Fannen ech flott. Madame Merkel à la bonne heure. Dir bezitt Positioun."

Méiglech Koalitiounen

Datt de Martin Schulz senger Kontrahentin am Debat zougestëmmt huet, ass méi dacks virkomm. Anescht gesäit et bei der Koalitiounsfro aus, déi de Moderator ugedeit huet. D'Angela Merkel huet widderholl, datt si keng Koalitioun mat der AfD oder die Linke géif agoen.

Op dës Fro huet de Martin Schulz keng eendeiteg Äntwert ginn. Ähnlech gesäit et bei der Fro vun enger grousser Koalitioun aus. Aktuell ass d'Uniounspartei zesumme mat der SPD an der Regierung. Wäert d'SPD nach eng Kéier als Juniorparnter vun der Unioun an d'Regierung goen? "Ech wäert bis de 24. September probéieren, d'Majoritéit ze kréien", sou de Martin Schulz.

Mä war d'Openaner-Treffe vun deenen zwee Spëtzekandidate wierklech en Duell? Um Kanzlerkandidat Martin Schulz louch am Debat d'Pressioun, sech ze beweisen. Datt hie sech schwéier gedoen huet seng Kontrahentin direkt unzegräifen, kann doru leien, datt seng Partei, d'SPD, déi lescht véier Joer Deel vun der Regierung an Däitschland war. Si war deemno direkt un der Politik vun de leschte Jore bedeelegt.

"Mir packen dat"

"Dir kennt mech", sot d'Angela Merkel viru véier Joer um Schluss vum TV-Duell géint den SPD Politiker Peer Steinbrück. Och dës Kéier huet si hir Erfahrung als Bundeskanzlerin an de Virdergrond gestallt, de Bléck allerdéngs an d'Zukunft geriicht:

Datt Däitschland och an zéng Joer e staarkt Land ass, e sozial gerecht Land, e Land, an deem den Zesummenhalt och wierklech gëllt. An dofir wëll ech schaffen. Fir Iech a mat iech. An ech mengen, datt mir dat zesumme kënne packen."

Eng Uspillung op hir net onëmstridden Ausso "wir schaffen das" vum Summer 2015 mat Bezuch op d'Migratiounskris. Een Thema, deemools wéi haut? Dat wäert sech iwwert déi nächst dräi Woche bis d'Bundestagswahlen de 24. September erausschielen.

Medien-Ëmfroen hunn déi aktuell Bundeskanzlerin Angela Merkel no der Televisiounsdebatt vum Sonndegowend als Gewënnerin gesinn.