Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eenheetlech Kaart, mee keng Reegelen

EU-REAKTIOUN OP CORONA-PANDEMIE

Eenheetlech Kaart, mee keng Reegelen

Rout, orange, gréng Zonen: Dës Woch si sech déi 27 EU-Länner eens ginn, iwwer een eenheetleche System fir Risikogebidder auszeweisen. Wat bréngt dee System? A firwat ass Lëtzebuerg net zefridden domat? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

Déi éischt Fro: Gëtt et elo méi einfach?

Et kënnt drop u fir wien. Positiv ass sécher, datt et elo een eenheetleche System gëtt. Dee funktionéiert esou: Et kann ee vläicht kuerz erklären, wéi dee funktionéiert: D'EU-Länner mussen der ECDC (EU-Agence fir Krankheetspreventioun zu Stockholm) Donnéeë liwweren, iwwer d'Zuel vun den Nei-Infektiounen an doriwwer, wéi vill getest gouf.

D'Agence klasséiert dann d'Länner (a Regiounen) a gréng, orange a rout Zonen an. An déi Kaart gëllt fir d'ganz EU, an alle 27 EU-Länner. Et ass also eriwwer domat, datt jiddwereen seng eege Faarwe-Klassementer mécht.

Wat heescht dat dann elo fir mech, wann ech z. B. aus enger rouder Zone kommen a wëll an eng orange an d'Vakanz fueren?

Genee do läit de Probleem, well doriwwer ass ee sech net eens ginn. Et bleift de Länner iwwerlooss hir eege Reegelen opzestellen.

Festgehale gouf just, dat fir gréng Zone keng Restriktioune gëlle sollen, an zwar an der ganzer Europäescher Unioun.

Wat fir eng Restriktiounen awer fir rout oder orange Zone gëllen, ass weiderhin net op europäeschem Niveau gereegelt. Doriwwer ass ee sech ganz einfach net eens ginn, also ob a wéi laang eng Quarantän gëlle soll, oder ob een 1 oder 2 negativ Tester brauch an esou weider.

Fir Leit, déi reesen, gëtt et also am Fong just da méi einfach, wa si aus enger grénger Zon kommen. Allerdéngs géif deene Krittäre no, wéi se elo definéiert goufen, sou gutt wéi kee Land an der EU als gréng gëllen.

Wéi wier Lëtzebuerg dann agestuuft?

Lëtzebuerg wier ganz kloer eng rout Zon. Als Kritä fir de Klassement gëllt jo den Taux d'incidence, dat heescht d'Zuel vun den Nei-Infektiounen pro 100.000 Awunner an de leschten 14 Deeg, an den Taux vun de positiven Tester.

Rout ass ee Land dann, wann deen Taux d'incidence iwwer 50 an de Positivitéits-Taux iwwer 4 Prozent leien. Et gëllt awer och: Wann ee bei den Nei-Infektiounen pro 100.000 Awunner an de leschte 14 Deeg iwwer 150 läit, dann ass een d'office als rout aklasséiert.

An do läit Lëtzebuerg mat engem Taux vun iwwer 200 kloer driwwer.

Lëtzebuerg wier iwwregens deem dote Klassement no just tëschent dem 24. Abrëll an dem 3. Juli gréng gewiescht. Zanterhier wier de Grand Duché permanent rout gewiescht.

Iwwerhaapt ass d'Kaart den Ament zimmlech vill rout, bal d'Hallschent vun den EU-Länner sinn an deem Fall, de Gros vum Rescht ass orange.

Méi praktesch gefrot: Wou kann een déi Kaart da kucke goen?

D'Kaart ass nach net online, si gëtt an den nächsten Deeg op der Säit vun der EU-Agence (ECDC) publizéiert. Si soll duerno och op Reopen Europe drop sinn - dat ass eng Internet-Säit vun der Europäescher Kommissioun. Si ass ganz praktesch, et kann ee fir all Land kucken, wéi do jeeweils d'Reegele sinn.

Esou Tabellen oder Kaarten hunn eng ganz Partie Regierungen, och zum Beispill eis belsch Noperen, online gesat. D'Lëtzebuerger sinn do leider manner verwinnt. Wie sech bei eis renseignéiere wëllt, huet bis elo missen lénks a riets no den Informatioune siche goen.

Lëtzebuerg huet et vläicht och dowéinst net fir néideg gehalen, esou eppes ze offréieren, well de Grand Duché selwer keng Rees-Restriktiounen ageféiert huet a sech och explizitt dogéint ausschwätzt.

Dat ännert natierlech näischt drun, datt all Lëtzebuerger, deen an d'Ausland wëllt - an dat kënnt jo mol vir - mat deem Problem konfrontéiert ass.

Deen neie System bréngt jo dann op d'mannst emol eng eenheetlech Kaart fir d'EU. Firwat ass Lëtzebuerg dann net zefridden domat?

D'Argumentatioun ass am Fong déi nämmlecht bliwwen:

Dee Klassements-System bestrooft déi, déi vill testen.

Allerdéngs ass een beim neie Klassement Lëtzebuerg duerchaus ee Schratt entgéint komm, an deem een eben och kuckt, wéi vill Tester gemaach ginn. De Posititvitéits-Taux gëtt jo doduerch beaflosst, wéi vill een test.

Mee et ass wouer, datt och an dësem System, d'Chance rout ze sinn, méi grouss ass, wann ee méi test.

Dowéinst ass Lëtzebuerg dofir, datt d'Zuel vun den Tester méi staark an och nach aner Krittären misste berücksichtegt ginn. Et waren och nach aner Länner net zefridden, wéi dat dës Woch decidéiert gouf. Bis elo gouf awer keng Géigepropos op den Dësch geluecht, do wier et vläicht un der Zäit dat ze maachen.

Lëtzebuerg kritiséiert och méi prinzipiell d'Aart a Weis, wéi een hei un déi Saach erugeet. Den Accent géif ze staark op Restriktiounen vun der Libre circulation, also vrum fräie Reese geluecht. De Sujet steet haut um EU-Sommet och um Ordre du jour. An do wäert sech de Premier Xavier Bettel eisen Informatiounen no dofir asetzen, datt dee System verbessert gëtt.

Fazit: Et ass een éischte Schrëtt, erauskoum ëmmerhin eng eenheetlech Kaart, et wier gutt, nach un de Krittären ze feilen an dann natierlech méiglecherweis eenheetlech Konsequenzen ze zéien iwwer Reegelen, déi sech aus dem Faarfsystem erginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.