Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech Temoignagen an der Impeachment-Prozedur

Ukrain-Affär

Ëffentlech Temoignagen an der Impeachment-Prozedur

Haut kënnt et zu den éischten ëffentlechen Temoignagen an der Impeachment-Prozedur géint den Donald Trump. Dës Woch wäerten dräi Offizieller hir Andréck ginn zum President senger Politik vis-a-vis vun der Ukrain. Demokrate mengen, et wier do zu engem Abus de pouvoir komm.

auto_stories

3 min

De President huet sech zur Impeachment-Prozedur an deene leschten Deeg just per Twitter gemellt. Hien ass wéi gewosst der Meenung, datt hien näischt falsch gemaach huet, an datt et sech hei ëm eng zweet Hexejuegd géint hien handelt, wéi schonn an der Russland-Affär.

Déi éischt Temoignagen

Demokraten hunn zanter dem Ufank vun dëser Enquête just hanner zouenen Dieren Temoignagen héieren. Dat huet Republikaner genervt, obwuel och hir Representanten an de verschiddene Kommissiounen hunn dierfte mat lauschteren.

Si hu gesinn, wéi déi vill Offizieller aus dem Ausseministère éischtens d'Detailer vum Lanceur d'alerte confirméiert hunn. Zweetens hu si e Portrait geschaaft vun engem President, dee prett war fir militäresch Hëllef un d'Ukrain ze stoppen, wann hire President net géif eng Enquête géint de fréiere Vizepresident Joe Biden géing starten.

D'Meenunge ginn auserneen

Esou e Versuch d'Aussepolitik vun den USA fir politesch Zwecker ze benotze wier schlëmm genuch, fir de President aus sengem Amt ze geheien, mengen d'Demokraten.

D'Meenung vun de Republikaner, déi héiert een am Beschten op Fox News, zum Beispill vum Donald Trump senger Beroderin Kellyanne Conway, déi seet, datt d'Zeie bis elo just Saachen ugeholl oder interpretéiert hätten. Et wier ni Informatioun aus éischter Hand gewiescht, an déi Zeie géife sech ëmmer op aner Leit beruffen, mee hätte selwer näischt matkritt. Esou kéint een en demokratesch gewielte President net erausgeheien.

Dem Donald Trump seng Berooderin d'Kellyanne Conway. Foto: picture alliance / Consolidated News Photos/Stefani Reynolds

D'Kellyanne Conway seet, datt den Donald Trump 2020 nees gewanne wäert, an datt dat de Grond wier, wisou d'Leit am Kongress hie wéilten erausgeheien: déi demokratesch Kandidate fir d'Presidentschaftswahlen 2020 hätten nämlech keng Ahnung a si kéinten net gewannen.

Temoignagë ginn ëffentlech iwwerdroen

Um néng Auer moies Lokalzäit fänken déi ëffentlech Temoignagen un. Um Fernseh kann een dës Zeie gesinn: haut sinn zwee Offizieller aus dem Ausseministère drun, déi relativ onbekannt sinn, oder éischter déi et waren.

Well geschwënn sinn de William Taylor an den George Kent drun. Den Taylor ass nach ëmmer de Chargé d'affaires an der amerikanescher Ambassade zu Kiew. De Kent ass en héijen Offiziellen am Ausseministère fir Europa an Eurasien. Béid soen, si wéissten wéi den Donald Trump eng Enquête géint säi politesche Géigner ugefrot hat, an hien ënner Drock gesat hat.

Hir Temoignagë ginn natierlech live um Fernseh iwwerdroen.