Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffnungszäiten: Liberaliséierung oder Reglementatioun?

Commerce

Ëffnungszäiten: Liberaliséierung oder Reglementatioun?

Während d'Handelskonfederatioun eng Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce géif begréissen, ass den OGBL géint eng "total Liberaliséierung". No engem Uerteel vum Verwaltungsgeriicht huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an Aussiicht gestallt, datt déi gesetzlech gereegelt Ëffnungszäiten ënner bestëmmte Konditioune kéinten ewech falen.

auto_stories

2 min

Ee Bäcker, dee wéinst der Konkurrenz vun enger Tankstell Moies um fënnef Auer amplaz um sechs Auer wollt opmaachen, krut dofir net d'Erlaabnis vum Wirtschaftsministère. No engem fir hien éischte Succès virum Verfassungsgeriicht huet d'Vewaltungsgeriicht de Refus vum Ministère am Oktober annuléiert. Well et sech ëm ee Formfeeler géif handelen, misst de Ministère elo an Appell goen, seet den Etienne Schneider. Datt d'Tankstellen an aner Geschäfter net d'selwecht behandelt ginn, wier schonn zënter méi laang bekannt. Et kéim een net laanscht eng gesetzlech Léisung.

"Wiel tëscht zwee Systemer"

Et hätt een d'Wiel tëscht zwee Systemer, esou den Etienne Scheider. Entweder kéint een d'Reglementatioun iwwer d'Ëffnungszäiten ophiewen, oder et géif een d'Tankstelle verflichten, aner Wuere wéi Bensin just zu deenen Zäiten ze verkafen, zu deenen och Supermarchéen oder Bäckereien däerfe verkafen.

Den Direkter vun der Handelsfederatioun Nicolas Henckes plädéiert fir eng Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Respekt vum Aarbechtsrecht.

Fir den OGBL kéim eng "total Liberaliséierung" vun den Ëffnungszäiten net a Fro, seet de Gewerkschaftler Christophe Rewenig. Den aktuelle System vun den Derogatioune wier net optimal, mä ee Geriichtsuertdeel dierft net dozou féieren, datt d'Aarbechtszäite fir verschidde Leit komplett dereguléiert géife ginn. Och hie proposéiert, fir den Tankstellen eventuell ze verbidden, fir zu gewëssen Zäite verschidde Produiten ze verkafen.

Et brauch eng nei gesetzlech Regelung

Wéinst den neie Gewunnechte vun de Konsumente schléisst de Minister Schneider dës Optioun awer aus. Den Etienne Schneider favoriséiert eng aner Léisung. Wann d'Personal baussent den normalen Ëffnungszäite misst schaffen, da missten d'Avantagë kloer gereegelt ginn. Konditiounen, wéi zousätzlech Boni, oder zousätzlech Congésdeeg wieren an deem Fall eng Méiglechkeet.

Et géif och Tankstelle ginn, déi 24 Stonnen op 24 op hunn, seet de Christophe Rewenig. Dat misst een am Fall vun enger Liberaliséierung bedenken, wann een d'Ëffnungszäite vun de Geschäfter un déi vun den Tankstelle wéilt upassen.