Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - January

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Efforten néideg fir Rentereserven ze erhalen

Pensiounskees

Efforten néideg fir Rentereserven ze erhalen

De Pensiounsfong steet den Ament gutt do, war d'Conclusioun vum zoustännege Minister Claude Haagen bei der Presentatioun vum technesche Bilan vun der Couverturesperiod 2013 bis 2022. D'Inspection générale vun der Sécurité sociale ass bei hire Projektioune bis 2070 allerdéngs manner optimistesch.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / LookerStudio

Lauschterenplay_arrow


D'lescht Joer goufen iwwer 5,3 Milliarden Euro u Pensiounen u ronn 194.000 Beneficiairen ausbezuelt. Recette krut de Pensiounsfong ronn 5,8 Milliarde vun iwwer 461.000 Assuréeën eran. Dat entsprécht ronn 42 Pensiounen op 100 Assuréeën.

D'Reserve ass mat bal 23,9 Milliarden Euro am Verglach mat 2013 ëm 88 Prozent gewuess. Insgesamt also eng ganz komfortabel Situatioun, déi sech an den nächste Joerzéngten awer kéint drastesch änneren.

Mam aktuelle System wier d'Reserve 2047 opgebraucht

Laut de Projektioune vun der Inspection générale vun der Sécurité sociale bis 2070 kéint nämlech d'Zuel vu Pensionéierte relativ séier iwwer déi vun de Salariée klammen. De finanziellen Desequiliber wier mam aktuelle System bis 2041 erreecht, bis 2047 wier d'Reserve opgebraucht. Wat misst geschéie fir deem entgéint ze wierken, dozou sot de Kevin Everard vun der IGSS:

"Op der Säit vun de Recetten hätte mer e Facteur vun der Soutenabilitéit vun 2,1 Prozent. Dat heescht ronn 2 Prozent wieren un zousätzleche Recette benéidegt, fir den Equiliber bäizebehalen. An op der Säit vun der Depense bräicht een 1,8 Prozent manner Ausgaben, fir den Equiliber bäizebehale bis zum Schluss."

De Lëtzebuerger Pensiounssystem ass op engem Ëmlageverfaren opgebaut - dat heescht, datt d'Pensioune bezuelt gi vun de Bäiträg vun der aktiver Populatioun. De Claude Haagen, Minister vun der Sécurité sociale, seet:

"Dir wësst, datt mir vun 1990 un déi 3x8 hunn, dat heescht 24 Prozent vum Taux de cotisation globale, fir datt d'Reserve ëmmer kann iwwer dem legale Minimum vun 1,5 Mol de Joresausgabe bleiwen."

Wann elo den Emploi awer manner séier wiisst wéi d'Zuel vu Pensionären, da ginn dës 24 Prozent iergendwann net méi duer, an d'Reserve muss ugezaapt ginn. Dee Moment kéint een de Cotisatiounstaux erhéijen. Fir déi nächst Couverturesperiod bis 2032 kéint den Taux awer nach um aktuelle Stand bleiwen, esou d'IGSS.

De Pensiounsrapport gëtt elo un de Wirtschafts- a Sozialrot virugereecht. Dee soll eng Analyse maachen a Léisungsvirschléi ausschaffen - wéi eben eng méiglech Upassung vum Cotisatiounstaux oder en Erofsetze vun de Pensiounen - fir dat finanziellt Gläichgewiicht vun der Pensiounskeess laangfristeg ze erhalen, esou de Minister Claude Haagen.

De Kompensatiounsfong investéiert déi Suen, déi net als Pensiounen ausbezuelt ginn, an Aktien, Obligatiounen, a Matières premières, oder an den Immobiliëmarché. D'Investitiounspolitik vum Kompensatiounsfong stoung dobäi an der Vergaangenheet heefeg an der Kritik, well net sozial an nohalteg investéiert gouf.