Dee Päiperlek gëtt et u sech scho laang zu Lëtzebuerg, e konnt schonn am 19. Joerhonnert hei am Land nogewise ginn. Den Eichenprozessionsspinner kann een am Larvestadium gutt erkennen duerch d'Hoer, déi en u sengem Kierper huet, mee och duerch säi Verhalen. D'Raupe wandere quasi a Prëssessiounen an hale sech zesummen an Näschter op. Et wier schwéier virauszesoen, wéi séier e sech verbreede kann, seet d'Martien Neuberg, vun der Natur- a Bëschverwaltung.
"De Päiperlek flitt relativ wäit fir déi Zort vun Insekt an doduerch kann e sech esou gutt verbreeden. Dat mécht et och ganz schwéier fir ee Monitoring vun de Päiperleken ze realiséieren."
Raupe kënne geféierlech fir Mënsch an Déier sinn
Den Eichenprozessionsspinner ass nëmme geféierlech als Raup. D'Hoer stoussen een Nesselgëft aus an hu Widderhaken, déi sech an der Haut vu Mënsch an Déier festsetzen. Dat Nesselgëft provozéiert Irritatiounen op der Haut, an den Aen oder an de Longen. A ganz seelene Fäll kann dat och zu engem allergesche Schock féieren.
Raupe vu spezialiséierte Firmaen entsuerge loossen
Observéiert een esou een Nascht, da kann een dat bei der Naturverwaltung mellen, esou d'Martine Neuberg.
"Mir versichen dann ee Monitoring ze maachen a kucken, wou de Päiperlek virkënnt an a wat fir enger Quantitéit. Ewech maache soll een dat ënner kengen Ëmstänn selwer, well et immens geféierlech ass. Et soll een eng spezialiséiert Firma ruffen. Déi saugen dat of, entsuergen d'Hoer an d'Raupen an hunn och Schutzkleeder un.
An der Natur ginn et och aner Zorte Gespinnspäiperleken
Et soll een déi aner Zorte Gespinnspäiperleken net fäerten, mee bei Raupe soll een ëmmer virsiichteg sinn, warnt d'Martine Neuberg.
"Et ginn nach aner Aarten, déi net esou schlëmm fir de Mënsch si wéi den Eichenprozessionsspinner, mee trotzdeem soll een awer oppassen. Och déi hunn Ofwiermechanismen."