Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Tulipe (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eis gëtt et zanter Joerhonnerten"

Festival de Cannes 2019

"Eis gëtt et zanter Joerhonnerten"

D'Leyna Bloom ass déi éischt Afro-amerikanesch transgender Actrice um Filmfestival vu Cannes. Am US-Film "Port Authority", deen an der Kategorie Un Certain Regard zu Cannes leeft, spillt si d'Haaptroll. D'Maxi Pesch huet déi 25 Joer jonk Actrice zu Cannes getraff a mat hir iwwer dësen aussergewéinleche Moment geschwat.

auto_stories

2 min

"Gëschter wéi ech de Film gesinn hunn, dat war en immenst Gefill. Wou ech mech gesinn hunn, virun der Kamera sot ech mir. Oh mäi Gott dat hei geschitt elo wierklech! Ech gesi Supper aus a meng Schauspillerei ass genial. Du kanns de Moment eréischt jugéiere wann e geschitt ass."

Determinéiert, selbstsécher a voller Energie. Esou wierkt dat jonkt transgender Modell. Zu Cannes huet d'Leyna Bloom mat hirer Haaptroll am Danielle Lessovitz hirem Film "Port Authority" Geschicht geschriwwen huet. Als éischt faarweg transgender Schauspillerin. Vu jonkem um hätt Si eng Responsabilitéit gespuert.

"Well ech hunn dat Liewen hei erausgesicht an d'Liewen huet mech erausgesicht. Ech gouf dacks mat Transphobie, Homophobie, Rassismus a Sexismus konfrontéiert. Ech wousst datt meng Zäit géif kommen an datt ech dee Moment hei géif kréien. Ech hu missten duerch déi Brutalitéit, duerch déi Trauer goen. Déi Momenter ware wichteg well se hu mech hei hi bruecht. Wisou huet et esou laang gedauert bis eng éischt faarweg Transgender Fra op Cannes komm ass? Eis gëtt et zënter Joerhonnerten."

"D'Ballroom Kultur huet mech mat 15 Joer fonnt. Ech hu bei de Kompetitioune mat gemaach an hunn duerno och dacks gewonnen. Ech sinn duerch ganz Amerika gereest. Et war meng original Plattform."

Wéi am Film huet d'Leyna Bloom och do hier ganz eege Famill kënne geléiert. Hier Bridder a Schwësteren.

"Ech hat keng Geschwëster déi déi selwecht Experienz duerchgemaach hu wéi ech. Ech hunn duerno an der Welt Leit fonnt déi sou ware wéi ech. Wéi Geschwëster. Mir deelen déi selwecht Saachen. Also souguer wa mir schonn eng eege Famill hu siche mir eis awer nach eng eege Famill eraus. E Brudder an eng Schwëster ass einfach wei e beschte Kollegen."

No hire Roll a "Port Authority" deen zu Cannes an der Kategorie "Un Certain Regard" leeft, well d'Leyna Bloom als éischten Transgender bei Victoira Secret als Modell lafen.