Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eis Konkurrente schlofen och net"

Arcelor Mittal

"Eis Konkurrente schlofen och net"

Wéinst der internationaler Konkurrenz am Stolsecteur huet Arcelor-Mittal Lëtzebuerg ee sougenannten Transformatiounsplang ausgeschafft. Concernéiert si Belval an Déifferdeng, déi zesummen 1.800 Leit beschäftegen.

auto_stories

2 min

De Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg Roland Bastian

Um Belval gi Palplanchë produzéiert an zu Déifferdeng sinn et riseg Träger. Bannen de leschte fënnef Joer goufen op béid Sitten 200 Milliounen investéiert, sot de Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg Roland Bastian. An den nächste fënnef Joer wëllt een dee sougenannten Transformatiounsplang ëmsetzen. "Mir hunn zu Lëtzebuerg nach eng grouss Aktivitéit.", seet de Roland Bastian.

Den Transformatiounsplang wier awer keen einfache Restrukturatiounsplang, präziséiert de Roland Bastian. D'Konkurrenz géif net schlofen: "Wann déi gesinn, datt verschidde Produite gutt um Marché ukommen, da probéieren déi, déi ze kopéieren." Beim Transformatiounsplang géif et och dorëms goe fir sech de Realitéiten unzepassen. De Roland Bastian nennt do ënner anerem d'Energiepräisser.

Un d'Realitéiten upassen

Arcelor Mittal wier awer och vu politesche Mesurë betraff, seet de Roland Bastian:

"Een Impakt hunn do d'Decisioune vum US-amerikanesche President Donald Trump iwwer eng Erhéijung vun den Taxen op Importer vu Stolproduiten. Déi leien elo bei 25 Prozent fir d'Stolproduiten. Eis kommerziell Marge ass dowéinst méi kleng ginn. Dat huet direkt Konsequenze fir Lëtzebuerg. D'Exporter vun Arcelor-Mittal Lëtzebuerg ginn doduerch méi deier. Iwwerdeems ännere sech weltwäit d'Stolstréim. Länner, déi bis elo an d'USA exportéiert hunn, reorientéieren hir Verkeef a Richtung Europa, wou et bis elo schonn eng Iwwercapacitéit gouf."

Um kommerzielle Plang wëllt ee sech besser opstellen, d'Digitaliséierung an der Produktioun soll virugedriwwe ginn. Wéi vill Aarbechtsplazen duerch dëse Plang ewechfalen, dat wollt de Roland Bastian net präziséieren.

D'Fuerderung vun de Gewerkschafte fir iwwer een neien Tripartitesaccord ze verhandelen, leent de Roland Bastian of. D'Reduzéierung vun den Aarbechtsplaze soll iwwer déi normal Ofgäng gereegelt ginn. Sollt d'Situatioun sech an engem gréissere Mooss änneren, schléisst hien awer verschidde Verhandlungen net aus.