Radioen

On air

Simon Says  |  Purple Disco Machine & Bosq - Wake Up! Feat. Kaleta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Conclusiounen aus der "Bouvier-Affär"

Freeport

Éischt Conclusiounen aus der "Bouvier-Affär"

Mam Projet vum Freeport Lëtzebuerg gouf d'Zäit nom Bankgeheimnis mat enger zousätzlecher Nisch preparéiert. D'Fräihandelszon soll als Depot fir Konschtwierker an aner wäertvoll Géigestänn ee Service fir eng ultra-räich Clientèle sinn. Si soll och der Finanzplaz, dem Logistiksecteur an der Konschtzeen am Land ze gutt kommen. Fir den Ament ass de Freeport awer an éischter Linn eppes: Ee Risiko fir den Image vum Land, mengt d'Pia Oppel an der Wirtschaftschronik.

auto_stories

3 min

Ënnert dem Titel "The Bouvier Affair" kënnt den US-Magazin "The New Yorker" a senger aktueller Editioun am Detail op eng Affär ze schwätzen, déi d'New York Times schonn als dee "méiglecherweis gréisste Sträit an der haiteger Konschtwelt" bezeechent huet.

Am Mëttelpunkt steet den Haaptinvestisseur vum Lëtzebuerger Freeport, de Schwäizer Geschäftsmann Yves Bouvier. Hie kritt vum russeschen Oligarch Dimitry Rybolovlev virgeheit, him Biller zu iwwerdeierte Präisser verkaf ze hunn. De Bouvier hätt doduerch eng Milliard Dollar an déi eegen Täsch fléisse gelooss. Am Artikel heescht et, dass dës Suen de Bau vum Bouvier senge Freeporten zu Singapur an zu Lëtzebuerg finanzéiert hunn.

"Terribelen Interessekonflikt"

Den Direkter vum Lëtzebuerger Freeport David Arendt seet dem New Yorker géigeniwwer, hien hätt näischt vum Bouvier sengen Aktivitéiten als Konschthändler gewosst, bis hien dat am Februar 2015 aus enger Zeitung gewuer gi wier.

Dass de Bouvier säin Insider-Wëssen als Bedreiwer vu Konschtdepote soll genotzt hunn, fir mat Hëllef vu Stréimänner oder Bréifkëschtefirmaen am grousse Stil selwer mat Konscht ze handelen, stéisst an der Konschtwelt op Kritik. Net wéinst der Intransparenz vun dësen Transaktiounen, mee wéinst dem "terribelen Interessekonflikt", wéi d'New York Times am September geschriwwen huet. Am New Yorker réit dowéinst ee Konschthändler dovunner of, dem Bouvier seng Freeporten als Tëschelager bei Konschtransaktiounen ze notzen.

D'Affär "Rybolovlev-Bouvier" ass viru Geriicht an natierlech gëllt d'présomption d'innocence. Trotzdem kann een aus Lëtzebuerger Perspektiv schonn elo eng Rei Conclusiounen zéien.

Wat bréngt de Freeport?

Beim Versuch déi Lëtzebuerger Wirtschaft méi breed opzestelle sollt ee sech net eleng op de gudde Rot vu Consultingsfirme verloossen. Dreiwend Kraaft beim Projet Freeport Lëtzebuerg war Deloitte. De fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden huet sech vun der Iddi begeeschtere gelooss. Mee bis haut gëtt et zu Lëtzebuerg keen nennenswäerten "Art&Finance-Cluster", wéi d'Beroder et der Politik an Aussiicht gestallt hunn. Och an der Logistik an an der Konschtzeen spillt de Freeport kaum eng Roll.

Dorausser ergëtt sech eng weider Conclusioun: D'Land sollt net op Nische setzen, déi kaum Substanz mee vill Risike mat sech bréngen. De Konschtmarché ass wéineg reguléiert a lieft vun Diskretioun an Intransparenz. Ee Vertrieder vun Deloitte Lëtzebuerg gëtt an der kanadescher "Globe and Mail" mat der Ausso zitéiert: "Konscht ass offensichtlech déi Zort Investissement, déi sech fir Geldwäsch eegent". Stellt sech d'Fro, firwat de Grand-Duché, dee säi Ruff international wëll verbesseren, sech mam Freeport matten an d'Welt vum Konschthandel stierzt.

Wirtschaftspolitik amplaz Nation Branding

Wann een dann Nischen opbaut, sollt een och un d'Nohaltegkeet vun der neier Aktivitéit denken. Ënnert dem Imageschued, deen de Freeport bis ewell erlidden huet, schéngt och d’Geschäft ze leiden: D'Sich no engem Repreneur vum Bouvier senge Parte kënnt eisen Informatiounen no net virun.

Fir et kuerz ze faassen: Amplaz mat Nation Branding géint Wandmillen ze kämpfen, sollt een eng uerdentlech Wirtschafts-, Fuerschungs- a Standuertpolitik maachen.