Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt ëffentlech Unhéierungen

Impeachment-Prozedur

Éischt ëffentlech Unhéierungen

Et geet weider an der Impeachment-Prozedur géint den Donald Trump. Et ass elo un der Rei vum fréieren amerikaneschen Ambassadeur an der Ukrain fir ëffentlech ze temoignéieren. An den éischten ëffentlechen Temoignagen hunn zwee héich Offizieller aus dem Ausseministère beschriwwen, wéi de President militäresch Hëllef un d'Ukrain wollt stoppen, am Echange géint eng Enquête géint säi politesche Géigner Joe Biden.

auto_stories

3 min

Den Numm ass Marie Yovanovitch. Si wäert haut hiren Temoignage viru lafende Kameraen ofginn. Si gouf als Ambassadeur an der Ukrain vun der Trump-Regierung erausgeheit an ass elo prett fir ëffentlech ze soen, wat fir Accorden den Donald Trump mat sengem Géigeniwwer Volodymyr Zelensky wollt agoen.

D'Marie Yovanovitch. Foto: picture alliance/NurPhoto/Maxym Marusenko

E Mëttwoch hunn dës ëffentlech Temoignagë fir d'éischte Kéier all Tëleeschaînen an Amerika dominéiert.

Stonnelaang hunn zwee Diplomaten d'Froe vun de Membere vun der Renseignement-Kommissioun beäntwert. De William Taylor ass de Chargé d'affaires an der amerikanescher Ambassade zu Kiew. Den George Kent ass den Ukrain-Expert am Ausseministère.

Net vill Neies, ausser ...

Vill Neies hu si net erzielt. Hiert Wësse vun der Trump-Regierung hirer dubiéiser Ukrain-Politik war scho bekannt. Si schéngen unzedeiten, datt et effektiv en direkte Lien gëtt tëschent engem Stopp vun der militärescher Hëllef un d'Ukrain an der Demande, datt Kiew eng Enquête sollt starte géint dem Trump säi politesche Géigner Joe Biden.

De William Taylor hat do awer eng nei Revelatioun iwwer d'Aarbecht vum Donald Trump, zesumme mam amerikaneschen EU-Ambassadeur Gordon Sondland.

"Leschte Freideg hu Membere vu menger Equipe mir Detailer erzielt vum 26. Juli. Den Ambassadeur Volker an ech waren op der Front, mee ee vu menge Mataarbechter war mam Ambassadeur Sondland ënnerwee. No enger Reunioun huet de Sondland an engem Restaurant de President Trump ugeruff an him vu senge Reuniounen zu Kiew erzielt. Mäi Mataarbechter huet héieren, wéi de President den Ambassadeur Sondland iwwer d'Enquête gefrot huet."

Déi Enquêten, esou hëlt et de William Taylor un, waren déi, déi den Trump wollt. Enquêten iwwer den Joe Biden a säi Jong, deen am Verwaltungsrot vun enger ukrainescher Energiefirma souz. Am Echange fir déi Enquête géif den Trump d'militäresch Hëllef un d'Ukrain net astellen.

Demokraten: Gouf et en Abus de pouvoir?

Demokrate sinn der Meenung, datt esou Taktiken zu engem Impeachment vum President kéint féieren. Hire Chef an der Kommissioun ass den Adam Schiff.

"Wa mir sollten erausfannen, datt de President schëlleg ass fir en Abus de pouvoir, an deem hien e Land invitéiert huet fir eis Wahlen ze beaflossen, oder an deem hien en Alliéierten ënner Drock gesat huet fir eng Enquête ze starten, déi him politesch konnt hëllefen, an deem hie prett war militäresch Hëllef oder en Treffen am Wäissen Haus op d'Spill ze setzen, solle mir dat einfach si loossen? Solle mir vun elo un esou Saache vun eisem President erwaarden? Wann dat keen Impeachment verdéngt huet."

Demokraten a Republikaner hunn an dëser Seance gewisen, datt si hirer Linn trei bleiwen. De wichtegste Republikaner an der Renseignement-Kommissioun ass den Devin Nunes, en Alliéierte vum President:

"Solle mir dëse Leit gleewen, wa si mat engem neie Koup Uschëllegungen hei ukommen? Jiddwereen deen d'Taktik vun den Demokrate kennt, wäert net iwwerrascht sinn, datt mir hei all Zeechen hu vun enger Campagne géint de President an Zesummenaarbecht mat de Medien."

Dem Donald Trump seng Presidence kéint virleefeg op en Enn kommen, mee hien huet sech roueg gewise wärend dësem éischten Dag vun ëffentlechen Temoignagen. Hien hätt d'Unhéierungen net gekuckt, well hien ze vill ze dinn hätt. Et wier eng grouss Hexejuegd, huet hie widderholl. D'nächst Woch ginn aacht weider Zeien erwaart.