Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte Waltour vun de Parlamentswalen a Frankräich

Frankräich

Éischte Waltour vun de Parlamentswalen a Frankräich

Am éischten Tour vun de franséische Parlamentswale krut dat lénkt Bündnis NUPES mat 25,6 Prozent am nationalen Duerchschnëtt dat bescht Resultat. Trotzdeem huet dem Emmanuel Macron säi Bündnis Ensemble! gutt Chancen nom zweeten Tour an enger Woch déi meescht Deputéiert ze stellen. D'Previsioune setzen Ensemble op 255-295 Sëtz an der Assemblée Nationale, d'Nupes op 150-190 Sëtz. Zu Paräis huet déi néi lénk Allianz en ambivalente Walowend gefeiert.

auto_stories

3 min

Zwar féiert dat lénkt Bündnis NUPES en Tête a Tête géint dem Emmanuel Macron seng Partei Ensemble, an awer komme si Previsiounen no op maximal 190 Sëtz an der Assemblé Nationale. Wäit ewech vun der Majoritéit vun 289 Sëtz déi et brauch, fir eng Regierung ze stellen, oder dovunner, de Jean-Luc Mélenchon als neie Premier Minister ze ernennen. E bëssen driibseg, mee trotzdeem zouversiichtlech, gratuléiert de lénke Spëtzekandidat der neier Allianz.

"On observant ce résultat qui est le résultat d'abord d'un accord historique. Celui qui a permis la naissance de la nouvelle union populaire écologique et sociale."

Am Géigesaz zu de Presidentielle kënnt et an de Parlamentswalen awer net op den nationale Score un, mee d'Partei muss a méiglechst ville Walkreesser gewannen. Dat frustréiert de Stéphane Troussel, sozialistesche President vum Departement Seine-Saint-Denis.

"Contenu cette configuration totalement inédite dans notre pays, une opposition qui arrive en tête des élections législatives au lendemain de cette élection présidentielle, c'est complètement inédit."

Vun der politique fiction bei d'Realitéit

Hätt d'Gauche am éischten Tour vun de Presidentiellen den 10. Abrëll dat nämmlecht Walresultat erreecht: si hätt real Chancen op de Presidenteposte gehat. Bereit een et, datt et net zwee Méint méi fréi zu dëser Allianz komm ass? De Julien Bayou, Kandidat an National-Sekretär vun den Ekologisten, weist sech vun der Fro irritéiert.

"Et qu'est-ce que devient la NUPES, et qu'est-ce que serait passé si ceci, si cela. Mais je peux pas répondre, c'est de la politique fiction. Si il y a deux mois, au soir du 10 avril, vous m'aviez dit qu'on ferait bannière commune, qu'on amènerai autant de monde aux urnes et qu'il y ai une possibilité de majorité de gauche écologiste, en vrai je vous aurais pas cru."

Däitschland als Modell

D'Ekologisten, mee och d'Sozialiste goufe vun hiren auslännesche Pendante wéinst hirer Allianz mat der euro- an Nato-skeptescher France Insoumise kritiséiert. Dem Julien Bayou liicht dës Kritik net an. D'NUPES géif sech un der däitscher Ampel-Koalitioun inspiréieren, sou de gréngen National-Sekretär. Konkret nennt hien den 9-Euro-Zuchticket, deen et fir dräi Méint an Däitschland gëtt. E weidert Beispill wier de Mindestloun, deen déi däitsch Regierung ëm 15 Prozent an d'Luucht gesat huet.

Däitschland muss och e Modell ginn, falls sech d'Walresultat vum éischten Tour dëse Sonnde widderhëlt. Den Emmanuel Macron wäert wuel an der Assemblée Nationale keng absolut Majoritéit hunn a wäert op Partner ugewise sinn. Eppes, woumat et a Frankräich wéineg Erfarunge ginn.