Radioen

On air

Notturno  |  Peter Tosh - Johnny B. Goode

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat groussen Ambitioune Richtung Bundeskanzler

Virun de Wahlen an Éisträich

Mat groussen Ambitioune Richtung Bundeskanzler

Den éisträicheschen Ausseminister fuerdert, datt d'Mëttelmierroute fir Flüchtlinge soll zougemaach ginn. De Sebastian Kurz, deen zënter Kuerzem och Chef vun der konservativer Partei ÖVP ass, weist mat senger Fuerderung awer virun allem, datt hie grouss Ambitioune fir d'Wahlen am Oktober an Éisträich huet.

auto_stories

3 min

Nom Récktrëtt vum Vize-Kanzler an deemolegen ÖVP-Parteichef Reinhold Mitterlehner sinn déi virgezunne Wahle Mëtt Oktober néideg ginn. No méintelaangem Sträit an der Koalitioun tëscht der sozialdemokratescher SPÖ a senger Partei ÖVP huet de Reinhold Mitterlehner d'Handduch geworf. De Sebastian Kurz ass säin Nofolger un der Parteispëtzt a Spëtzekandidat bei dëse Wahlen am Oktober. Hie verstoppt seng Ambitiounen net, fir éisträichesche Bundeskanzler ze ginn. Mam Zil d'Wieler vun der riets-nationaler FPÖ fir sech ze gewannen, dréckt hien ëmmer méi restriktiv Fuerderungen am Beräich vun der Integratiouns- a Flüchtlingspolitik aus.

Rezent huet hie gefuerdert, d'Mëttelmierroute fir Flüchtlingen zouzemaachen. De Sebastian Kurz huet hei mam Zoumaache vun der Balkanroute Parallelle gezunn. Kuerz drop huet hien nogeluecht a revendiquéiert, datt afrikanesch Länner, déi keng Flüchtlingen zréckhuelen, d'Gelder fir d'Entwécklungshëllef sollte gestrach kréien.

Héich Beléiftheetswäerter

De Sebastian Kurz huet den Ament eng confortabel Situatioun. Seng Beléiftheetswäerter sinn héich a bannent senger Partei huet hie seng Muechtpositioun staark ausgebaut. Den 31-Joer jonke Politiker huet schonn eng géi Karriär hannert sech. 2011 ass hie Staatssekretär ginn, zwee Joer drop gouf hien am Alter vun nëmme 27 Joer Ausseminister.

De 14. Mee dëst Joer dunn ass de Sebastian Kurz och Parteichef vun der ÖVP ginn. Hien huet awer vu senger Partei gefuerdert, datt hien eng Rei Vollmuechte kritt a seng Konditioune goufen acceptéiert. Hien eleng kann elo d'Kandidate bestëmmen, déi bei de Wahle fir d'Partei untrieden. Och krut hie fräi Hand bei eventuelle Koalitiounsverhandlungen a kann eleng e Generalsekretär oder Regierungsmembere bestëmmen.

Aus senger Partei, eng Partei fir sech

Et kann ee soen, datt de Sebastian Kurz aus senger Partei eng Partei fir sech gemaach huet. Dat léisst sech och dorun erkennen, datt d'ÖVP bei den nächste Wahlen net ënnert dem eegenen Numm, mä ënnert dem Numm "Liste Sebastian Kurz - die neue Volkspartei" untrëtt.

Kritik um Sebastian Kurz sengen Aussoe kënnt awer vun deenen anere Parteien. D'Alev Korun, déi fir déi éisträichesch Gréng am Parlament sëtzt, seet et wier e Widdersproch, wann een engersäits mat Staate wéilt kooperéieren an dann direkt d'Peitsch eraushëlt. Si betount och, datt d'Gelder fir d'Entwécklungshëllef do sinn, fir d'Aarmut ze bekämpfen an net sollten u Konditioune gebonne ginn.

D'Rechnung schéngt opzegoen

Kritik kënnt och vum Koalitiounspartner an der Regierung: De Bundeskanzler Christian Kern huet vun enger 'Scheindiskussion' geschwat. Hien ass der Meenung, datt ee kee mam Budget vun der éisträichescher Entwécklungshëllef kéint impressionnéiere. Och kéint een d'Mëttelmier net mam Westbalkan vergläichen. D'Mier kéint een net einfach mam Zauberstaf zoumaachen.

Op dem Sebastian Kurz seng Iddien ëmgesat kënne ginn oder net, innepolitesch schéngt seng Rechnung opzegoen: Enger Ëmfro am Optrag vum éisträichesche Magasinn Profil no keim d'ÖVP, wann elo gewielt géif ginn, op 32 Prozent. Wann d'Leit direkt gefrot ginn, wie se sech als Kanzler wënschen, gi souguer 35 Prozent de Sebastian Kurz un. Virun engem Mount louch d'ÖVP nach un drëtter Platz, hannert de Sozialdemokraten an der riets-nationaler FPÖ.