Radioen

On air

De Moien  |  De Läb - Happy Hippokrit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eldoradio: Méiglech Vente un RTL

Lëtzebuerger Medien

Eldoradio: Méiglech Vente un RTL

Editpress wëllt seng Parte bei Eldoradio un RTL verkafen, wéi verschidde Sourcen dem radio 100,7 confirméiert hunn. Den Dossier vun der Vente läit den Ament bei der ALIA, der Opsiichtsautoritéit fir déi audiovisuell Medien, déi hiren Accord muss ginn. Enger Source no wier an deenen nächste Woche mat enger Decisioun ze rechnen. Falls d'ALIA d'Transaktioun accordéiert, géif de Grupp RTL déi zwee éischt Radiosenderen zu Lëtzebuerg zu 100 Prozent kontrolléieren.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Editpress ass den Ament nach Proprietär vu knapps engem Véierel vum Kapital vun Eldoradio. Dem Grupp RTL gehéieren elo schonn déi aner 74,8 Prozent. Dës Vente vun de Parte vun Eldoradio vun Editpress un de Grupp RTL muss vun der ALIA, der Autoritéit fir d'Opsiicht vun den audiovisuelle Medien autoriséiert ginn.

D'ALIA ass ënner anerem dofir zoustänneg, iwwer d'Konzentratioun am Beräich vun den audiovisuelle Medien ze waachen. Enger Source no wier an deenen nächste Woche mat enger Decisioun ze rechnen. Falls d'ALIA d'Transaktioun accordéiert, géif de Grupp RTL déi zwee éischt Radiosenderen zu Lëtzebuerg zu 100 Prozent kontrolléieren.

Eng Gefor fir de Mediepluralismus?

Editpress ass den Editeur vum Tageblatt an huet Participatiounen um Quotidien, der Revue, dem L'essentiel an domat och um franséischsproochege L'essentiel Radio. Viru fënnef Joer hat d'ALIA de Projet RTL 2 tëschent RTL am dem Grupp Saint-Paul fir d'Frequenz vum deemolegen DNR refuséiert.

Dee Projet mat der Bedeelegunge vum Grupp RTL hätt de Mediepluralismus a Gefor bruecht, esou d'Argument vun der ALIA deemools. D'Frequenz vum DNR goung dunn un l'Essentiel Radio, wou Editpress zesumme mat Tamedia dee gréissten Aktionär ass. De Grupp RTL huet sech och mat 25 Prozent un L'essentiel Radio bedeelegt.

Editpress steet finanziell net gutt do. De Grupp hat viru fënnef Méint déi franséisch Wochenzeitung Le Jeudi agestallt an e Sozialplang fir d'Mataarbechter gemaach. Dat lescht Geschäftsjoer hat Editpress mat enger Perte vun iwwer enger Millioun Euro ofgeschloss an de Grupp hat 15,8 Milliounen Euro Scholden am Bilan.