Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Élections législatives: Eng Wal, dräi Strategien

Frankräich

Élections législatives: Eng Wal, dräi Strategien

A Frankräich ass dëse Sonden den éischten Tour vun den Élections législatives. Fir ee Mandat ze kréie brauchen d'Kandidat:inne 12,5 Prozent vun de Stëmme vun alle Walberechtegten an enger Circonscriptioun - net nëmme vun deenen, déi wiele ginn. Ëmfroen no soll d'Abstentioun nees e Rekordwäert erreechen, an dowéinst kann de Scrutin jee no Walkrees och fir etabléiert Parteien eng Erausfuerderung ginn. Fir d'Majoritéit an der Assemblée nationalen ze gewannen, applizéieren déi dräi grouss politesch Kräfte verschidde Strategien.

auto_stories

3 min

Seele war eng Walcampagne esou asymmetresch: De lénke Spektrum dominéiert fir déi éischte Kéier zanter zéng Joer d'ëffentlech Debatt, dem Emmanuel Macron seng République en Marche ignoréiert d'Wal gréisstendeels, an de rietsextreme Block schéngt op eemol marginal ze sinn.

Wisou ass do elo sou ee groussen Ënnerscheed, zu deem wat am Walkampf fir d'Presidence gelaf ass?

Déi lénk Strategie: op Persoune setzen

Am lénke Spektrum gëtt versicht, d'Parlamentswalen ze personifizéieren. Sie kandidéiere mam Verspriechen, de lénke Spëtzekandidat Jean-Luc Mélenchon als Premierminister ze ernennen, falls se d'Majoritéit an der Assemblée Nationale gewannen.

Och bannent dem lénke Bündnis NUPES, d'Ofkierzung fir "Nouvelle Union Populaire Écologique et Sociale", gëtt dëst Strategie kritiséiert. D'Kommunisten an d'Sozialiste fäerte vun der France Insoumise wéinst hirer lokaler Verankerung ausgenotzt ze ginn, fir duerno aus der lénker Unioun e Persounekult ëm de Jean-Luc Mélenchon ze schafen.

Jonk a marginaliséiert Leit mobiliséieren

D'Method ass allerdéngs keng domm: d'Wielerschaft vun der NUPES ass tendenziell jonk oder marginaliséiert a gehéieren zu deene Gruppen, déi a Frankräich am mannste wiele ginn.

Dofir muss dat lénkt Bündnis e politesche Momentum kreéieren, fir datt hir Wielerschaft den 12. a 19. Juni iwwerhaapt bei d'Walurne geet.

Fir den Emmanuel Macron trëfft de Géigendeel zou. Seng Wielerschaft ass tendenziell al a gebilt a geet zum groussen Deel aus biergerleche Flichtbewosstsinn wielen. Eng engagéiert Campagne kéint sengem Walresultat villäicht méi schueden, wéi wann hien a seng nei Regierung sech méiglechst zeréck hält.

Non-Campagne: eng schwéier Taktik

D'Premierministesch Élisabeth Borne huet zanter hirer Investitur der Tëleeschaîne TF1 zwar schonn e kuerzen Interview ginn, mee vu datt si bei ville wichtege Sujete wéi d'Transition écologique keng prezis Äntwerte ginn huet, kann ee weiderhin hir zukünfteg Politik als Premier schwéier aschätzen.

D'Strategie vun der Non-Campagne kann awer och schif goen, wann zum Beispill Skandaler optauchen. Dat ass de Fall mat de Vergewaltegungsvirwërf géint de frësch ernannte Minister Damien Abad, déi hefteg Policeinterventioune géint d'Liverpool-Fans an der Champions League Final virun der Stade de France, oder och dës Woch, wou eng Automobilistin bei enger Policekontroll zu Paräis erschoss gouf.

Vu datt sech d'Regierung zu dëse Virfäll nëmme flüchteg äussert, setze si och d'Vertraue vun hire Wielerinnen a Wieler op d'Spill.

D'Extrème-Droîte schléit kee politescht Kapital

Ronderëm dës Virfäll versichen d'Oppositiounsparteien natierlech sech ze profiléieren, mee am Géigesaz zum lénke Bündnis NUPES schléit d'Extrême-Droite dorausser kee politescht Kapital.

Engersäits, well et net zu enger Allianz tëscht dem Éric Zemmour an der Marine Le Pen koum, konkurréiere béid an e puer Circonscriptioune fir déi nämmlecht Wielerschaft.

Ausserdeem huet de Rassemblement National e Strategieproblem. Zwar versichen si sech als lokal Stäerkt ze inzenéieren, et feelt hinnen awer u prominenten a kompetente Kandidat:innen.

No der Stéchwal vun de Presidentiellen huet d'Marine Le Pen eng Woch Vakanz gemaach, an der Erwaardung, datt sech hir Partei ouni si fir d'Parlamentswale mobiliséiert. Dat ass net geschitt, wat och d'Fro opwerft, wéi de Rassemblement National a Zukunft ouni d'Le Pen un der Spëtzt weidermaache soll.

D'Parlamentswalen a Frankräich sinn den 12. an den 19. Juni - virun allem dat lénkst Bündnis NUPES an dem Emmanuel Macron seng République en Marche hu Chancen op d'Majoritéit.