Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Buckley - Last Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Demissioun net gutt fir Stabilitéit"

Parteien

"Demissioun net gutt fir Stabilitéit"

Déi nei Presidentin vun der CSJ, Elisabeth Margue, seet hir Organisatioun hätt bewosst keng Demissioun vum Premier an der Affär Bettel-Kemmer gefuerdert. Dofir fuerdert si awer Transparenz iwwer d'Treffen. D'CSJ bereet sech iwwerdeems op d'Gemengewahlen d'nächst Joer vir, do solle méiglechst vill Jonker op de Lëschte stoen.

auto_stories

5 min

Elisabeth Margue: "D'CSV ass de Mëttelwee tëscht de Sozialisten an de Liberalen"

“Am Moment gesäit et net dono aus, wéi wann de Premier Xavier Bettel wéinst der Affär Bettel-Kemmer misst zrécktrieden”. An déi chrëschtlech-sozial Jugend hätt bis elo och bewosst keng Demissioun gefuerdert, seet hir nei Presidentin Elisabeth Margue am 100,7-Interview. Et wier net d’Léisung, bei all Mëssstand, de Récktrëtt vum Premier ze fuerderen, esou d'Argumentatioun – dat wier nämlech net gutt fir d’Stabilitéit vum Land.

Allerdéngs fuerdert déi jonk CSV Transparenz an der Affär Bettel-Kemmer. Et misst kloer gemaach ginn firwat de Premier an deemolege Member vun der SREL-Enquêtekommissioun iwwerhaapt een Zeie wéi den André Kemmer doheem bei sech empfaang huet. Doriwwer eraus géife weider Detailer bis elo am Donkele bleiwen. "Wat ass an där Reunioun geschwat ginn? Kee weess et. A mir wëssen och net ob dat Gespréich eng Inzidenz hat op de weidere Verlaf vun den Aarbechte vun der Enquêtekommissioun", sou d'Elisabeth Margue am Interview mam Rick Mertens.  

Méi Jonker fir d'Gemengewahlen motivéieren 

2017 an 2018 si Wahljoeren, ugefaang mat de Gemengewahlen d'nächst Joer. An do wëll d'Elisabeth Margue méiglechst vill Jonker a Positioun bréngen. Gemengewahlen wieren e Sprangbriet fir Jonker, eng Chance fir éischt Erfahrungen ze sammelen. De Moment si 17 vun 100 CSV-Gemengeréit bei der CSJ. "Ech mengen dat kéinten der e puer méi sinn", seet d'Elisabeth Margue.

D'CSJ bitt Jonken, déi sech dofir intresséieren Kandidat ze ginn, och eng Rei Formatioune fir sech op déi Erausfuerderung virzebereeden. Iwwerdeems hätt den CSV-President Marc Spautz der CSJ versprach, eng 100 Jonker mat an de Wahlkampf ze huelen wann d'CSJ der souvill "géif zesummekréien", sou nach d'Elisabeth Margue.

Wiseler "excellente Kandidat"

Wat dann d'Spëtzekandidatur vun der CSV bei de Chamberwahlen ugeet, sou kann dee sech der Ënnerstëtzung vun der CSJ sécher sinn. De Claude Wiseler wier en “excellente Kandidat”, sou d'Elisabeth Margue. Och d'Viviane Reding an de Luc Frieden wieren  awer “ganz gutt Kandidaten”, déi indirekt gewisen hätten, datt se prett wiere Verantwortung z’iwwerhuelen.

Inhaltlech wëll déi chrëschtlech-sozial Jugend sech an nächster Zäit besonnesch domatt beschäftegen, wéi eng  Auswierkungen "d'Digitalisatioun" op d’Gesellschaft huet. Et wier wichteg, datt de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg hei den Uschloss hällt, esou déi nei CSJ-Präsidentin Elisabeth Margue.

"CSV ass Mëttelwee tëscht Sozialisten a Liberalen"

Et ass hir grondsätzlech wichteg, iwwerhaapt méi Jonker dozou ze beweegen, sech politesch – a wa méiglech bei der CSJ – ze engagéieren. An éischter Linn besteet hiert Rezept doran op déi Leit zouzegoen, déi Member an der Partei gi sinn, fir si dovun ze iwwerzeegen, iwwer hier Memberskaart eraus aktiv ze ginn.

D'Elisabeth Margue gëtt am Interview mam Rick Mertens zou, datt si dacks vu potenzielle Membere gefrot gëtt, wat dann eigentlech den Ënnerscheed ass, tëscht den eenzelne (Jugend)Parteien, a wat d'CSV eenzegaarteg mécht. Hier Äntwert: "D'CSV ass de Mëttelwee tëscht de Sozialisten an de Liberalen, tëscht der Iwwerzeegung datt de Staat sech vill muss amëschen an der Sich no der Fräiheet vum Mënsch. Ech mengen, de Mënsch huet kloer eng eege Verantwortung, de Staat muss him Méiglechkeet ginn, de Mënsch muss se awer och selwer notzen". Als konkret Beispill fir déi Politik nennt si der CSV hiren Asaz fir de Mindestloun, gëtt awer och zou, datt dat keen exklusiven CSV-Sujet ass. 

D'Elisabeth Margue, déi iwwregens déi éischte Fra un der Spëtzt vun der CSJ ass, huet net d'Zil grondsätzlech Drock op d'Mammepartei d’CSV maachen. Allerdéngs hätt een sech dofir agesat, fir datt d'Erausfuerderungen vun der Digitalisatioun, grad wéi eng modern Interpretatioun vun den CSV-Wäerter, géifen an déi nei Parteigrondsätz géife stoen kommen