Vun Ufank un wéi den Exodus aus de Krisegebitter Syrien, Afghanistan, Eritrea am Fréijoer ugefaang huet, hunn eng Rei EU-Memberstaten – wéi virun allem Ungarn – insistéiert fir d’Grenzen zouzemaachen. Aner Länner wéi Däitschland hunn déi schwiereg Decisioun geholl, d’Responsabilitéit ze huelen, fir d’Fraen, d’Männer a Kanner op der Flucht mat Würd opzehuelen. Eng schwiereg Decisioun wéinst dem Drock vu méi rietspopulistesche Stréimungen am eegene Land, an der Limite u Ophuelcapacitéite fir souvill Mënsche. Vill Bierger hunn dat ënnerstëtzt.
Mee domadder ass et elo eriwwer. D’Viktor Orbanen ginn elo zefriddegestallt, well et Angscht gëtt viru Marine Le Pen, Horst Seehofer oder Nigel Farage. D’Fortress Europe, d'Festung Europa gëtt elo verstäerkt.
Amplaz vu Mënschen ze schwätze, gëtt elo vu "Laascht" geschwat
Och wann d’Staats- a Regierungschef déi Metapher net gär héieren, a léiwer vun Ofséchere vun de Grenze schwätzen, sou muss een awer ganz objektiv konstatéieren: den Haapteffort louch am Summer doranner wéi d’Réfugiéen am beschten empfaang, integréiert a gerecht territorial verdeelt ginn. Elo ass den Haapteffort: wéi hale mer se dobaussen? Amplaz vu Mënschen ze schwätze, gëtt elo vu "Laascht" geschwat. Dixit Angela Merkel.
D’Ursaache vum Exodus – den éiwege Krich am Afghanistan, d’brutal Despoten an allen Häre Länner, a virun allem de Biergerkrich a Syrien – do hëlt d’EU sech vir, Léisungen ze sichen. A veruerteelt déi, déi am Konflikt involvéiert sinn – ausser déi déi fir déi Konflikter matresponsabel sinn. Op éischter Plaz d’USA.
Net ze spéit fir méi ze maachen wéi just nozekucken
A véier Joer ass vill Zäit a Blutt verluer gaang an déi puer Versich, eng Léisung am Konflikt ze fannen si lamentabel gescheitert. Russland an d’USA an hier Alliéiert bomme Syrien zou.
Mee vläit ass et nach net ze spéit fir en inconditionelle Waffenembargo ze verhänken, fir Pufferzonen z’etabléieren a Friddenstruppe mat kloerem Mandat ze déployéieren. Oder fir d’geopolitesch Interessien op d’Säit ze leen. Et ass net ze spéit fir méi maache wéi just nozekucken an ze veruerteelen.
Am Moment eskaléiert de Konflikt a Syrien. Et gi keng Wieder fir den Elend fir d’Leit an deem, mol schéine, Land ze beschreiwen. D’Migranten, déi stoussen an der Tëscht op zoue Grenzen, an d'Europäesch Unioun – wéi et schéngt – stéisst un hier Grenzen.