Radioen

On air

One World  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elterevertriedung: Reouverture vu Schoulen "spléckt d'Gesellschaft"

Deconfinement

Elterevertriedung: Reouverture vu Schoulen "spléckt d'Gesellschaft"

D'national Elterevertriedung kritiséiert, datt d'Schoulklassen am Moment an zwou Gruppen opgedeelt ginn. D'Opsplécken an A- a B-Gruppe géif eng "extrem komplizéiert Organisatioun" mat sech bréngen, an där kee sech richteg erëmfënnt, esou de President vun der Elterevertriedung Alain Masssen.

auto_stories

3 min

Den Alain Massen asss President vun der Elterevertriedung

Den Alain Massen gesäit kee Grond fir d'Klassen opzesplécken, wann een der Meenung ass, et wier nees sécher fir d'Kanner an d'Schoul ze schécken. D'Elterevertriedung hätt et besser fonnt, wann all d'Schüler zesummen nees an d'Schoul gaange wieren, an da verschidde Sécherheetsmesuren agehalen hätten.

Eng méiglech Spléckung vun der Gesellschaft

D'National Elterevertriedung mécht sech Suergen, datt d'Diskussiounen iwwer den Deconfinement d'Gesellschaft kéint splécken. Den Debat ronderëm d'Reouverture vun de Schoule géif weisen, datt d'Gesellschaft sech net eens ass, esou de President vun der Elterevertriedung, den Alain Massen.

"Mir hunn effektiv déi verschidde Fraktiounen: vun "mir mussen d'Schoule ganz zouhalen", bis "mir mussen d'Schoul direkt ganz a normal opmaachen". An dann hu mer dotëschent nach déi, déi soen d'Eltere solle selwer entscheeden."

Dës Spléckung vun der Gesellschaft géif immens vill a staark Emotioune mat sech bréngen, déi sech dann och op d'Kanner géif iwwerdroen. "A wat geschitt dann? Déi kleng Kanner ginn d'nächst Woch erëm an d'Schoul, a si sinn natierlech virbelaascht vun deem Stress, vun deenen Emotiounen, déi d'Elteren hu mat där ganzer Situatioun."

Déi concernéiert Leit méi abannen

Mam schrëttweisen Deconfinement klëmmt d'Erwaardung un d'Regierung, datt Decisiounen erëm esou geholl ginn, wéi an normalen Zäiten. Dat heescht: an Ofsprooch mat de Concernéierten. Bei der Organisatioun vun der Rentrée an de Schoule wier dat net wierklech gelongen, seet den Alain Massen.

D'Elterevereenegung wier zwar reegelméisseg mam zoustännege Minister Claude Meisch a Kontakt gewiescht, an et wier ee reegelméisseg consultéiert ginn, mee den Alain Massen hätt sech gewënscht, datt d'Reouverture anescht opgezu gi wier:

"Do gëtt et jo bestëmmt Aarbechtsgruppen, Task Forcen, déi sech mat dem Theema do beschäftegen, déi e Modell entworf hu, wéi déi Schoul elo kann opgoen. An eiser Meenung no wier et sënnvoll gewiescht, wa mer als Elterevertrieder, an d'Enseignanten op der anerer Säit, wierklech integréiert gi wieren an déi Aarbechtsgruppen. Well da wieren e ganze Koup Detailfroen, a Schwieregkeeten, a Bedenke vun den Elteren, déi elo a leschter Minutt op eemol opkommen, dann hätt een déi vu vireran mat verschafft."

Vun de Gewerkschaften ass eng änlech Kritik komm. Den Alain Massen mengt, datt et besser gewiescht wier, wann all déi Concernéiert ronderëm een Dësch gesiess hätten. "Mir si jo alleguer concernéiert." De Ministère hätt zwar eng Verantwortung, mee och d'Elteren hätten eng Verantwortung vis-à-vis vun de Kanner, an d'Enseignanten hätten eng Verantwortung vis-à-vis vun hirer Aarbecht.

"Do wier et scho sënnvoll gewiescht an esou enger exzeptioneller Situatioun, datt ee sech zesummesetzt, och wann ee sech dann all Woch dräi bis véier Stonnen hätt misste ronderëm een Dësch setzen. Mee dann hätt ee wierklech kënnen e Projet entwerfen, an d'Kommunikatioun zu deem Projet och opbauen."