Ëmdenke bei der Mobilitéit

Mat clevere Choixe beim Transport kann de Bierger Sue spueren, seng Gesondheet verbesseren an d’Emwëlt schounen. Déi richteg Mëschung tëscht deenen eenzelne Verkéiersmëttelen. Dat ass de Motto vun der europäescher Mobilitéitswoch vum 16te bis den 22te September.

Autoe fueren iwwer d'Rout Bréck

Esou kéint et net virugoen, seet de François Bausch bei der Presentatioun vun der nationaler Editioun vun der Mobilitéitswoch. Dem Infrastrukturminister no hätt den Auto an de leschte 40 Joer eng Victoire iwwert déi aner Verkéiersmëttelen gefeiert. Elo wier et un der Zäit fir ëmzedenken.

D'Nordstrooss

Den 23. September geet d’Nordstrooss offiziell op. De Projet huet 18 Joer gedauert a gouf mat 750 Milliounen Euro duebel esou deier wéi erwaart. Déi rezent Diskussioune ronderëm dee Projet hätte gewisen, datt net méi grad esou Auto-zentréiert geduecht géif ginn, wéi deemools. Dat ënnersträicht d’Blanche Weber, d’Presidentin vum Mouvement Ecologique.

Wann d’Automobilisten aus dem Norden direkt um Kierchbierg erauskommen, gëtt den Uelzechtdall dann entlaascht? Op déi Fro hätt de Mouvement gären eng kloer Äntwert. Et géif net just drëm goen, de Verkéier zu Walfer, zu Miersch oder zu Luerenzweiler ze berouegen, mä déi ganz Géigend fir Foussgänger, Vëlosfuerer an d’Leit déi de Bus huele méi attraktiv ze maachen .

De Mouvement bleift awer skeptesch, datt d’Rechnung och op geet: méi Verkéier op der Nordstrooss heescht manner Trafic op der N7.

Ëffentlechen Transport a Mobilité douce

Den Auto soll seng Plaz an der Stad behalen, en dierft awer net dominant sinn, seet de François Bausch. D’Philosophie vun der Regierung ass, datt de Mënsch am Mëttelpunkt steet an net iergend ee Gefier. Dofir hätt een och esou vill Projeten, sou de Minister.

Vu Mee u geet d’Kapazitéit vun den Zich aus Frankräich all Dag vu 60 op 100 an d’Luut. Dat wär dem François Bausch no dann och de Maximum. Dernieft déposéiert hie bis Enn vum Joer e Gesetzesprojet fir de Bau vun 3 Park-and-Riden: een zu Rodange, een zu Miersch an een zu Waasserbëlleg mat enger zousätzlecher Kapazitéit vu méi wéi 2500 Plazen.

Och fir Vëlosfuerer ginn et gutt Nouvelle vum Infrastrukturminister: D’nächst Joer gëtt de Budget fir nei Vëlosweeër vervéierfacht.

 

Audio:
ossier vum Dag vum 8. September 2015 - de Christian Welter iwwer déi europäesch Mobilitéitswoch.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen