Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmgank mat frieme Kulturen

Fräie Mikro

Ëmgank mat frieme Kulturen

Wéi gi mir mat Leit aus frieme Kulturen, mat anere Reliounen ëm? Wei ginn d’Ängschte bei de Bierger mat dësen Themen gestäerkt? Mat dëse Froe beschäftegt d'Laura Zuccoli sech am Fräie Mikro.

auto_stories

5 min

Laura Zuccoli

Am leschten Deel vum Politbarometer hu sech Awunner fir e gesetzleche Verbuet vun der Burka ausgedréckt. Do ass mat vill Tam Tam en Thema opgeworf ginn, dat bei eis nëmme ganz marginal ass. D’Ängschte virun der musulmanescher Relioun goufe sou awer fatzeg opgehetzt. An wann een dann och nach direkt am selwechten Zoch vun den Ängschte vum Bierger virun terroristeschen Uschléi schwätzt, dann ass d'Bëtschel fett!

D'Angscht virum Friemen

Do vermëscht een äifreg alles mateneen, ënnerstellt Zesummenhäng tëscht Relioun an Terrorismus. De Sprong zu den Angschtgefiller viru Leit aus frieme Kulturen, aus anere Reliouns-Kreesser ass séier an einfach gemaach.

Dobäi ass den Hannergrond vun dësen Diskussiounen dacks d’Fro, wéi eng Partei am beschte regéiere géif. Den politesche Profilage ass méi wichteg, wéi den Souci eis Gesellschaft zesummen ze halen. An dobäi ginn äifreg ëmmer méi populistesch Aussoe benotzt.

Sollten eis Politiker net all déi positiv Initiativen a Mesuren am Sënn vum Zesummeliewen ënnersträichen a virun allem erklären? Nee, et gëtt gestridden ob mir sollen oder net solle legiferéieren, an dëst alles am Numm vun der Sécherheet vum eis Bierger. De Prinzip vun Ausnahmegesetzer soll an eis Constitutioun verankert ginn. Well mir mussen eis jo géint déi béis Friem schützen.

Auslänner géinteneen ausspillen

Et ass fir ze verzweiwelen, wann dann och nach d’Auslänner géinteneen ausgespillt ginn. Dëst ass de Fall mat den Portugisen aus dem Foyer fir Migranten aus der Millebaach. Do ginn déi portugisesch Aarbechter, déi wéineg finanziell Mëttelen hu fir sech um fräie Maart eng Wunneng ze leschten, an déi jo elo auszéie mussen, géint Refugiéen ausgespillt, well et muss ee jo fir si Platz maachen.

Déi ënnerschwelleg Stëmmung, datt elo alles fir d'Refugiéen gemaach gëtt, an näischt fir di manner bemëttelt Awunner, gëtt offiziell kaum widderluecht. Dobäi ass d'Diskussioun ronderëm sozial abordabel Wunnengen an der Läscht besonnesch an de Gemengen nom Opruff vun der Regierung, fir Wunnengen fir Refugiéë bereet ze stellen, endlech lassgeléist ginn. Konsens ass elo, datt fir eng Wunneng fir Refugiéen och eng fir manner bemettelt Awunner soll zur Verfügung gestallt ginn. Wann Gemengen nozéien ass dat gutt fir eis alleguer.

Mee et gëtt monter schlecht Stëmmung gemaacht. Keng Stellungnahm mat Visiounen, Virgoensweise vun der Regierung oder der Oppositioun. Sondage soe jo, datt Lëtzebuerg genuch gemaach huet fir Flüchtlingen. An domat schéngt et gedoen. Oder hutt Dir bis haut en Integratiounskonzept zu dësem Thema gesinn?

D'Spill mam Feier

Hei spille mer mam Feier! Wa mir, Politiker, Journalisten, Zivilgesellschaft et net fäerdeg bréngen, mat konkreten Zuelen, politesche Moossnamen a gudde Praxissen den Leit hir Ängschten ewech ze huelen, da kënne mir nëmme frou sinn, datt mir den Ament eng Ekonomie hunn, déi gutt leeft. Ech wëll net wësse wat fir eng Stëmmung mir hei am Land hätten, wa Lëtzebuerg an der Rezessioun wier a vill Chômage géif kennen.

Der Politik hier Aufgab ass et, d'Zesummeliewe vun eis all mat Moossname besser ze gestalten. Virzesuergen, datt mir eis Käpp net aschloen. De Journalisten hire Boulot ass et, ausgeglachen an esou wäit ewéi méiglech objektiv Noriichten ze verbreeden. Leider sichen d'Medien oft Sensatiounen. An eis Politiker stieche léiwer de Kapp an de Sand, anstatt offensiv a konkret de Gesellschaftsproblemer entgéint ze wierken. An där hu mir jo genuch!