Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltministère: Arcelor-Mittal Crassier soll analyséiert ginn

Ëmweltschutz

Ëmweltministère: Arcelor-Mittal Crassier soll analyséiert ginn

De Crassier zu Déifferdeng soll an enger "ganzheetlecher Approche" op de Leescht geholl ginn. Dat seet de Spriecher vum Ëmweltministère, den Thomas Schoos. E Méindeg si sech Vertrieder vum Ministère, de Gemengen an ArcelorMittal bei enger Reunioun zum Theema doriwwer eens ginn.

auto_stories

1 min


D'Gespréich mam Thomas Schoos vum Ëmweltministèreplay_arrow


Een entspriechende Comité soll all dräi Méint de Suivi vun den Aktivitéiten um Crassier maachen. A wéi wäit d'Ëffentlechkeet doriwwer informéiert wäert ginn, ass den Ament nach net gewosst. Hannergrond ass ënner anerem, datt d'Wierksdeponie vun ArcelorMittal um Crassier keng Autorisatioun huet, an datt net genee gewosst ass, wéi eng Offäll do leien. ArcelorMittal muss dofir bis Juli wieder Informatioune liwweren a sech konform setzen.