Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltministère verlaangt weider Detailer bis Juli

ArcelorMittal Crassier:

Ëmweltministère verlaangt weider Detailer bis Juli

ArcelorMittal muss bis Juli dëst Joer weider Informatiounen iwwer hir Wierksdeponie um Crassier zu Déifferdeng liwweren. Dat sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Moien no der Chamber-Ëmweltkommissioun. Wann deen Delai net géif agehale ginn, géif ArcelorMittal viraussiichtlech eng Mise en demeure kréien.

auto_stories

2 min

Hannergrond si Meldungen aus der Press, datt d'Wierksdeponie keng Autorisatioun hätt an ëmweltschiedlech Industrieoffäll do géife leien. D'Ministesch huet confirméiert, datt déi Deponie den Ament keng Autorisatioun huet an datt net genee gewosst ass, wat alles un Offäll do läit. ArcelorMittal wier allerdéngs bereet fir eng Ëmweltimpaktstudie dozou ze liwweren. A géif och nëmmen eng Autorisatioun fir d'Deponie kréien, wann déi geliwwert Informatiounen op enger Linn mam legale Kader wieren.

Et wier och net genee gewosst, wat alles un Offäll op der Wierksdeponie läit. Op Reporter.lu war ënner anerem vun ëmweltschiedlechen Industrieoffäll rieds gaangen. ArcelorMittal wier bereet fir eng Ëmweltimpaktstudie op eege Käschten dozou ze liwweren, sou d'Ministesch.

Wann ee bis all d'Donnéeën hätt, géif een analyséieren, ob een eng legal Basis kéint kréien. "Do ass Arcelor ee Betrib wéi all aneren och", sou d'Carole Dieschbourg. Wann de Ministère bis all déi néideg Donnéeën hätt, an de legale Kader garantéiert wier, da kéint ArcelorMittal eng Autorisatioun kréien.

Ëmweltministère fuerdert Ännerungen am Beräich Offall-Gestioun a Kommodo

D'CSV ass allerdéngs der Meenung, datt bei aner Betriber an engem änleche Fall méi séier agéiert géif ginn. ArcelorMittal géif d'Gesetz op seng Manéier interpretéieren, mengen hirersäits déi Lénk. D'Carole Dieschbourg verweist dorop, datt d'Situatioun um Site vum Crassier iwwer Zäit entstane wier, an datt d'Ëmweltgesetzer sech verbessert hätten.

"Mam Gesetz vun den déchets vun 2012 hätt et missten esou sinn, datt Arcelor hätt missten och hir Wierks-intern Deponie, déi zu hirem Wierk gehéiert, anescht opstellen. Dat souwuel am Beräich vun der Offall-Gestioun wéi vum Kommodo."

Zanterdeem wier weider dru geschafft ginn, mee ArcelorMittal hätt elo bis Juli Zäit fir sech definitiv op eng Linn mam Gesetz ze bréngen. Obwuel dat momentaant Gesetz keen esou een Delai géif virgesinn.

Piratepartei fuerdert zäitno Kontrolle vum Site

"Dofir hu mir zanter 2018 en neit Gesetz. Hei déi Prozedur huet awer virun deem Gesetz ugefaangen, sou datt mir hei kee prezisen Delai hunn, wou d'Firma muss liwweren. Mir sinn awer der Meenung, datt déi momentan Gesetzgebung eis d'Méiglechkeet gëtt fir elo een Delai vu sechs Méint ze ginn, wou mir da gär hätten, datt all d'Dokumenter present sinn."

D'Pirate fuerderen allerdéngs, datt direkt misst kontrolléiert ginn, wéi eng Aktivitéiten ArcelorMittal op der Wierksdeponie mécht a wéi eng Offäll do leien. Fir an Zukunft déi néideg Kontrolle kënnen ze maachen huet d'Carole Dieschbourg iwwerdeems wëlles dat zoustännegt Personal ze verstäerken.