Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Äisbierg zu Lëtzebuerg

Fräie Mikro

En Äisbierg zu Lëtzebuerg

De Familljen- an Integratiounsministère huet eng Enquête gemaach déi ënnersicht huet, wéi vill Rassismus et zu Lëtzebuerg gëtt. Am Fräie Mikro kommentéiert de Michel Pauly dës Studie. Hien ass de fréiere President vum CEFIS (Centre d'étude et de formation interculturelles et sociales Asbl) a Mataarbechter bei der Zäitschrëft forum.

auto_stories

3 min

De Michel Pauly ass de fréiere President vum CEFIS (Centre d'étude et de formation interculturelles et sociales Asbl) an ass Mataarbechter bei der Zäitschrëft forum.

"Waart Dir an de leschte 5 Joer eemol Affer vun engem rassisteschen Harcèlement?" Op déi Fro vun der europäescher Agence fir d'Mënscherechter gouf et hei am Land 52% positiv Äntwerten.

Dat kann dach net sinn, hu vill Leit, inklusiv Politiker geduecht. An d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen gouf hefteg ugegraff, well si bei enger Konferenz vun der ASTI sot, déi Geschichten, déi Mamme mat däischterer Hautfaarf erzielt hunn, wéi et hire Kanner an der Schoul ergaangen ass, hätt si nach ni héieren.

Dofir hat d'Chamber am Juli 2020 d'Regierung opgefuerdert, eng eegen Etüd iwwer Rassismus zu Lëtzebuerg a Strategië fir dergéint unzegoen, an Optrag ze ginn.

D'Ministesch huet sech net fléiwe gelooss a manner wéi zwee Joer drop hunn de LISER an den CEFIS d'Etüd virgestallt. Si berout net op Sondagen, mä op enger wëssenschaftlecher Enquête.

Wëssenschaftlech Enquête mat quantitativen a qualitativen Elementer

D'Etüd gouf engersäits bei engem representativen Echantillon vu 15.000 Leit gemaach, déi hei am Land wunnen a vun deene der ronn 3.000 geäntwert hunn. Si baséiert anersäits op Interviewe mat 139 Leit aus 67 ëffentlechen a private Strukturen, déi kéinten Zeie si vu Rassismus oder ethno-sozialen Diskriminatiounen.

Dat positiivst Resultat ass, datt nëmme 4,3 Prozent vun de Leit behaapten, et géif eng Hierarchie tëschent de Rassen.

Méi interessant ass en anert Phenomen: De Rassismus ass zu Lëtzebuerg en Äisbierg, vun deem dee gréissten Deel net ze gesinn ass. An deem Sënn kann een der Ministesch hir ongleeweg Reaktioun bei der ASTI-Konferenz verstoen.

Déi meescht Affer vu rassisteschen Aggressioune schwätzen net driwwer, stiechen d'Diskriminatioun ewech. An och d'Auteure vu rassisteschen Aussoe si sech dacks net bewosst, dass si hire Vis-à-vis blesséieren.

Ee Beispill aus der Etüd

Zwou Fraen, eng wäiss an eng schwaarz, komme bei de Metzler. D'Vendeuse freet déi wäiss Fra op Lëtzebuergesch, wat si gär hätt. Si gëtt zerwéiert an dono riicht d'Vendeuse sech un déi schwaarz Fra a freet: Que puis-je faire pour vous?, also op Franséisch. D'Madamm äntwert op Lëtzebuergesch a gëtt anstandslos zerwéiert.

D'Verkeeferin denkt héchstens, datt d'Madamm gutt Efforte mécht fir Lëtzebuergesch ze schwätzen, a mierkt net, datt si si trotz hirer perfekter Integratioun diskriminéiert; als net-Lëtzebuerger klasséiert huet. D'Madamm geet driwwer ewech oder fillt sech op en Neits frustréiert, datt si wéinst hirer Hautfaarf als net d'selwecht ugesprach gouf, obscho si vu Gebuert u Lëtzebuergerin ass.

Grav rassistesch Tëschefäll sinn zu Lëtzebuerg effektiv seelen, mee där verstoppter Ausdréck vun enger rassistescher Haltung ginn et der méi wéi engem opfalen. Der Etüd no si si besonnesch heefeg op der Aarbechtsplaz, bei der Sich no enger Wunneng an an der Schoul! Ech ka mech selwer erënnere wéi an enger Primärschoul zwee schwaarz Bouwen als rebellesch dohigestallt goufen, well si sech net als brong wollten ofstempele loossen.

Mir Wäisser mussen nach vill léieren. Mä d'Regierung huet och Hausaufgaben ze maachen. D'Madamm Cahen huet schonn ugekënnegt, datt si wéilt den Agences immobilières verbidden, Opträg vu Proprietären unzehuelen, déi bestëmmte Locataire vu vireran ausschléissen. Kéint si net och RTL imposéieren, keng Pseudonymme méi bei Lieserbréiwer op hirem Site z'akzeptéieren?