Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Gei a Cello a Sol Majeur, RV 814 "per Chiaretta e Teresa", I. Alle - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Anti-Plastik-Pak & een No-Deal Plang

EU-politesche Wocheréckbléck

En Anti-Plastik-Pak & een No-Deal Plang

Mir kucken zeréck op déi EU-politesch Woch, wou de Brexit weider ganz uewe stoung. Dernieft ass ee sech no laange Verhandlungen iwwer Mesuren eens ginn, déi dofir suerge sollen, dat manner Plastik gebraucht an ewechgehäit gëtt. Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

1 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Archiv.

Bréissel huet dem Plastik de Kampf ugesot. Kannergebuertsdeeg, Grillpartyen oder aner Festivitéite kéinten an Zukunft anescht ausgesinn. Plastikscouverten, Telleren, Becheren a Chalumeaue solle verbuede ginn. D'Propos, Loftballonen net méi fléien ze loossen, gouf awer net zeréckbehalen. Dee Sujet war zu Bréissel "ganz sensibel".

Brexit: D'Europäesch Kommissioun huet ee Plang fir den No-Deal virgeluecht, fir de Fall, datt Groussbritannien ouni een Accord aus der EU erausgeet. Interessant ass, datt doran näischt iwwer dee gréisste Sträitpunkt dran ass, nämlech d'Grenz tëschent Irland an Nordirland. Brexit-Supportere soten, deen No-Deal Plang wier am Fong méi attraktiv, wéi de Brexit-Accord. Ass dat esou?

Lauschtert d'Gespréich tëschent dem Simon Larosche an dem Danièle Weber.