Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En däitsche Bléck op d'Ursula von der Leyen

Chronik

En däitsche Bléck op d'Ursula von der Leyen

D'Ursula von der Leyen gouf als Kandidatin fir de Poste vun der EU-Kommissiounscheffin proposéiert. Mee wat géif hire Wiessel op Bréissel fir déi däitsch Politik heeschen? Et kéint d'Enn vun der Grousser Koalitioun bedeiten.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

An de leschten Deeg, zanter datt d'EU-Staats- a Regierungscheffe si fir den héchste Posten an der EU nominéiert hunn, ass d'Geschicht vun der Europäerin Ursula von der Leyen schonn honnert Mol erzielt ginn. Gebuer zu Bréissel, als Duechter vun engem Attaché bei der Montanunioun, déi fléissend déi grouss europäesch Sprooche schwätzt.

A wärend dat Bild am EU-Ausland gutt schéngt ze funktionéieren, gëtt an Däitschland ganz anescht op d'Ursula von der Leyen gekuckt. Hei an Däitschland dominéiert en negatiivt Bild - an hir Nominatioun kéint d'Enn vun der däitscher Regierung bedeiten.

Wien ass d'UvdL?

Mee fänke mir méi fréi un. D'Ursula von der Leyen ass déi eenzeg Persoun, déi zanter 2005 an all Regierung ënner der Angela Merkel e Ministerposten hat. Ugefaangen huet si 2005 als Familljeministerin, 2009 gouf si du Ministerin fir Aarbecht a Soziales. An op béide Poste konnt si iwwerzeegen, och wa si duerchaus kritesch Decisioune getraff huet.

Mat hirer Fuerderung no méi Crèche-Plazen huet d'Ursula von der Leyen sech als Familljeministerin getraut, géint dat klassescht Familljebild vun hirer Partei, der CDU, ze agéieren - wat hir parteiintern Kritik, mee och vill Respekt abruecht huet. Och d'Betreiungsgeld, wat 2013 hei an Däitschland ageféiert gouf, huet si mat ugestouss - a wéi 2017 d'Ehe für Alle zur Diskussioun stoung, huet d'Ursula von der Leyen als eng liberal Stëmm an der CDU dofir gestëmmt.

Hiert negatiivt Bild an Däitschland huet sech deementspriechend an de leschte sechs Joer, an hirer Zäit als Verdeedegungsministerin, gemoolt. Als éischt huet dat neit Gewier vun der Arméi, eng Dose Milliounen Euro deier, net funktionéiert. Dunn hat d'Bundeswehr méi Fligeren an Helikoptere futti um Buedem stoen, wéi der asazbereet waren. An zu gudder Lescht d'Beroder-Affär: Ënner hirer Féierung huet de Verdeedegungsministère bis zu 150 Milliounen Euro d'Joer u Consultingfirme bezuelt.

Ass d'GroKo um Enn?

D'Bild vun der Ursula von der Leyen ass also net eendeiteg. Mee hei an Däitschland kéint dëst geschwënn zur Niewesaach ginn. Hei ginn et nämlech zwou Méiglechkeeten: Entweder kann d'Kanzlerin Angela Merkel duerch dës Nominatioun d'Regierung nei opbauen - oder se ass geschwënn um Enn.

Op där enger Säit kéint d'Angela Merkel de Verdeedegungsministère nei besetzen. Oder souguer nach méi wäit goen, an eng ganz Rei Ännerungen an der Regierung maachen; si kéint zum Beispill d'Annegret Kramp-Karrenbauer an ee Ministère huelen, amplaz datt déi ouni richteg Aufgab an der Parteizentral sëtzt an ee Feeler nom anere mécht.

Op der anerer Säit gefält d'Nominéierung vun der Ursula von der Leyen awer der SPD, dem Koalitiounspartner zu Berlin, iwwerhaapt net. Datt Däitschland sech als eenzegt Land bei der Nominéierung am Conseil enthalen huet, louch um Widderstand vun der SPD. Déi hätt natierlech de sozialdemokratesche Spëtzekandidat Frans Timmermans léiwer um Poste gehat. Spëtzeleit vun der SPD schwätze vu "politescher Trickserei" a vun engem Grond, d'Koalitioun opzeléisen.

Wann d'SPD wierklech zu där Positioun steet, da muss se déi Grouss Koalitioun iwwer d'Nominéierung vun der Ursula von der Leyen elo verloossen. Da gëtt et u sech keng aner Alternativ méi. Et wier den Enn vun der Regierung, an et wier den Enn vun der Kanzlerschaft vun der Angela Merkel.