Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Steve Miller Band - Abracadabra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En Deel vum Terrain pachten"

Verkéierssécherheet

"En Deel vum Terrain pachten"

Fir de Weltdag vun de Verkéiersaffer huet d'Assocation des victimes de la route, d'AVR, eng Partie Fuerderungen opgestallt, wat geschéie muss, fir d'Stroosse méi sécher ze maachen, fir datt manner Leit stierwen oder blesséiert ginn.

auto_stories

3 min

An der leschter Legislaturperiod, de leschte fënnef Joer also, si 5.000 Persoune liicht op eise Stroosse blesséiert ginn, 1.400 Leit goufe schwéier blesséiert. 150 Leit hunn hiert Liewe gelooss. D'AVR, d'Assocatioun vun de Stroossenaffer weist drop hin, datt déi Zuelen impressionnant sinn, mee awer nach net d'Leed erëmginn, wat esou e schwéiert Accident op der Strooss mat sech bréngt.

Mobil Radare méi effektiv

Et geet drëm Accidenter e Maximum ze verhënneren, d'AVR huet sech d'Sécherheet op der Strooss op de Fändel geschriwwen. Virun zwee Joer goufen op strategesche Plaze fix Radaren installéiert, déi d'Vitess vun allen Autoen do kontinuéierlech iwwerpréiwen.

Do ass och sécher eppes geschitt, seet de Ramyond Schingten, President vun der AVR, et gëtt hei kloer méi lues gefuer. Déi mobil Radare wieren zwar méi effektiv, mee déi fix Radare géifen op deene Plazen installéiert ginn, wou dacks vill schwéier Accidenter geschitt sinn.

Méi streng géint Handy an Alkohol virgoen

D'AVR awer wënscht sech, datt een dat, wat een op de Radarbiller gesäit, voll ausnotzt. Et kann een do notamment iwwerpréiwen, ob de Chauffer de Rimm gedroen huet, oder um Handy war. Et war virgesinn, dëst ze benotzen, dat gouf dunn awer, wéinst Froe vun der Legalitéit fale gelooss.

Iwwerhaapt ass de mobillen Telefon der AVR en Dar am A. De Gebrauch dovunner misst méi streng bestrooft ginn, seet de Raymond Schingten. Et misst een de Leit den Handy fir eng gewëssen Zäit confisquéieren, wa si domat um Steier erwëscht ginn. Et wier nämlech net normal, datt een den Handy um Steierrad benotzt.

Nieft dem Handy ass awer och den Alkohol um Steier e Punkt, deen der AVR um Häerz leit. De Raymond Schintgen plädéiert hei fir d'Vision Zero. Et sollt ee sech dëser Diskussioun net verschléissen, mee bis elo wier op deem Punkt nach net vill geschitt. Et misst een hei an eng ganz aner Richtung goen, seet de President vun der AVR.

D'AVR fuerdert och, datt d'Cycliste besser sensibiliséiert solle ginn, virun allem d'Utilisateure vun den E-Biken, déi jo dacks a Gemengen zur Verfügung gestallt ginn. Et sollt een do op d'Droe vum Helm opmierksam maachen.

Terrain laanscht d'Strooss pachten

Fir de Weltdag vun de Verkéiersaffer huet d'AVR och e Pilotprojet presentéiert fir méi securiséiert Stroossen. Engersäits kéint ee Leitplanken dohi setzen, seet de Raymond Schingten. De Pilotprojet gëllt fir d'Streck tëschent Jonglënster an Eeschweller. D'AVR proposéiert, datt een en Deel vum Terrain laanscht d'Strooss pachte kéint. Hei géifen d'Beem da méi erageplanzt ginn.

Sou kann de Proprietär, beispillsweis e Bauer, weider vu sengem Terrain profitéieren, an d'Strooss géif hire Charakter vun enger Bamallee behalen, ouni datt de Bam e Geforepunkt op der Streck wier.

Verkéiersaccidenter sinn och e Käschtefacteur, esou d'AVR ... d'Fraisen, déi doduerch entstinn, sinn héich - ginn an den europäesche Societéiten op zwee Prozent vum PIB evaluéiert. Wat domat fir de Grand-Duché ronn eng Milliard Euro d'Joer bedeit.