Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Dram fir Investisseuren?

Immobiliemaart

En Dram fir Investisseuren?

Immobilië ginn als Investissement dacks als méi sécher ugesi wéi Obligatiounen oder Aktien. An dat besonnesch elo, an Zäite vu Brexit, Handelskonflikter, an anere geopoliteschen an ekonomeschen Onsécherheeten. Wéi attraktiv ass an deem Kontext de Lëtzebuerger Immobiliemaart fir Investisseuren?

auto_stories

4 min

Besonnesch Bürosgebaier si fir Investisseuren interessant. Foto: Bigstock / monkeybusinessimages.

D'Entreprise Jones Lang Lasalle ass spezialiséiert op Investitiounen an Immobilien. Si huet iwwer 82.000 Mataarbechter an iwwer 80 Länner, dorënner Lëtzebuerg. An hirem Rapport 2018 iwwer Lëtzebuerg heescht et de Lëtzebuerger Immobiliemaart hätt och zejoert nees Rekorder gebrach. De Volume vun den Transaktiounen hätt bal 2,2 Milliarden Euro erreecht.

Grouss Demande fir Büroen

Besonnesch intressant fir Investisseure wier zu Lëtzebuerg de Bürosmaart, seet den Direkter vu JLL Lëtzebuerg, Romain Muller. D'Demande fir Büroe wier nach ëmmer ganz grouss, wéinst dem héije Wirtschaftswuesstem.

Och de Brexit géif eng Roll spillen. Dësen Trend hätt ee schonn an de leschte 24 Méint kënne gesinn an déi grouss Nofro géif dësen Trend och confirméieren, seet de Romain Muller. "Mir hu Fongegesellschaften, déi duerch de Brexit eng Verlagerung op Lëtzebuerg gemaach hunn. Doduerch ass och eng gewëssen Nofro do vun deene Fongen, fir méi Substanz zu Lëtzebuerg kënnen ze hunn."

Héiche Rendement zu Lëtzebuerg

Investitiounen a Büroen zu Lëtzebuerg wieren och nach ëmmer rentabel, well de Rendement zu Lëtzebuerg méi héich wéi an aneren europäesche Länner wier.

Dëse Rendement kënnt natierlech och vun de Bürosloyeren. Déi sinn zejoert weider geklommen, op bis zu 50 Euro de Meter Carré pro Mount am Central Business District vun der Haaptstad, also um Boulevard Royal a ronderëm. Ëmmer méi Büroe géifen elo baussen dem Business Disctrict gefrot a gebaut ginn - de Ban de Gasperich, Stroossen, de Findel oder nach Esch-Belval wiere Beispiller.

D'Bürosloyere gi vum Taux de Vacance beaflosst - also wéi vill Bürosflächen eidel oder disponibel sinn. Wann dat der net vill sinn, an d'Demande héich ass, geet de Loyer an d'Luucht. Zejoert ass dësen Taux de vacance zu Lëtzebuerg weider gefall, op 3,4 Prozent: deen niddregsten Taux zanter der Kris vun 2008, sou Jones Lang Lasalle.

De Romain Muller seet, a verschiddene Quartiere géif et och um Bürosimmobiliemaart en Desequiliber tëschent de Locatairen an dem Proprietär ginn.

Kéng Penurie vu Bürosflächen

Dat kéint en negativen Afloss op de Wirtschafts- a Finanzstanduert Lëtzebuerg hunn, wann d'Bürosloyeren ze vill géife klammen, well Lëtzebuerg doduerch manner attraktiv wéi aner europäesch Stied wier, seet de Romain Muller.

Vun esou engem Zeenario, also enger Penurie vu Bürosflächen zu Lëtzebuerg, wier een awer nach wäit ewech, mengt de Romain Muller:

"1999 hate mir e Leerstand vu 0,5 Prozent. Dat war wierklech e Kappzerbrieches fir eng Firma, fir kënnen zu Lëtzebuerg ze wuessen. Well ausser eng Prelocatioun vun engem Gebai, dat am Bau war a wat 12 oder 18 Méint duerno geliwwert ginn ass, war et net méiglech, eng Bürosfläch ze lounen. An dovu si mir trotzdeem nach wäit ewech."

Steierlech Avantagë fir privat Leit

De Lëtzebuerger Wunnengsmaart wier besonnesch fir privat Investisseuren intressant. Si kënnen, wa si Wunnenge kafe fir se ze verlounen, ënner bestëmmte Konditiounen, nämlech sechs Prozent vum Invest während fënnef Joer vun de Steieren ofsetzen:

"Dir schreift 30 Prozent of iwwer fënnef Joer. An iwwer fënnef Joer hutt der 25 Prozent Wäertsteigerung. Also ass dat eng Steigerung, wa mir vum Ofschreiwungswäert erop kucken, bis uewen hin, vun iwwer 50 Prozent. Wat enorm ass."

Dës steierlech Avantagë gëllen net fir Investmentfongen an aner Investmentgesellschaften. Fir si wier et dofir manner interessant a Wunnengen zu Lëtzebuerg ze investéieren, well de Rendement net héich genuch wier. Länner wéi Däitschland oder Frankräich wiere méi interessant, grouss Investmentfonge géifen do komplett Gebaier kafen, sou datt méi Wunnengen an der Locatioun op de Marché kommen. Fir datt d'Loyeren net ze vill unhiewen, missten dorop keng Steiere bezuelt ginn.

Demande vu Frontaliere klëmmt

Wat de Lëtzebuerger Wunnengsmaart ugeet, konstatéiert d'Immobiliefirma Jones Lang Lasalle an hirem Rapport nach een Trend: Méi Frontalieren, virun allem aus Frankräich, wieren un enger Wunneng zu Lëtzebuerg interesséiert. De Stau wier ee vun de Grënn, mee och d'Steieren a Frankräich:

"Do hu mir dann d'Taxe d'habitation, mir hunn den Impôt foncier, mir hunn d'Tax um Radio, d'Tax um Fernseh, mir hunn Taxen iwwerall. A wa si higinn a soen, komm mir maachen emol eng Berechnung, op d'Joer gesinn, wat mir déi eng Säit vun der Grenz bezuele fir kënnen do ze wunnen, a mir vergläiche wat mir zu Lëtzebuerg bezuelen, dann ass déi Differenz net méi ganz grouss.