Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En Hëllefsfong fir Entwécklungslänner muss cibléiert sinn"

Joëlle Welfring op der COP27

"En Hëllefsfong fir Entwécklungslänner muss cibléiert sinn"

Éischt Texter weisen, datt et en Akkord gëtt fir ze probéieren, d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren. Mee Desaccorde gëtt et weiderhin zu engem méiglechen Hëllefsfong fir Entwécklungslänner, déi am Schlëmmste vum Klimawandel getraff sinn. D'EU huet sech fir esou e Fong ausgeschwat, Lëtzebuerg ass also automatesch och dofir.

auto_stories

3 min

De ganzen Interview mat der Joëlle Welfring lauschterenplay_arrow


Et ass hir éischt Welt-Klimakonferenz, an d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring gesäit elo, wéi ëmstridden esou eng COP ka sinn, a wéi een hei och no zwou Wochen Negociatiounen net op e gréngen Zweig kënnt.

Grouss Diskussioune brauchen Zäit

Déi grouss Industrie-Länner riskéieren nees d'Roserei vun den Entwécklungslänner ze spieren, well si mussen hei haart negociéiere fir hire Kampf géint de Klimawandel finanzéiert ze kréien.

Och wann een heiansdo den Androck hätt, et misst méi séier goen, seet d'Joëlle Welfring, datt ee mierkt, wéi vill hanner esou Diskussioune stécht:

"[...] wéi vill Iwwerzeegungsaarbecht et brauch fir esou vill verschidde Parteien - mir sinn zu 198 - verschidde Länner an Instanzen hei, déi sech mussen eenegen, mat ganz verschiddene Kulturen, mat ganz verschiddenen Hannergrënn, och wirtschaftlechen Entwécklungsniveauen, dann ass dat normal, datt dat net an engem Dag gedoen ass."

D'Ëmweltministesch huet also eng positiv Aschätzung bis elo vun enger Welt-Klimakonferenz, déi d'Divisiounen tëschent Aarm a Räich nees kloer gewisen huet.

Entwécklungslänner fuerderen Hëllefsfong

D'Entwécklungslänner, déi am meeschten un de Suite vun der Äerderwiermung leiden, wëllen en neie Fong, deen hinnen hëlleft sech un d'Schied unzepassen an dee si fir Verloschter kompenséiert.

Och d'Joëlle Welfring empfënnt et als eng Enttäuschung, datt am Beräich vun der Klimakris net déi Efforte gemaach ginn, déi fir dës Länner gebraucht wieren. Et géif een hir Säit verstoen an datt e staarke Geste gefuerdert gëtt, mee op der anerer Säit géifen et och nach vill Diskussioune ginn vun der Säit vun der EU:

"[...] wat mir brauchen ass net nach en Instrument oder e Fong dobäi, mee wa mir ee maachen, da muss en awer och cibléiert sinn, datt e wierklech déi Länner dann och cibléiert, déi wierklech am meeschten Ënnerstëtzung brauchen."

Domat ass e Land wéi China net gemengt, e Land dat offiziell en Entwécklungsland ass, mee éischter Suen an de Fong stieche soll, ewéi se ze kréien.

Fong kéint Lëtzebuerg 324 Milliounen am Joer kaschten

D'ONG ASTM Action Solidarité Tiers Monde seet, esou eppes géif Lëtzebuerg reng theoretesch 324 Milliounen Euro am Joer kaschten. Den Ëmweltministere huet nach keng Zuel.

D'Lëtzebuerger Delegatioun bleift bis e Sonnden, bis da misst en Akkord stoen.