Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En historescht Treffen

Auslandschronik

En historescht Treffen

Den US-President Donald Trump an de nordkoreanesche Leader Kim Jong-un solle sech den 12. Juni zu Singapur gesinn. Mee dat historescht Treffen ass elo seriö a Fro gestallt. "Et ka sinn, datt et net klappt", sot den amerikanesche President gëschter am Wäissen Haus.

auto_stories

2 min

Och d'Wäisst Haus schéngt endlech erausfonnt ze hunn, datt Diplomatie mat engem Land wéi Nordkorea net einfach ass. Déi lescht puer Wochen hat een d'Impressioun, datt d'Trump-Regierung fir d'éischte Kéier héieren huet wéi vill, oder éischter wéi wéineg, een dem Regime vum Kim Jong-un ka vertrauen. D'Wäisst Haus huet dëse Rapprochement mat Pyongyang mat besonnesch vill Naivitéit an Optimismus gemaach.

Historesch sollt de Sommet sinn, eng Méiglechkeet Fridden ze schafen, net nëmmen op der koreanescher Hallefinsel, mee firwat net, esouguer am Rescht vun der Welt. Dat sinn d'Wierder an d'Iddie vum Donald Trump, déi elo zu enger Realitéit gemaach gi sollen. Den Donald Trump wollt sech onbedéngt mam Kim Jong-un treffen. Den Haaptgrond dofir ass keen Anere wéi de Fait, datt säi Virgänger de Barack Obama et net gemaach huet.

De Contraire vum Obama

Et huet net vill Wäert do vill weider Analysen ze maachen. D'Aussepolitik vum Donald Trump ass de Contraire vun där vum Barack Obama. Nordkorea ass do just ee weidert Beispill.

D'Chance vum US-President Trump Geschicht ze maachen ass elo méi kleng ginn, nodeems hie selwer huet missen erausfannen, datt et net esou einfach ass Pyongyang z'iwwerzeegen sech vu sengem Atom-Programm ze trennen.

Widderspréchlech Aussoen

An esou ass et elo offiziell, och vu Säite vum Wäissen Haus. Dat historescht Treffen zu Singapur kéint guer net geschéien. Den Trump sot, datt et gutt Chance gëtt, datt d'Treffe guer net geschitt. Mee a 40 Minutte mat der Press am Oval Office huet de President och gesot, datt de Sommet kéint méi spéit iwwert d'Bühn goen. A dunn sot hien de Contraire vun deem, wat hien e puer Minutte virdrun deklaréiert hat. Et gëtt och grouss Chancen, datt d'Reunioun kéint trotzdeem den 12. Juni organiséiert ginn.

Bei esou wéineg konkreten Informatioun muss een iergendwou anescht kucke fir eng méi kloer Linn vun der Regierung. Den Ausseminister Mike Pompeo sot e puer Stonnen nom Donald Trump sengen Deklaratiounen, datt d'USA weiderhi plangen de Sommet den 12. Juni z'organiséieren.

D'Zukunft vun der Hallefinsel steet um Spill

Déi konfus Annoncë vun der amerikanescher Regierung koumen um Dag vun der Visite vum südkoreanesche President Moon Jae-in zu Washington. Och hie well onbedéngt, datt den Trump an de Kim sech treffen. De Moon wëll weisen, datt d'Diplomatie mat Nord-Korea méiglech ass, an den Donald Trump ass do am Moment de beschte Partner.

De President vu Südkorea sot am Wäissen Haus, datt mam Sommet zu Singapur d'Zukunft vun der koreanescher Hallefinsel um Spill steet. E bësse méi Drock fir e Wäisst Haus, dat virun eisen eegenen Aen entdeckt, wéi et ass mat Nordkorea ëmzegoen.