Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - On Dit Que l'Argent Parle Feat. DJ Kwistax

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En "Hyper-lieu" fir alles

Luxexpo-the box

En "Hyper-lieu" fir alles

En neien Numm, en neit Konzept an en neie Generaldirekter. Och an Zukunft bräicht Lëtzebuerg d'Ausstellungshalen, seet de Morgan Gromy. 20 Milliounen Euro huet d'S.A. Luxexpo an d'Renovatioun vun den Infrastrukturen an an den neie Projet investéiert.

auto_stories

2 min

Déi 36.000 Metercarré Ausstellungsfläch vun der Luxexpo-the box hätten och am digitalen Zäitalter eng wichteg Roll ze spillen. Anescht wéi den Internet géifen d'Ausstellungshale Mënschen zesummebréngen. Dem neie Konzept no sollen Evenementer ronderëm en Thema op ville Pläng deklinéiert ginn: Kommerziell, kulturell an als Erliefnis.

The Box: eng eidel Këscht fir jiddereen

"An eng Këscht kann een alles maachen. Mir sinn eng eidel Infrastruktur, wou ee maache kann, wat ee wëllt. Bei eis ass de Client bei sech", seet deen neie Generaldirekter, deen op den éischte Januar als Generaldirekter d'Successioun iwwerholl huet vum Jean-Michel Collignon.

Och déi aner grouss europäesch Stied an Haaptstied hätte grouss Ausstellungshalen, seet de Morgan Gromy. Et géing eng reell Demande ginn, bis 450.000 Visiteuren d'Joer an iwwert 2.000 Entreprisen, déi op d'Infrastrukture géifen zéckgräifen. An Zukunft géif et drëm goen, nei Mäert z'erueweren. Dobäi géif et och ëm d'Promotioun vu Lëtzebuerg goen.

Finanzen: Eng strukturell Perte

Luxexpo-the box huet déi lescht dräi Joer 20 Milliounen Euro an d'Modernisatioun vum Site investéiert. Aktuell hätt d'S.A. e strukturellen Defizit. An zwee bis dräi Joer rechent een erëm mat engem equilibréierte Bilan, seet de Morgan Gromy. D'Societéit hätt den Avantage, kee Benefice mussen ze maachen. D'Zil wier et, käschtendeckend ze sinn.

Dräi Méint gëtt sech de Morgan Gromy Zäit, fir d'Objektiver vum neie Konzept ze finaliséieren an d'Objektiver ze clarifiéieren. Zwee Geschäftsziler wieren awer elo scho kloer: D'Lëtzebuerger Ekonomie hëllefen z'entwéckelen an international Acteuren op Lëtzebuerg unzezéien.

En neien Acteur an der Kultur?

Et géif ee sech net a Konkurrenz mat anere kulturellen Acteure gesinn. The Box wier en "Hyper-lieu", wou ronderëm eng Thematik verschidden Evenementer kënne stattfannen. Beispill Vakanzefoire, wou wirtschaftlech, kulturell a festiv Elementer zesumme kéimen. Et géif een net geziilt exklusiv kulturell Evenementer wëllen offréieren - ausser am Beräich vun de Concerten. Selwer wier een awer net Organisateur, mä et géif een de Sall verlounen, zum Beispill un den Atelier.